Radioen

On air

De Moien  |  De Rëmelenger Arboretum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E ganz besonnesche Laut am Lëtzebuergeschen: de Schwa

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

E ganz besonnesche Laut am Lëtzebuergeschen: de Schwa

Et geet nees ëm eng Kuriositéit aus der Lëtzebuerger Sprooch. Dës Kéier e Laut. D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch verréit méi iwwer de "Schwa".

auto_stories

4 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Wéi ee Laut wëlls de eis dann haut beschreiwen?

Caroline Döhmer: ëëëëëëë

Weess de net méi, wéi een et war?

Dach dach, dat ass de Laut: ëëëë. An als eenzege Laut huet deen esouguer en Numm! De Schwa.

Schwa?

Schwa. Deen heescht och an anere Sprooche Schwa.

Wouhier kënnt deen Numm?

Deen Numm kënnt aus dem Hebräeschen (šěwā') an heescht esou vill wéi "Vokal mat engem onbestëmmte Klang". Kléngt bësse faul, ass awer ganz spannend.

Firwat ass de Klang dann onbestëmmt?

Also hei kënne mer nees e Lautexperiment maachen: Wann s de elo mol däi Mond an alles am Mond labber léiss: Lëpsen, Zong, Baken. An elo léiss de de Kifer entspaant opstoen. An da produzéier ouni besonnesch Ustrengung e Laut.

ëëëë.

An do ass en, de Schwa. Méi neutral geet et net vun der Artikulatioun hier! Am phoneeteschen Alphabet huet en och e léift Zeechen. Et ass nämlech einfach e klengen "e", deen op der Kopp steet, wéi wann en en hallwe Kopplabunz gemaach hätt.

An dee Laut, also de Schwa, ass och iergendwéi typesch Lëtzebuergesch.

Firwat? Well mer sou dacks "ëëëë" soen?

Am Lëtzebuergesche kënnt en och einfach an immens ville Wierder vir: fënnef, Mëllech, Hëllef, kënnen, gëttlech, Chrëschtkëndchen, stëppelen, tëschent, Dëlpes, rëselen. Dat si lauter Wierder, bei deenen de Vokal ëmmer e Schwa ass! Ech fannen dat super.

A vill Leit kennen de Schwa och, well en am Lëtzebuergeschen dee schéinen <e> mam Treema huet. Also den Treema kënnt ëmmer dann, wann de Schwa an der betounter Silb steet. An hei hu mer schonn déi nächst Kuriositéit.

E Schwa ass nämlech an deene meeschte Sproochen, déi mer kennen, just an den Niewesilben, also deen dierf a ville Sprooche guer net an der betounter Silb stoen.

Am Däitsche schwätzt ee vu sougenannte Reduktiounssilben, wou de Schwa dra virkënnt. Dat ware viru villen honnert Joer emol voll Vokaler wéi en <i>, déi dann an der Niewesilb zu Schwa ofgeschwächt gi sinn. Esou gouf aus dem Wuert "gibirgi" > "Gebirge". Den "i" ass just an der betounter Silb stoe bliwwen, déi aner Lauter sinn e Schwa ginn (hei iwwregens eng schéi Kollektivbildung aus "Berg" mam däitschen Zirkumfix Ge-e, wann der d'Episod 50 vun der leschter Woch gelauschtert gutt, erkennt der hei d'Gesamtheet vun de Bierger, déi mam Zirkumfix däitlech gemaach gëtt: Ge-birg-e).

Och am Englesche fënnt een de Schwa a villen onbetounte Silben oder a klenge Funktiounswierder, déi kee Sazakzent kënnen hunn, besonnesch am British English. An hei dierfs de mer direkt eppes virliesen.

A private function, a difficult level.

Sechs Wierder, sechs Schwaen. A well de Schwa ëmmer an enger onbetounter Silb steet, gëtt et do e Linguistewitz.

Komm, ziel eis deen.

Also d'Betounung ass am Englesche jo "stress" a wann eng Silb onbetount ass, wéi déi mam Schwa, dann ass se "unstressed". An dofir ass de Witz "I want to be a schwa, because it's never stressed."

An de Lëtzebuerger, dee laacht guer net driwwer.

Well en de Witz net versteet?

Dat ka sinn, mee virun allem, well dat fir d'Lëtzebuergescht guer net wouer ass. Kuck emol déi Wierder, déi ech am Ufank genannt hat: fënnef, Mëllech, Hëllef, kënnen, gëttlech, Chrëschtkëndchen, stëppelen, tëschent, Dëlpes, rëselen. Hei ass de Schwa och allkéiers an der betounter Silb an deemno och "stressed".

Mee och als Laut eleng léisst sech de Schwa wonnerbar asetzen fir Emotiounsausdréck:

Nodenken (ëëëëë), Verwonnerung (ë!) oder de beléiften "no way" (ë, ë!).

Déi kennen ech allen dräi!

Do ginn et der nach e puer, wou d'Bedeitung dann dovun ofhänkt, wéi meng Tounhéichten an de Verlaf vum Laut sinn.