Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Holiday Ghosts - Big Congratulations

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Neuropatholog Michel Mittelbronn

Café Scientifique

Den Neuropatholog Michel Mittelbronn

Zanter 2017 ass den Neuropatholog Michel Mittelbronn Deel vum PEARL-Programm vum FNR, mat deem ee probéiert etabléiert an international unerkannte Chercheuren aus dem Ausland fir Lëtzebuerg ze gewannen. Den däitsch-franséische Fuerscher ass zanterdeem de Chef vum nei-gegrënnte Luxembourg Center of Neuropathology. An do këmmert hie sech esouwuel ëm d'Fuerschung, wéi och ëm d'Diagnostik.

auto_stories

4 min

De Michel Mittelbronn huet bei der Fuerschung zwee Schwéierpunkten. Beim Luxembourg Institut of Health schafft hien am Beräich vun de Gehiertumoren an am Luxembourg Centre for Systems Biomedecine vun der uni.lu, ass et de Parkinson.

An do interesséiert sech de Michel Mittelbronn mat sengem Team dofir, ob net d'Immunzellen am mënschleche Gehier, déi eigentlech fir de Schutz do sinn, beim Parkinson eng negativ Roll spillen.

"Et ass nach net gekläert a wéi wäit d'Immunzellen zu der Krankheet bäidroen a se eventuell nach méi schlëmm kenne maachen. Mir interesséieren eis do virun allem fir d'Mikroglia-Zell, dat ass déi Zell vum Immunsystem, déi am heefegsten am Gehier virkënnt an do esou ze soen eng Aart Police ass. Wann iergendwou eppes geschitt, da sinn dat déi éischt déi reagéieren. A mir intresséieren eis elo dofir a wéi wäit dës Zellen dofir responsabel si fir d'Krankheet méi schlëmm ze maachen oder se esouguer auszeléisen."

Parkinson-Fuerschung

An der Fuerschung hätt ee sech bei Parkinson bis elo virun allem op déi betraffen Nervenzelle selwer konzentréiert, fir ze verstoe firwat d'Gehier kee Schutzmechanismus huet, wann d'Krankheet ausbrécht. An der Fuerschung vum Centre for Systems Biomedecine ass et d'Fro, wéi de sougenannte Mikro-Milieu ronderëm déi Nervenzellen eventuell Afloss hëlt. An do géif ee mat Maus-Modeller schaffen, seet de Michel Mittelbronn.

E mënschlech Gehier kéint ee bei der Autopsie just an engem staatlechen Zoustand ënnersichen. Wann ee mat den Déiere schaffe géif, hätt een d'Méiglechkeet verschidde Saachen ze veränneren an och scho vun engem fréien Zäitpunkt un ze verstoen, wéi de Verlaf vun der Krankheet ass. Do ginn dann zum Beispill déi potenziell schiedlech Immunzellen aktivéiert fir dann ze gesinn, ob déi en Afloss hunn.

A fir d'Erkenntnisser, déi een dorausser gewanne wëllt, och méi spéit um mënschleche Gehierer ze testen, ass een de Moment um gaangen eng Gehier-Bank hei zu Lëtzebuerg ze finaliséieren, seet de Michel Mittelbronn.

"Dat ass ganz wichteg, well mer hei zu Lëtzebuerg eng staark Grondlagen- Fuerschung hunn. An et ass wichteg, datt een dat, wat een erausfënnt, och um Geweebe kontrolléiere kann. Esou kenne mer dat, wat mer an der Maus-Fuerschung eraus fonnt hunn validéieren. Ob dat iwwerhaapt eng Bedeitung fir dat mënschlecht Gehier huet."

An enger éischter Phas ass déi Gehierbank haaptsächlech fir d'Parkinson-Fuerschung virgesinn, méi spéit soll de Fokus dann awer méi breet gefächert ginn.

Fuerschung iwwer Gehiertumoren

Fir säin zweete Schwéierpunkt, d'Gehiertumoren, fuerscht de Neuropatholog nach am Luxembourg Institute of Health. An do geet et drëms nei Usätz fir d'Diagnos an d'Therapie ze schafen. Dofir wëllt een erausfannen, wéi sech en Tumor genee entwéckelt. Well an e puer Fäll wanderen Tumorzellen am Gehier an dat gesond Geweebe ronderëm. An déi kënnen de Michel Mittelbronn a säin Team, duerch eng selwer entwéckelt Prozedur mëttlerweil identifizéieren, och wann dat nach net um liewege Gehier méiglech ass.

Donieft hu se eng nei Diagnostik entwéckelt fir d'Aart vum Tumor besser aschätzen ze kennen, wann deen eraus operéiert gouf.

"Also mir kréien d'Tumor-Prouwen, déi mir eis ënner dem Mikroskop ukucken. An do kann et virkommen, datt mir e Bild kréien, wat eigentlech positiv ausgesäit. Mat eiser Prozedur kënne mir awer feststellen, datt dat vläicht guer net esou positiv ass, an datt den Tumor d'Potential huet, a kuerzer Zäit béisaarteg ze ginn an eigentlech vill méi aggressiv misst behandelt ginn."

Nieft dësen zwee grousse Schwéierpunkten an der Fuerschung ëmfaasst de PEARL-Chair, deen de Michel Mittelbronn vum FNR krut och nach d'Aarbecht am Laboratoire National de Santé. Hei leet hien deen nationalen Zentrum fir Pathologie. Éier de Neuropatholog op Lëtzebuerg koum, goufen déi neuropathologesch Prouwen alleguerten an d'Ausland geschéckt fir se ze analyséieren, mëttlerweil gëtt dat awer nees am LNS gemaach

De PEARL-Chair vum Neuropatholog Michel Mittelbronn ass mat 2,6 Milliounen Euro dotéiert an an enger éischter Phas op fënnef Joer ausgeluecht, kann awer no deem Zäitraum nach eemol ëm fënnef Joer verlängert ginn.