Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Die Statuspassage deutscher Altenpflegefachkräfte in Luxemburg"

Sachbuch

"Die Statuspassage deutscher Altenpflegefachkräfte in Luxemburg"

Bal 500 däitsch Infirmieren schaffen zu Lëtzebuerg am Beräich vun de Fleegeservicer fir eeler Leit. Well hiren Diplom zu Lëtzebuerg awer net unerkannt gëtt, ginn dës Infirmieren op den Niveau vum Aide-soignant zeréckgesat. Dëse Statuswiessel an d'Dynamiken, déi en ausléisst, sinn de Géigestand vun enger rezenter Etüd. De Mohamed Hamdi huet sech d'Buch "Die Statuspassage deutscher Altenpflegefachkräfte in Luxemburg" méi am Detail ugekuckt.

auto_stories

7 min

"Die Statuspassage deutscher Altenpflegefachkräfte in Luxemburg" - sou ass den Titel vum Benjamin Schuh senger Masteraarbecht aus dem Joer 2016, déi mat der Beschtnott ausgezeechent gouf a viru Kuerzem a Buchform publizéiert gouf. De jonke Chercheur interesséiert sech primär fir déi subjektiv Impressioune vun den däitschen Infirmieren a wëllt wëssen, wéi si de komplexe Statuswiessel erliewen, deen d'Ofwanderen op Lëtzebuerg mat sech bréngt. Dëse Statuswiessel geschitt u sech op zwee verschiddene Niveauen an huet souwuel Nodeeler wéi Virdeeler fir dat däitscht Fachpersonal.

An der professioneller a sozialer Hierarchie ginn déi forméiert Infirmieren op de Status vun Aide-soignant erofgestuuft, well hiren däitschen Diplom zu Lëtzebuerg net unerkannt gëtt - anescht wéi zum Beispill an der Schwäiz, wou et och eng grouss Unzuel vun däitsche Frontaliere gëtt, déi am Fleegesecteur schaffen. Als Aide-soignant këmmere si sech hei zu Lëtzebuerg ëm déi alldeeglech Versuergung a Betreiung vun de Senioren. Si hunn awer manner Verantwortung a manner Decisiounskraaft wéi den Infirmier.

D'Bezuelung ass besser

Trotz dësem Zerécksetzen op de Status vun Aide-soignant erliewen déi däitsch Infirmieren awer ee beträchtleche pekuniären Upgrade, wa si op Lëtzebuerg schaffe kommen. En Aide-soignant verdéngt zu Lëtzebuerg méi wéi en Infirmier an Däitschland - an dat esouguer, wann en zu Lëtzebuerg just Deelzäit schafft.

Et ass also evident, datt déi finanziell Virdeeler ee wichtegen Ulass dofir sinn, déi professionell Karriär op Lëtzebuerg ze verleeën. Mee de Benjamin Schuh ënnersträicht awer och, datt dat net den eenzege Grond ass - an a verschiddene Fäll net emol den ausschlaggebenden. Virun allem stellt d'Etüd fest, datt Geld keng längerfristeg Motivatioun assuréiere kann. Méi bedeitend sinn do aner Facteuren, sou zum Beispill déi besser Aarbechtsbedéngungen zu Lëtzebuerg an een Aarbechtsrecht, dat eng besser Balance tëschent der Schaff an dem Privatliewen erméiglecht.

Schwéier Ëmstänn

Wéinst dem Personalmangel an dem Zäitdrock sinn d'Infirmieren an Däitschland gréissere physeschen a psychesche Belaaschtungen ausgesat. Ënner dësen Ëmstänn fält et schwéier e staark emotional Ubanne mat de betreite Senioren ze entwéckelen, an dat huet natierlech och een Impakt op d'Qualitéit vun den ugebuedene Servicer. Zu Lëtzebuerg ass de Mangel u Fachpersonal manner akut - net zulescht wéinst der grousser Unzuel un auslännescher Fachkraaft. Den Aarbechtsalldag ass deementspriechend manner ustrengend. Dozou dréit och d'Aarbechtsrecht hei zu Lëtzebuerg bäi, dat wesentlech méi gënschteg ass wéi an Däitschland.

