Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een/en, där/der, doduerch/derduerch

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Een/en, där/der, doduerch/derduerch

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eppes iwwer staark a schwaach Formen am Lëtzebuergeschen, beim Indefinitartikel a bei anere Pronomen an Artikelen.

auto_stories

3 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Mer haten elo déi lescht zwou Episoden iwwer staark a schwaach Artikele geschwat an du sos, datt et haut en drëtten Deel gëtt.

Caroline Döhmer: Ganz genee. Mer hate beim Staark-schwaach-Theema bis elo de Fokus op den Definitartikel gesat, also Fäll wéi: déi Adress an d'Adress. Eng Kéier goung et ëm d'Phenomeen u sech an eng Kéier hat ech nach d'Saach erkläert, wann en Adjektiv hannerum definiten Artikel steet, wéi bei "déi nei Adress".

An haut kucke mer da bestëmmt nach aner Artikelen, oder?

Genee, beim indefiniten Artikel fanne mer dat och, awer do hu mer insgesamt just véier Formen (een, eng, engem, enger), well mer kee Pluriel hunn, a just eng eenzeg Form mat enger schwaacher Variant. Déi eng-Forme kënnen net weider reduzéiert ginn (et ass ëmmer "eng Forschett"), just d'Form "een" huet déi schwaach Variant "en". Also ech ka soen: ee Messer oder e Messer.

Hei kënnt nach derbäi, datt den onbestëmmten Artikel jo quasi d'Zuelwuert "eent" ass. Ech hu just ee Béier gedronk. Wann d'Zuelwuert gemengt ass, dierf ech net "en" benotzen. Wann ech awer einfach iwwer eppes Indefinites, also eppes Neies oder Onbekanntes schwätzen, da kann ech och soen: Ech hu mer e Béier bestallt. Hei trëtt den Artikel e bëssen an den Hannergrond a léisst déi aner Elementer am Saz d'Haaptinformatioun droen.

Wa mer den onbestëmmten Artikel als Pronome benotzen (ouni Substantiv), dann dierf ech och hei nees just déi staark Form huelen: Ech hat nach ee bestallt. Dat gëllt och fir den "een" am Sënn vun DE "man": Dat seet een net.

Ok, hu mer nach aner Formen, déi staark oder schwaach kënne sinn?

Jo, bei de Partitivformen hu mer dat och.

Partitiv. Wat war dat nach eng Kéier?

Partitiv si Konstruktioune mat "däers/es" an "där/der". Also fir de Botter kënne mer soen: Kanns de mer däers / es matbréngen. Oder fir d'Kamellen: Kanns de mer där/der matbréngen?

Beim Partitivatikel fanne mer just déi staark Form: Kanns de mer däers Botter matbréngen? (an net: *es Botter)

Kanns de mer där Kamelle matbréngen? (an net: *der Kamellen)

Déi schwaach Formen "der" an "es" sinn also just pronominal. Dat ass esou gesinn anescht wéi bei de Fäll, déi ech bis elo beschriwwen hunn. Hei war de pronominale Gebrauch op déi staark Forme beschränkt.

Elo nach en Detail fir de Sazbau: Wann ech mäi Partitivpronomen am Saz ganz no vir stellen, da muss ech ëmmer déi staark Form huelen: Däers muss de kee matbréngen!

Mer haten also elo staark a schwaach Forme beim bestëmmten Artikel, beim onbestëmmten Artikel a bei Partitivpronomen. Wou nach?

En anere Beräich mat staarken a schwaache Forme si verschidde Pronominaladverbien: domat / dermat, doduerch / derduerch, asw. Also d'Oppositioun "do-" versus "der-" an der Kombinatioun mat enger Prepositioun. Och hei spillt d'Betounung an d'Ervirhiewung am Saz eng zentral Roll bei der Verdeelung.

Am Ufank vum Saz muss allerdéngs ëmmer "do" stoen: Domat hat kee gerechent. An net: *Dermat hat kee gerechent. An och gutt oppasse bei der Koppel "dobäi/derbäi". Well déi staark Form "dobäi" kann och e konzessiivt Adverb sinn, dat e Géigegrond aleet: ech krut eng Datz, dobäi hat ech esou vill geléiert!

Ginn et och Pronomen ouni schwaach Form?

Eng Rei Pronomen an Artikelen hunn effektiv guer keng Staark-schwaach-Oppositioun:

  • Indefinitpronomen/-artikelen (mat Negatioun): keen (kee Schwäin an net: *ke Schwäin, wéi bei "ee Schwäin/e Schwäin").
  • Demonstrativpronomen/-artikelen: dës (ass jo schonn e Reduktiounsvokal)
  • Possessivpronomen/-artikelen: mäin, seng, eis
  • Relativpronomen: déi, dat (brauche Kraaft als Sazglidd am Ufank vum Niewesaz).

An et ass wéi ëmmer, als Mammesproochler maache mer dës Ënnerscheeder ganz intuitiv, ouni grouss driwwer nozedenken!