Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Melody Nelson Mandela

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Duerch d'Geschicht, d'Aktualitéit besser verstoen

Lëtzebuerg entdecken

Duerch d'Geschicht, d'Aktualitéit besser verstoen

E groussen Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht maachen déi zwee Weltkricher aus. Dofir gi mir haut an eiser Serie Lëtzebuerg entdecken an de Militärmusée op Dikrech. Am Fokus steet do ënner anerem déi Lëtzebuerger Arméi.

auto_stories

3 min

Eng grouss Militärmuecht war Lëtzebuerg nach ni, dofir kéint ee mengen, datt och déi Lëtzebuerger Militärgeschicht net esou interessant wier. Dat ass awer net esou, wéi de Benoît Niederkorn seet, Curateur vum Musée national d'histoire militaire zu Dikrech.

"Bei der Lëtzebuerger Arméi denkt een ëmmer un eng Arméi, déi et nach net laang gëtt. An dach huet se schonn eng grouss Militärgeschicht. Dat geet dobäi un, datt mir hire Virleefer hei duerstellen, d'Fräiwëllegen-Kompanie, déi 1881 gerënnt gouf. An natierlech och déi nei opgebauten Arméi, gegrënnt 1945 nom Krich, wéi och de Service obligatoire ageféiert gouf an 30.000 Lëtzebuerger doduerch gaange sinn."

Eng Episod an dëser Geschicht ass, datt d'Lëtzebuerger Arméi am Koreakrich gekämpft huet. Eppes wat net esou bekannt wier, seet de Benoît Niederkorn.

"De Koreakrich ass jo och schonn u sech e Krich, dee gréisstendeels an de Geschichtsbicher vergiess gouf. A genee do war Lëtzebuerg och mat vir bäi. Dat war souzesoen eng vun den éischten Auslandsmissiounen, bei deene Lëtzebuerg zwee Contingente mat jeeweils 45 Leit dohinner geschéckt huet an zwee Lëtzebuerger hiert d'Liewe gelooss hunn. Si woussten, wat eng Diktatur ass an deementspriechend wollte si fir d'koreanescht Vollek d'Fräiheet erkämpfen."

Wann ee wéi zu Dikrech d'Erënnerungen un d'Lëtzebuerger Arméi oder d'Ardennen-Offensiv lieweg hale wëllt, brauch een natierlech och vill Objeten, déi een ausstelle kann. Am Norde waren dofir Sammler ënnerwee, déi al Krichs-Utensilie gesicht hunn, mat deene si an den 80er Joren de Musée opgemaach hunn.

Nodeems de Musée gegrënnt war, an et am Land ëmmer méi bekannt gouf, datt een esou Saache sicht, koum dann ëmmer méi Material zesummen.

"An deementspriechend gesäit ee mëttlerweil, datt mir iwwer 50.000 Objeten hunn. Et hält net op, datt nach Saachen erakommen an dat gesäit ee gutt an eisen Depoten, déi aus allen Néit platzen."

D'Erënnerung, och u schwéier Zäite lieweg ze halen, dat ass een Optrag, deen de Militärmusée huet. Mee et ass net nëmmen dee geschichtlechen, mee och e pädagogeschen.

"D'Enn vum Krich ass elo 75 Joer hier, dat heescht et ginn och ëmmer manner Zäitzeien, déi dat nach kënnen hiren Enkelen an Urenkele vermëttelen. Dee Moment kennt dëse Rôle dem Musée zou. Mir maachen immens vill Visite guidéë mat Klassen. Mir hunn an de leschten zwee Joer eise ganze Programm iwwerschafft gehat, mir hunn interaktiv Aktivitéiten an deenen d'Schoulklasse sech selwer d'Saachen erschaffe mussen."

An et wier och esou, datt een duerch dat, wat een am Musée gesäit, d'Aktualitéit besser anuerdne kéint, seet de Benoît Niederkorn. Datt een einfach gesäit, datt et esou Krisesituatiounen och schonn hei am Land gouf.

"Syrien zum Beispill, Flüchtlingen, si Saachen, déi een iwwerall erlieft. A mir kënnen hinnen hei vermëttelen, datt et nach net laang hier ass, datt viru 75 Joer, wéi d'Ardennenoffensiv ausgebrach ass, iwwer Dausende vu Leit aus dem Norde geflücht sinn. An herno och alles zerstéiert war, wéi am Irak oder Afghanistan."

Zanterdeem datt de Militärmusée duerch en Ubau méi grouss gouf, ass och Plaz fir Sonnerausstellungen ze organiséieren. De Moment ass et "Doughboys zu Lëtzebuerg. The First Liberation 1918", bei där et ëm d'Befreiung vu Lëtzebuerg nom Éischte Weltkrich geet, eppes wat e bëssen a Vergiess geroden ass. Dobäi steet am Fokus, wéi e kulturellen Afloss déi Zäit hat.