Mëllerdall Ee Joer no den Iwwerschwemmungen

Hefteg Iwwerschwemmungen hu virun engem Joer vill Schued an der Tourismusregioun Mëllerdall ugeriicht.

Stephan Polet / cbi

Cigalon

Zanter dësem Méindeg ass d'Strooss vu Bäerdref op Iechternach nees op. Virdrun war d'Duerf just vu Konsdref aus ze erreechen. Vill Wanderweeër an der Regioun waren zerstéiert an Haiser iwwerschwemmt ginn. Ee Joer méi spéit schéngt een iwwer de Bierg ze sinn. An trotzdem steet nach Aarbecht un, éier nees alles sou ass, wéi virdrun.

Lauschtert de Reportage vum Stephan Polet.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Stephan Polet
Lauschteren

Méi zum Thema

Mëllerdall Schued u Wanderweeër
De Stroossenzoustand no den Iwwerschwemmungen

D'Iwwerschwemmungen aus de leschte Wochen an Deeg hunn vill Schied u verschiddene Stroossen gemaach. Ponts et Chaussées hunn d'Analys vun der Situatioun gemaach a reparéieren. E Bilan!

Iwwerschwemmungen
Héichwaasser 1. Juni 2018

Wéinst dem ville Reen an der Nuecht vun Donneschdeg op e Freideg, virun allem am Mëllerdall, ass d'Krisen-Zell vum Haut Commissariat à la protection nationale aktivéiert ginn. Een Iwwerbléck, Hannergrondinformatiounen a Reaktiounen.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen