Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng kleng Hëllef bei der Identifikatioun vu betounte Silben

KURIOSITÉITEN AUS DER LËTZEBUERGER SPROOCH

Eng kleng Hëllef bei der Identifikatioun vu betounte Silben

D'Caroline Döhmer, Linguistin am Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, iwwer d'Silbebetounung, am Lëtzebuergeschen: e Krittär, dee wichteg ass fir richteg Lëtzebuergesch ze schreiwen.

auto_stories

4 min

Simon Larosche: Haut schwätze mer iwwer Silbebetounung, eppes, wat sech natierlech super iwwer de Radio erkläre léisst. Mee so mol, firwat ass et wichteg ze wëssen, wat eng betounte Silb ass?

Caroline Döhmer: D'Silbebetounung ass am Lëtzebuergeschen e Krittär, dee wichteg ass, fir richteg Lëtzebuergesch ze schreiwen.

Wat huet d'Silbebetounung da mat Orthografie ze dinn? Du muss entschëllegen, datt ech mech bei der lëtzebuergescher Orthografie guer net gutt auskennen.

Als éischt: Dat ass guer net schlëmm! Dat geet sécher ville Leit esou an et brauch einfach e bëssi Zäit, bis d'Rechtschreiwung am Lëtzebuergesche bei de Leit richteg sëtzt an d'Reegelen eeben och enseignéiert ginn.

Lo nees zréck bei d'Betounung: D'Wuert "betount" resp. "onbetount" kënnt 64-mol am Text vun der Lëtzebuerger Orthografie vir. Dat weist schonn, datt dat eng zentral Kategorie ass, fir Wierder richteg ze schreiwen. Méi genee geet et drëm, ob e Laut an enger betounter Silb steet oder net. Ech wëll lo hei manner op déi orthografesch Reegelen agoen, mee ech wëll vill méi weisen, wéi een eng betounte Silb iwwerhaapt identifizéiert. Fir unzefänke muss ech awer lo eng Reegel kuerz huelen, fir dat ze illustréieren.

Da looss se mol kommen.

Also, kucke mer mol eng Kéier d'Reegel vum laangen "e". Do heescht et: "De laange Vokal e gëtt am Lëtzebuergeschen ee geschriwwen, wann e betount ass oder a bestëmmten Endsilbe steet."

A wat heescht dat konkreet?

Dat mat der Endsilb klameren ech hei mol aus, dat ass einfach déi lescht Silb vum Grondwuert. Fir déi Saach mat der Betounung beim laangen e sichen ech elo bewosst méi laang Wierder eraus, well do méi Silbe sinn an een dat do besser illustréiere kann.

Mer hätten elo zwee Wierder mat engem laangen e: "akadeemesch" a "schematesch".

An da stellt sech d'Fro: Wéi eng Silb ass betount? Mer hunn een Adjektiv mat 4 Silben (a-ka-dee-mesch, hei kann een och klappen, fir d'Silbenzuel erauszefannen) an eent mat 3 Silben (sche-ma-tesch). Hei weisen ech iech haut 3 Strategien, fir déi betounte Silb ze identifizéieren: De Pëspertest, de Mond-zou-Test an den Alles-testen-Test.

Dee leschte kléngt gutt, mee maach se mol der Rei no!

Beim Pëspertest, wéi d'Wuert et scho seet, pësperen ech d'Wuert a kucken, wéi eng Silb am prominentste kléngt: akaDEEmesch, scheMAtech. Hues de et héieren?

DEE a MA.

Genee. Dat ass dann och déi Silb, wou ee beim Schwätzen einfach am meeschte Loft brauch. Beim Mond-zou-Test stellt ee sech vir, datt een eng Schlupp Waasser am Mond huet an d'Lëpsen an d'Zong dofir kaum beweege kann. An da sot der d'Wuert quasi just mat der Stëmm, also just mat senger Melodie. An do, wou d'Stëmm eropgeet, dat ass déi betounte Silb:
Also bei akadeemesch wier dat: →→↑→. A bei schematesch hu mer: →↑→.

Et kann ee sécher och einfach Waasser an de Mond huelen an dat testen?

Jo, dat geet och, mee dann dierf een net laachen, soss gëtt et Sauerei. An natierlech kann een och einfach summen, also et geet eeben drëm, de Mond zou ze loossen a just d'Stëmm ze benotzen

An dee leschten Test?

Dat ass den Alles-testen-Test an deen ass mäi perséinleche Favorit. Hei geet et drëm, datt een d'Wuert ëmmer op enger anerer Silb ganz däitlech betount. An dir wäert mierken, datt et eigentlech just eng Aussprooch gëtt, déi da richteg kléngt.

Du wëlls eis dat elo sécher eng Kéier virmaachen!

Sou ass et! Bleiwe mer mol beim Wuert "schematesch":
↑SCHEEmatesch - sche↑MAtesch - schema↑TESCH.

Beim 2. hunn ech et richteg héieren! Och wann déi aner zimmlech witzeg kléngen!

Dat selwecht kënne mer och bei "akadeemesch" maachen:
↑Akadeemesch - a↑KAdeemesch - aka↑DEEmesch - akadee↑MESCH

Deen zweetleschte war gutt.

A schonn hues de déi betounte Silb fonnt!

Okay, mer kennen also lo déi betounte Silb vun dësen zwee Wierder. Mee wat bedeit dat elo mam laangen e?

Bei "akadeemesch" gëtt den <e> verduebelt, well e laang ass an an der betounter Silb steet (akaDEEmesch).

Bei "schematesch" allerdéngs net, well do d'Betounung um <ma> ass. Den <e> ass zwar relativ laang, mee net betount (scheMAtesch).