D'Schaffen zu Lëtzebuerg ass awer och mat potentielle Nodeeler verbonnen - esou zum Beispill all Dag zweemol vun engem Land an dat anert pendelen ze mussen oder de Fait, datt ee sech un ee frieme Kontext a besonnesch un eng friem Sprooch upasse muss. Déi gravéierendst Nieweneffekter bréngt awer de Statuswiessel vum Infirmier op en einfachen Aide-soignant mat sech.

Et sinn dës Nieweneffekter, déi de Krux vum Benjamin Schuh senger Etüd bilden. De Chercheur wëllt verstoen, wéi d'Aarbechter mat dësem Statuswiessel ëmginn. Wéi een Impakt huet en op hir professionell Tätegkeet an op d'Bezéiung zu de Lëtzebuergeschen Aarbechtskolleegen - besonnesch op d'Bezéiung zu den Infirmieren, déi zwar d'nämlech qualifizéiert sinn, mee hierarchesch iwwer hinne stinn?

Net genuch Unerkennung

Wéi sech erausstellt leiden déi däitsch Infirmieren zu Lëtzebuerg virun allem un engem Mangel un Unerkennung. Hirer Meenung no gëtt hir Aarbecht zu Lëtzebuerg vill manner wäertgeschat wéi an Däitschland - an dat esouwuel vun de Senioren, déi si betreien, wéi och vun hire Mataarbechter. Grad dës Wäertschätzung stellt awer ee wichtege Facteur an der Aarbechtsmotivatioun duer.

Des Weidere beschwéiere sech verschidden Interviewpartner, datt si eigentlech iwwerqualifizéiert si fir déi Aarbecht, déi si zu Lëtzebuerg maachen. Hiren Aarbechtsalldag géing aus monotonen a wéineg usprochsvollen Tätegkeeten bestoen, déi net hirem professionellen Niveau entspriechen. D'Deklasséierung op de Status vun Aide-soignant bréngt mat sech, datt déi däitsch Infirmiere manner berufflech Verantwortung droen, mat der Konsequenz, datt si just a begrenztem Mooss Entscheedungen treffen dierfen. Hiert Fachwësse gëtt deementspriechend net valoriséier, wat zu Onzefriddenheet féiert a sech natierlech och op d'Qualitéit vun hire Leeschtungen auswierke kann. Dobäi kënnt nach, datt déi däitsch Infirmieren, déi hei am Land als Aide-soignant schaffen, just begrenzt u Formation continuen deelhuele kënnen. Fir Aide-soignante sinn nämlech vill Formatiounen net zougänglech. Sou bleift et dem däitsche Fachpersonal verwiert sech a Coursen anzeschreiwen, déi hirem fachleche Niveau an hire perséinlechen Interessen entspriechen.

Eng besser Ausbildung

Interessant ass och de kritesche Bléck, deen déi däitsche Infirmieren op déi lëtzebuergesch Ausbildung am Beräich vun de Gesondheetsberuffer werfen. Am Verglach mat der Ausbildung an Däitschland kéim an hiren Aen déi praktesch Erfarung zu Lëtzebuerg vill ze kuerz. Dacks géing et de lëtzebuergeschen Aarbechtskolleegen u prakteschem Wësse feelen, sou datt déi däitsch Infirmieren dacks intervenéiere missten.

De beruffleche Wiessel op Lëtzebuerg bréngt also net just Virdeeler fir dat däitscht Fachpersonal mat sech. Wéi den Auteur et feststellt, gëtt de Status vum däitsche Fleegepersonal vu Situatioun zu Situatioun stänneg nei ausgehandelt an hänkt net zulescht vun de lëtzebuergeschen Infirmieren of, déi mol méi a mol manner bereet sinn, den däitschen Infirmieren zousätzlech Verantwortungen ze iwwerdroen.

