Radioen

On air

Notturno  |  Tele-Port - Reconnect

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Do leeft et engem kal de Réck erof ...

Zäithistoriker

Do leeft et engem kal de Réck erof ...

Diktatorialgesetz vun 1915, Maulkuerfgesetz vun 1937. Den Zäithistoriker Denis Scuto geet op dës historesch Referenzen an, déi am Kader vun der Verlängerung vum Etat de crise dëser Deeg dacks ernimmt goufen.

auto_stories

7 min

Foto: Archiv

Wann ech all déi Stonne géif zesummerechnen, déi ech als Historiker domat verbruecht hunn ëmsoss an Archivfongen oder a Pressesammlungen no Dokumenter ze sichen, déi interessant a pertinent fir meng Fuerschunge sinn, da muss ech zouginn, datt dat déi meeschten Zäit vu menger Rechercheaarbecht ausgemaach huet. Sichen, sichen a siche fir oft näischt oder wéineg ze fannen.

Pertinent Analys vu der Lëtzebuerger Innepolitik a belschem Archivfong

Dofir ass een als Historiker ëmsou méi frou, wann de Géigendeel geschitt. Genee dat ass mir passéiert zu Bréissel an den Archives générales du royaume. An den allgemengen Dossiere vum Archivfong vun der belscher Police des étrangers, déi ech mir kuriositéitshalber ugekuckt hat, sinn ech do op eng Referenz op Lëtzebuerg an anengems eng pertinent Analys vu senger Innepolitik gestouss, déi ech mir do net erwaart hätt. An enger Nott un de belsche Justizminister vum 23. Dezember 1929 dréckt e belschen héije Fonctionnaire seng grouss Verwonnerung aus iwwer den Arrêté grand-ducal vum 30. November 1929 vun der Regierung Joseph Bech, deen d'Bedéngunge fir d'Immigratioun no Lëtzebuerg verschäerft huet. De Fonctionnaire ass bass erstaunt, well esou politesch Mesuren, méi strikt wéi déi belsch, an der Belsch net ageféiert hätte kënne ginn ouni den Accord vum Parlament, d. h. ouni iwwer e Gesetz ze fueren.

De Joseph Bech, wéi seng Virgänger Prüm a Reuter, court-circuitéiert bei dëser Mesure d'Parlament an de Conseil d'Etat, well hie sech op en Noutstandsgesetz aus der Zäit vum Éischte Weltkrich berifft, d'Gesetz vum 15. Mäerz 1915, "conférant au Gouvernement les pouvoirs nécessaires aux fins de sauvegarder les intérêts économiques du pays durant la guerre". Obwuel de Krich am November 1918 eriwwer ass, hunn d'Regierungen an den 20er an Ufank 30er Jore weiderhin Honnerte Mol vun deem Gesetz Gebrauch gemaach. Diktatorial-Gesetz gouf dat Gesetz an der Press vun Ufank u genannt.

Et ass déi lescht Deeg zu Recht drun erënnert ginn, datt d'Gesetz zur Verlängerung vum Krisenzoustand ëm dräi Méint an der Kontinuitéit vun deem Vollmuechtegesetz vun 1915 läit. Nom Artikel 32.4 vun der Verfassung kann d'Chamber dëst mat 2/3-Majoritéit decidéieren. 2004 ass dëse Paragraph an eis Verfassung bäigefüügt ginn. Dëse Verfassungsartikel ersetzt d'Gesetzer, déi et bis dohinner, an der Nofolleg vum Gesetz vun 1915, dem Grand-Duc erlaabt hunn, "à prendre en cas d'urgence, dûment constatée par lui, des règlements grand-ducaux, même dérogatoires à des dispositions légales existantes, ayant pour objet des mesures d'ordre économique et financier". 2017 gouf dëse Paragraph ausgeweit, net nëmmen op de Fall vun enger internationaler Kris, mee och vu Menacë fir déi vital Interesse vun der Bevëlkerung oder der Bedroung vun der ëffentlecher Sécherheet.

