arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eeërsich, Glace a Cassis

Den 100,7-Klassesall

|
reading time

2 min

Eeërsich, Glace a Cassis

Kuerz virun Ouschtere gi mer nach eng Kéier an den 100,7-Klassesall. Dës Kéier kréie mir erkläert, wéi Ouschteren dëst Joer gefeiert gëtt, mir maachen zesumme Glace, a mir ginn Eeër sichen.

reading time

2 min

Noriichten

Haut ass Karfreideg. Normalerweis ginn zu Roum am Vatikan dausende Leit erwaart, déi fir d'Ouschterfest un enger Mass wëllen Deel huelen. Dëst Joer stinn d'Kierchen awer all eidel. Fir vill Mënschen op der Welt ass Ouschteren ee wichtegen Ament. Dëst Joer gesäit et awer aneschters aus wéi soss. D'Carole Schimmer aus der Noriichteredaktioun seet iech, wéi Ouschteren dëst Joer gefeiert gëtt.

play_arrow Lauschteren

Eeërsich am natur musée

De Sonndeg ass Ouschteren, an do muss ee jo Eeër sichen ... an dat kann ee ganz gutt maachen am natur musée. Wéi? Wou? Dat verréit eis elo direkt de Patrick Michaely!

play_arrow Lauschteren

Pass op et brécht

Kanner, wësst dir, wat MNHA bedeit? Dat ass eng Ofkierzung fir Musée national d'histoire et d'art. Op Lëtzebuergesch: Nationalmusée fir Geschicht a Konscht. Uii: dat kléngt awer feierlech? E wéineg steif? U sech ass et am MNHA awer gemittlech. Dat läit vläicht dorunner, datt do och ganz gewéinlech Saachen ausgestallt ginn, zum Beispill Objeten, déi viru laanger Zäit am Alldag benotzt goufen. Firwat, erkläert iech elo d'Katia Schrobiltgen aus dem MNHA.

play_arrow Lauschteren

Mir maache Glace!

Den Ouschterweekend steet viru der Dier an dofir huet de Mister Science, de Joseph Rodesch, sech geduecht, léif Kanner, dat ass déi richteg Occasioun fir Glace ze maachen. Dir braucht en Dëppche mat Äiswierfelen, grafft Salz, zum Beispill eng Chips-Këscht an e Milk-Shake mat ärem léifste Goût. Sou an de Jean Claude Majerus huet e Mister Science gefrot, wéi een dann elo déi Glace mécht.

play_arrow Lauschteren

Tania Hermann liest aus "Cassis"

An elo komme mir bei de 5. Deel vum Francis Kirps senger Geschicht "Ein Hund namens Cassis". Elo wësse mir firwat d'Geschicht esou heescht, mee ob dem Tom seng Mamm elo frou ass, en Hond amplaz eng Fläsch Cassis ze gesinn? Dat verréit eis d'Tania Hermann.

play_arrow Lauschteren