Datt dat däitscht Fachpersonal sech trotz dëse potentielle Nodeeler dozou entscheet op Lëtzebuerg schaffen ze kommen, huet natierlech fir de Grand-Duché eng ganz Rei positiv Konsequenzen. Net nëmme kënnt de lëtzebuergesche Marché der Demande u professionellem Fleegepersonal no, mee d'Deklasséierung vum däitsche Infirmier op de Status vun Aide-soignant bréngt och mat sech, datt et hei am Land pro Altersheem eng iwwerduerchschnëttlech Unzuel un héich qualifizéiertem Fleegepersonal gëtt. Souwuel déi lëtzebuergesch Infirmiere wéi och déi däitsch Infirmieren, déi als Aide-soignanten agestallt sinn, hu mindestens dräi Joer Formatioun hanner sech.

Manktem an Däitschland gëtt méi akut

Vun engem däitsche Point de Vue aus ass den Exodus vun der däitscher Fachkraaft awer duerchaus problematesch. An deene leschte Joren ass de Manktem u professionellem Fleegepersonal, dat sech op d'Versuergung vun eelere Leit spezialiséiert, an Däitschland ëmmer méi akut ginn - an dat aus demographeschen a soziale Grënn. Déi däitsch Bevëlkerung gëtt ëmmer méi al, d'Versuergung duerch Familljememberen ëmmer manner heefeg, an d'Unzuel vu forméierte Fleeger bleift weiderhi geréng. D'Konkurrenz mat Lëtzebuerg verschäerft dësen Noutstand. Doriwwer eraus hunn déi däitsch Frontalieren dacks Jorelaang professionell Erfarung an Däitschland hanner sech, éier si sech decidéieren op Lëtzebuerg ze kommen. Fir Däitschland ass dat fatal, well d'Ofwanderen an de Grand-Duché de Manktem un erfuerenem Personal weider verschlëmmert.

Wéi de Benjamin Schuh an der Aleedung vum Buch schreift, soll seng Etüd notamment dozou bäidroen een Auswee aus der Noutsituatioun ze fannen, déi an Däitschland herrscht. Seng Masteraarbecht bitt effektiv eng zolidd Basis fir weider Recherchen an dësem wéineg erfuerschte Sujet - mee d'Buch leit awer ënner engem grousse Problem. Den Echantillon, op deem d'Etüd sech baséiert, ass vill ze kléng an ass kaum representativ fir déi bal 500 däitsch ausgebilten Infirmieren, déi hei zu Lëtzebuerg als Aide-soignant am Beräich vun de Fleegeservicer fir eeler Leit schaffen. Bei just véier Interviewpartner dierf een sech d'Fro stellen, a wéi wäit d'Fuerschungsresultater stéchhalteg sinn.

De Benjamin Schuh ass sech dëser Schwaachstell duerchaus bewosst. Wéi hien erkläert, huet sech d'Sich no Interviewpartner als méi schwiereg erwise wéi ufanks ugeholl. Potentiell Fräiwëlleger aus der entspriechender Zilgrupp waren dacks aus prakteschen Grënn - an awer och aus Sécherheetsgrënn - net bereet un der Etüd deelzehuelen. D'Fuerschungsresultater mussen dofir mat engem kritesche Bléck betruecht ginn. Dat ännert awer wéineg un der Qualitéit vun der Analys an och näischt u senger Wichtegkeet an Aktualitéit.

Mat Hibléck op d'Reformen am Beräich vun de Servicer fir eeler Leit, déi viru Kuerzem vum Lëtzebuerger Familljeministère ugekënnegt goufen, wier eng méi breet gesellschaftlech Ausernanersetzung mat dësem Theema duerchaus wënschenswäert. Dem Benajmin Schuh seng Etüd kéint an dëser Hisiicht interessanten Diskussiounsstoff bidden.