Verglach mam Maulkuerfgesetz

E weidere Verglach deen natierlech an der Press gemaach gouf, ass dee mam Maulkuerfgesetz, dat de 6. Juni 1937 an engem Referendum mat knapper Majoritéit vun der Bevëlkerung verworf gouf. Well hei staark verkierzt gesot gouf, d'Regierung Bech hätt deemools wëllen mat deem Gesetz d'kommunistesch Partei verbidden, ass hei de Moment éischtens de Kontext an den Enjeu vun deem Gesetz ze beliichten an zweetens den Zesummenhang mam Diktatorialgesetz vun 1915 an domat dem Etat-de-crise-Gesetz vun haut däitlech ze maachen.

Den 9. November 1933 ernimmt de Staatsminister Bech eng éischte Kéier an der Chamber Mesurë géint d'kommunistesch Partei. Mee net nëmmen géint si. Och géint d'Press am grousse Ganzen. Hie schwätzt vun engem Gesetzesprojet "visant à protéger nos institutions et les hommes qui les représentent contre toute calomnie et diffamation dans la presse". Dat geschitt op Wonsch vum däitsche Botschafter Werner Freiherr von Ow-Wachendorf. De Bech versprécht him alles ze maache fir hien als Botschafter, mee och déi nei gegrënnte Luxemburger Landesgruppe vun der NSDAP géint sougenannt Verleumdunge vun der Lëtzebuerger Press ze schützen. D'Ironie vun der Geschicht ass, datt dës Ukënnegung vum Premier am Kader vun enger Interpellatioun vum sozialisteschen Deputéierten Hubert Clément geschitt ass, deen eigentlech wësse wollt, wat d'Regierung géint d'Agissementer vun Nazigruppen op Lëtzebuerger Territoire géif ënnerhuelen. An net ëmgedréit fir däitsch Nazien ze schounen an d'Lëtzebuerger Press an hirer Fräiheet anzeschränken.

Dee selwechten 9. November 1933 kënnegt de Bech zweetens un, datt hien eventuell d'Noutstandsgesetz vun 1915 och op aner Beräicher wéilt ausweiden. An der Berichterstattung iwwer d'Maulkuerfgesetz an der Lëtzebuerger Press vun haut gëtt vergiess ze betounen, datt de Bech, mee hien net eleng, 1933 net nëmme géint de Kommunismus, mee géint demokratesch Kontrollinstanze virgoe wollt. D'Wirtschaftskris féiert deemools a ganz Europa zu enger Afrostellung vun der parlamentarescher Demokratie, net nëmme vun extremisteschen, mee och vun Dirigeante vun de biergerleche Parteien.

Grad e Geriichtsurteel géint dem Bech säi Regéiere per Vollmuechtsgesetz gouf zum direkten Ausléiser vum Maulkuerfgesetz. Eng Coiffeuse vu Koplescht, vu franséischer Nationalitéit, stoung am Oktober 1934 viru Geriicht, well si beschëllegt gouf géint den Arrêté Bech vu September 1932 verstouss ze hunn, no deem all Händler oder Handwierksmeeschter fir säin Etablissement eng schrëftlech Autorisatioun vum zoustännege Minister brauch. D'Coiffeuse huet d'Gesetzlechkeet vun deem Arrêté bestridden, well och dësen Arrêté vun 1932 op dem Ausnamegesetz fir de Krichsfall vu 1915 baséiert huet. De Procureur gouf hir Recht an d'Geriicht sprécht si fräi. D'Geriicht decidéiert doriwwer eraus, datt d'Gesetz vun 1915 seng Gültegkeet verluer huet an och all Gesetz, dat sech dorop bezitt als "nul et non avenu" unzegesinn ass.

