Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diminutiv am Lëtzebuergeschen

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Diminutiv am Lëtzebuergeschen

D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erzielt eis an der Serie Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch eppes iwwer d'Verklengerung vu Substantive mam Suffix -chen.

auto_stories

3 min

Simon Larosche: Ech mengen, haut muss de net erklären, wat en Diminutiv ass, well dat ass e Wuert, dat ech kennen!

Caroline Döhmer: Tipptopp!

Dat sinn déi Verklengerungsformen: Këndchen, Äppelchen, Mippchen.

Richteg, haut geet et ëm d'Verklengerung vu Substantive mam Suffix -chen.

Mee wat ass dorunner eigentlech sou kuriéis?

Wéi ëmmer gëtt et vill Detailer bei engem Phenomeen. Kuck, meng léif fréier Aarbechtskolleegin Maike Edelhoff huet véier Joer laang fir seng Dokteraarbecht zu deem Theema gefuerscht.

An dat stells du a manner wéi fënnef Minutte vir?

Net ganz. Dat géif elo bëssi wäit féieren. Ech wollt awer eng Kéier déi Haapt-Elementer vum lëtzebuergeschen Diminutiv weisen.

An dat si wéi eng?

Ech wollt iwwer véier Punkte schwätzen: D'Bildung vum Diminutiv am Lëtzebuergeschen, de Genre (also Genus), d'Formen am Pluriel an d'Semantik.

Prinzipiell bilt een den Diminutiv, wann een -chen drunhänkt. Hei kann et dann och virkommen, datt de Vokal ännert: Blumm -> Blimmchen.
Mer hunn ëmmer e Basiswuert, un dat e Suffix drugehaange gëtt: Kapell -> Kapellchen.

Hei gëtt et dach bestëmmt och Ausnamen.

Du kenns dech scho gutt aus an der Sproochstruktur: Och hei fënnt een e puer Sonderfäll. Bei engem Basiswuert op <(c)k>, <ng>, <sch> oder <ch> ass d'Endung dacks -elchen: Sak > Säckelchen, Putsch > Pitschelchen, Duch -> Dichelchen.

Intressant ass, datt dësen -el- selwer en historeschen Diminutiv ass. Doduerch ass d'Endung quasi duebel diminuéiert: Fësch + el + chen.

Beim Genre ass et intressant, datt d'Wierder hire Genre behalen, also Maskulinum bleift Maskulinum, och wann de -chen drugehaange gëtt: dee Bam, dee Beemchen.
Femininum bleift Femininum: eng Planz -> eng Plänzchen.

A firwat as dat sou opfälleg?

Well et am Standarddäitsche beispillsweis esou ass, datt de chen-Suffix vum Diminutiv ëmmer en Neutrum ausléist: der Baum -> das Bäumchen, eine Pflanze -> ein Pflänzchen.

De Pluriel ass och ganz intressant bei den Diminutiven: Aus dem Suffix -chen gëtt am Pluriel -ercher: Beemchen -> Beemercher, Kierfchen -> Kierwercher.

Beim -elchen-Suffix ass et am Pluriel -elcher: Fëschelchen -> Fëschelcher.

Kann ech dozou eng Tëschefro stellen?

Jo, gär.

Wat ass da mam Diminutiv "Kanéngchen"? Do hu mer jo keng "Kanéng".

Schéi Fro! Jo, déi Fäll gëtt et och: Hei ass den Diminutiv lexikaliséiert (also net spontan gebilt) an d'Basis hu mer an där Form guer net am Lëtzebuergeschen. Dat gëllt och fir e Wuert wéi "Jippelchen".

Bei der Semantik vun den Diminutivformen ass och spannend, datt dat dacks vun der Bedeitung hier guer keng Verklengerung am eigentleche Sënn ass. Vill Wierder sinn och einfach fest als Diminutivform am Wuertschatz, ouni dass mer dat als Verklengerung verstinn.

Hues de do Beispiller?

De Bakuewen ass de Schäffchen, mee do denkt kee méi un e klenge Schaf. En Hiemchen ass en "Unterhemd" a kee klengt Hiem, et ass e ganz anert Kleedungsstéck gemengt. En "Dëppchen" ass am Fong geholl kee klengt Dëppen.

Oder d'Knippercher. Dat verstinn d'Leit normalerweis net als kleng Knupp (wat et formal ass), mee als Grondwuert fir de Begrëff "Praline".

Do erkennt een also, datt et am Lëtzebuergesche vill Diminutivforme gëtt, déi net direkt "kleng Form vun Objet X" bedeiten.