Radioen

On air

Notturno  |  Nashville Ambient Ensemble - Horizon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eis feelt d'Jugend"

Darts

"Eis feelt d'Jugend"

Dëse Freideg geet zu London am Ally Pally d'Darts-WM un. Bis den 1. Januar wäerten nees déi bescht Darts-Spiller vun der Welt ëm den Titel spillen. Wéi geet et deem Sport zu Lëtzebuerg?

auto_stories

2 min

D'Darts-Federatioun hätt verschidde Problemer, seet de Vizepresident Tom Becker: et géif een zum Beispill net genuch finanziell Ënnerstëtzung kréien, wéi et bei anere klenge Federatiounen de Fall wier. Dofir wier een op Sponsoring ugewise fir d'Nationalekipp an d'Ausland ze schécken oder fir Tournoien ze organiséieren.

Donieft hätt een och Schwieregkeete jonk Spiller ze fannen. Dat hätt och domadder ze dinn, datt den Darts zum Deel nach ëmmer eng Cafés-Sportaart wier, och wa verschidde Clibb e Sall vun der Gemeng kritt hätten. Jonker ënner 18 Joer brauchen a Caféen eng Begleetpersoun, seet den Tom Becker.

National Turnéier

De Moment spillen am Lëtzebuerger Championnat 31 Ekippen, déi op 17 Clibb opgedeelt sinn, am Ganze sinn et 264 Spiller, déi eng Lizenz hunn.

Nieft dem Championnat organiséiert d'Federatioun och nach sougenannte Ranglëschten-Tournoien iwwer d'Joer, bei där sech jiddwereen umellen a matspille kann. Deen Éischte vun der Ranglëscht gëtt um Schluss vum Joer da Landesmeeschter.

Eng gutt Zäit op der WM hunn

Dëse Freideg geet am Alexandra Palace zu London, oder wéi et bei den Darts Fans heescht, den Ally Pally, d'Darts-WM un. 96 Spiller wäerten dann ëm den Titel spillen, woubäi et da wuel nees drëms goe wäert deen Éischte vun der Weltranglëscht, den Hollänner Micheal Van Gerwen, ze schloen, deen och Titelverdeedeger ass.

Et muss een zu der WM soen, et ass en Tournoi bei deem net nëmmen de Sport am Virdergrond steet, mee fir vill Spectateure geet et och drëms einfach eng gutt Zäit ze hunn. Si verkleede sech a wärend de Matcher ginn och ëmmer nees Lidder ugestëmmt, mat deenen een d'Spiller ënnerstëtzen oder sech selwer feiere wëllt.

Et brauch ee vill Prezisioun

Och wann et grad bei esou engem Tournoi wéi der Weltmeeschterschaft heiansdo esou ausgesäit, wéi wann et nëmmen eng grouss Party wier, wier den Darts schonn e Sport, seet den Tom Becker vun der Darts-Federatioun. Et wier vill Prezisioun néideg a fir mat deene Beschte matzespillen, misst ee pro Dag e puer Stonnen trainéieren.

Ass et dann iergendwa realistesch, datt et e Lëtzebuerger Profi am Darts-Sport gëtt, deen da vläicht béi der Weltmeeschterschaft kéint matmaachen? Den Tom Becker mengt, datt een zwar zimmlech wäit dovunner ewech wier, mee datt et net onrealistesch wier. Darts wier eng Eenzelsportaart, mee et misst ee vill Zäit a Suen investéieren.