Projet vun engem neie Vollmuechtsgesetz

De Bech léisst dorops hinn e Projet vun engem neie Vollmuechtsgesetz ausschaffen, no deem d'Regierung net nëmmen a wirtschaftlechen, mee och a sozialen a politesche Froen ouni Accord vum Parlament a vum Conseil d'Etat regéiere kéint. Am November 1934, d. h. kuerz nodeems d'Wiel vum Kommunist Zénon Bernard zum Deputéierten vun der Chamber invalidéiert gouf, steet de Bech-Projet mat dësem Intitulé: "Loi autorisant le gouvernement à prendre les mesures propres à réaliser le redressement économique et à protéger l'ordre public ainsi que l'indépendance du pays".

Well et, virun allem vun der Aarbechterpartei an dem Escher Tageblatt direkt Widderstand gouf an de Verglach zur autoritärer Derive an Éisträich gemaach gouf, spléckt de Bech de Gesetzesprojet an zwee. En éischte Projet gëtt der Regierung extra Pouvoiren am wirtschaftleche Beräich. Dëst Gesetz gëtt schonn am Mee 1935 votéiert. Deen zweete gëtt dat berüchtegt Maulkuerfgesetz, "pour la défense de l'ordre politique et social", dat awer fir d'éischt bis Enn 1936 am Tirang verschwënnt.

Interessanterweis kritt de Bech dunn en neien Alliéierte bei senge Pläng. Déi selwecht déi sech bis dohinner mat Hänn a mat Féiss géint dat sougenanntent Diktatorialgesetz gewiert hunn: d'Escher Tageblatt an d'Aarbechterpartei vum Pierre Krier. Mëttlerweil stellen d'Sozialisten de Buergermeeschter zu Esch a ginn do vun der Rietspartei ënnerstëtzt, wärend d'sozialistesch Gewerkschaft mam chrëschtlechen LCGB gemeinsam fir besser Léin an déi éischt Kollektivverträg an der Stolindustrie kämpft. Et geet awer net nëmmen ëm eng taktesch Allianz. Och sozialistesch Leaderen zu Lëtzebuerg froe sech, wéi Sozialisten a Frankräich an an der Belsch, ënner dem Androck vun den Erfolleger vun de Faschisten uechter Europa, ob e staarke Staat net ubruecht wier. Eréischt am allerleschte Moment, Enn Abrëll 1937, well se och fir d'gewerkschaftlech Fräiheete fäert, lancéiert sech d'Aarbechterpartei an de Kampf géint d'Maulkuerfgesetz, dee bis dohinner virun allem d'Kommunisten, d'Fräidenker, déi Jonkliberal an nëmmen e Grapp voll Sozialiste geféiert hunn.

D'Maulkuerfgesetz gouf verhënnert, mee d'Noutstandsgesetz vun 1915 gouf an enger neier Oplag am September 1938, matzen an der Sudetekris, mat de Sozialisten an der Regierung eestëmmeg an der Chamber votéiert an iwwer déi ganz Krichszäit applizéiert, mam Numm "loi portant extension du pouvoir exécutif ", och Vollmuechtsgesetz genannt. Wéi den Historiker Vincent Artuso et formuléiert huet, kann een also effektiv vun 30 Joer Etat d'urgence zu Lëtzebuerg schwätzen, vun 1915 bis 1945.

Eis Gesellschaft brauch eng staark parlamentaresch Demokratie an eng staark Press

Et versteet een dofir, firwat et den Deputéierten beim Debat virun zéng Deeg an der Chamber iwwer d'Verlängerung vum Etat de crise net geheier war. Datt et hinnen, wéi den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum et op de Punkt bruecht huet, beim Vott kal de Réck erofgelaf ass. Déi nächst dräi Méint brauche mer zu Lëtzebuerg effektiv e staarke Staat. Mee wat mer dat ganzt Joer iwwer, wat eis Gesellschaft déi ganz Zäit braucht, an dat hu schonn d'30er Joren an de Krich gewisen, ass eng staark parlamentaresch Demokratie an eng staark Press, déi se kritesch begleet.