100,7-Klassesall E Blannschlécher, Aarbechtszäiten an eng Fënster

Den zweet-leschte Klassesall fir dës Woch steet haut um 2. Abrëll 2020 um Programm. An wéi all Dag ass och haut, léif Kanner, bei jiddwerengem déi grouss Motivatioun ze spieren.

100,7-Klassesall
Foto: Element5 Digital / Unsplash

News for Kids

An den News for Kids geet et ëm Aarbechtszäiten, well op der Aarbecht gesäit et dëser Deeg wéinst dem Coronavirus ganz aneschters aus wéi soss. D'Regierung huet deenen enge gesot, si dierften net méi schaffen, an deenen aneren huet d'Regierung gesot, si dierfte méi laang schaffen.

D'Carole Schimmer aus eise Noriichteredaktioun erkläert iech déi Situatioun.

Lauschteren


Der Blannschécher op der Spuer

Et ass dat Déier, dat wéi eng Schlaang ausgesäit, awer et ass keng Schlaang. En Déier, dat dir och hei zu Lëtzebuerg fannt. Et ass de Blannschlécher an d'Martine Hoffmann vum natur musée weess vill iwwer dat d'Déier z'erzielen an dir, Kanner, wësst dann och, wann dir emol e Blannschlécher gesitt, datt och wann e wéi eng Schlaang ausgesäit, et awer e Reptil, eng Eidechs oder e Krokodil ass.

Lauschteren


Ech gesinn eppes, wat s du net gesäis

De Mudam, de Musée fir modern Konscht um Kierchbierg, proposéiert iech eng Serie, déi nennt sech "Ech gesinn, wat s du net gesäit " An do stellt sech ee Konschtwierk selwer vir, an dir kënnt et duerno esou molen, wéi dir iech et virstellt, an eis dann äert Bild iwwer klassesall@100komma7.lu eraschécken.

Lauschteren


Gelies an erzielt - De Grüffelo

Kennt dir de Grüffelo? Ma déi kleng frech Maus huet och gemengt, et géif hie just an hirer Fantasie ginn, mee et kënnt jo ëmmer alles anescht. Lauschtert der klenger Maus hir Aventuren, d'Paule Rodesch aus eiser Noriichteredaktioun erzielt iech d'Geschicht.

De Grüffelo ass eng Geschicht vun der brittescher Schrëftstellerin Julia Donaldson. Op Lëtzebuergesch koum d'Buch bei Editions Binsfeld eraus. De Grüffelo gouf vun der Martine Schoellen op Lëtzebuergesch iwwersat.

Lauschteren


D'100,7-Aufgab vum Dag - Eis gebaute Welt-Doheem

Et ass eben esou, a mer kënne näischt drun änneren, an et soll een dat bescht draus maachen. Well mer den Ament jo all mussen doheem bleiwen, profitéieren mer dovun eis Nascht, also eist Doheem emol richteg ze entdecken a kennenzeléieren, an dat ass dann och schonn de Fong vun der 100,7-Aufgab vum Dag, zesumme mam Script. Der Architekturproff Martine Bintner geet et dobäi ëm e ganz besonnesche Baudeel vum Haus, dee mer brauche fir Kontakt mat der Welt dobaussen ze hunn.

All Wunneng oder all Haus, egal wéi grouss oder kleng et ass, huet esou eppes. Rieds geet natierlech vun der Fënster. An d'Aufgab ass et, fir är léifste Fënster vu baussen a vu bannen esou schéi wéi méiglech ze rëschten an eng Foto dovun ze maachen. An déi Foto schéckt dir dann op challenge@script.lu

Lauschteren


Mir schreiwen zesummen e Buch

An dann um Enn nach déi Rubrik, op déi mer all ganz virwëtzeg sinn, nämlech wéi geet et weider mam Buch, dat mat iech Kanner zesumme schreiwen. Mer sinn also beim 4. Kapitel vun eisem Buch ukomm. De Roland Meyer huet eis jo dat véiert Kapitel virgelies, an elo koumen dann nei Detailer iwwer d'E-Mail klassesall@100komma7.lu eran, wéi d'Geschicht kéint weidergoen.

Op alle Fall huet de Roland Meyer eis verroden, datt d'Sanni an de Raphael sollen an der Hiel weidergoen, oder et gëtt gemengt, déi "Gestalt" wär nach baussent der Hiel, an ee Kand huet och ganz schéi Gefiller beschriwwen. Mer kënnen deemno op dat 5. Kapitel muer am Klassesall elo scho gespaant sinn.

Lauschteren


Ech hoffen iech geet et wéi eis hei um Radio, mer freeën eis elo schonn op de Klassesall vu muer. A wann dir eis är Iddie wëllt eraschécke oder eis soss wëllt eppes soen, oder är Zeechnungen, da kënnt dir alles iwwer d'E-Mail Adress klassesall@100komma7.lu maachen.

A wann dir iech e Musekstitel wëllt wënschen, oder eis wëllt eppes soen, mer hunn och nach eng Whats App an d'Nummer, déi ass 621 44 00 44

A wéi ëmmer: vill Spaass Kanner mam 100,7 Klassesall

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Klassesall
Den 100,7-Klassesall

Theemen am 100,7-Klassesall sinn ënner anerem Villercher, déi aus der Vakanz erëmkommen, Toilettëpabeier, duerch deen ee klamme kann, a mir schreiwen natierlech un eisem Buch weider.

Klassesall
Den 100,7-Klassesall

Den 100,7-Klassesall ass nees do. Dës Kéier geet et ëm d'Noriichten, eng Kazegeschicht a Faarwen. Lauschtert hei nach eng Kéier déi verschidde Saachen no.

100,7-Klasseraum
100,7-Klassesall

Den 100,7-Klassesall: Mir léieren dës Kéier eppes iwwer de Coronavirus an den USA, wéi mer d'Faarwe gesinn oder och net gesinn, a mir kucken no eiser Geschicht, un där dir matgeschafft hutt.

Klassesall
100,7-Klassesall

Virum Weekend maache mir haut natierlech eise Klassesall op. Theema haut: Gréng Kamellen an d'Schueberfouer, de Reebou an d'Noriicht vum Dag an eng Hausaufgab.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen