Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Nervesystem brécht zesummen

Ausbroch

Den Nervesystem brécht zesummen

Mol keen halleft Joer nodeems d'Wehrmacht iwwer d'Grenz marschéiert war, loung de Lëtzebuerger Staatsapparat am Koma. Wéi et dozou koum beschreift de Vincent Artuso.

auto_stories

7 min

Enn September 1940 hat de bronge Virus, a senger lokaler Variant, der VdB, 10.000 Leit zu Lëtzebuerg ugestach. Mee an de Wochen duerno huet d'Zuel vun de Neiinfektioune stagnéiert, ass esouguer zeréckgaangen. D'Well vun der Epidemie hat en Héichpunkt erreecht. Et ass awer eng nei ugeschwollen, eng méi breet a méi brutal, déi de Lëtzebuerger Nationalstaat fir Joren ausgeschalt huet.

Déi Well huet un éischter Stell de Staatsapparat getraff, deen zwar geschwächt a plazeweis gebrach war, deen zum Deel noginn hat, deen awer trotzdeem déi lescht Festung vum Immunsystem duergestallt huet. Géint wat huet sech déi Bastioun gewiert? Géint dat Drëtt Räich an de Nationalsozialismus? Neen, zu deem Zäitpunkt war dat net denkbar, wéinst dem Kräfteverhältnis, well dee System seng Iwwerleeënheet demonstréiert hat.

War et de Wëllen, am Kader vum Reich, eng gewëssen Autonomie ze behalen? An der neier Uerdnung weiderhin eng Roll ze spillen? Schonn éischter. Dat huet deemools zum Beispill e méi héije Kader vun der ARBED, de Léon Metzeler, an engem Memorandum ausgedréckt:

"Die Luxemburger haben den Ernst der Lage erkannt und fügen sich den Verordnungen des Chefs der Zivilverwaltung. An ihrem aufrichtigen Verständigungswillen ist nicht zu zweifeln. Einen neuen Beweis desselben gaben kürzlich die um Unterzeichnung des " Heim ins Reich "-Dokumentes angegangenen Herren, indem sie sich erboten folgende schriftliche Erklärung abzugeben : " Die Unterzeichneten erklären hiermit, dass sie in der gegenwärtigen Lage Europas das Wohl ihrer enger[e]n Heimat in einem engen, wirtschaftlichen und kulturellen Zusammenhang mit dem Grossdeutschen Reich sehen und dass sie bereit sind, in loyaler Zusammenarbeit mit den deutschen Behörden dieses Ziel verwirklichen zu helfen."

Méi wäit wollten - konnten - d'Lëtzebuerger Elitten net goen. Hir Roll war et d'Natioun ze leeden, net ze torpedéieren. "Wohl niemals in der Geschichte ", huet de Metzler zum Schluss geschriwwen, " ist ein politisch autonomes, von einer kriegführenden Macht okkupiertes, friedliches und mit seinem Geschick zufriedenes Staatswesen gedrängt worden, sich selbst aufzugeben, seine Annexion zu fördern, ja herbeizuführen."

D'Enn vun der Souveränitéit

De Gauleiter Simon hat zanter Ufank August ugefaangen de Lëtzebuerger Staatsapparat ënner seng Kontroll ze bréngen. Den 13. August huet en an enger Ried säi Standpunkt presentéiert. Fir hie war d'Verfassung vum Land ausser Kraaft zanter d'Grande-Duchesse d'Flucht ergraff hat. Deemno waren d'Staatsbeamten net méi duerch hiren Eed un d'Herrscherin gebonnen. Hir Flicht war et elo sech dem neie Regime ze déngen, net op eng neutral, mee op eng proaktiv Aart a Weis.

Den Dag duerno huet en d'Benotzung vum Wopen a vum Ausdrock "Grossherzogtum" verbueden, den Hitler-Grouss dogéint als offizielle Grouss an den Administratiounen agefouert. Fir déi verschidde Servicer besser ze kontrolléieren huet en och Däitscher un hir Spëtzt gesat. De 15. August huet de Gauleiter sech duerch d'"Verordnung über Maßnahmen auf dem Gebiete des Beamtenrechts" selwer zum Chef vum Lëtzebuerger Staatsapparat erhuewen.

De 27. August goufen d'Staatsbeamte gebieden d'Verflichtung z'ënnerschreiwen, datt si d'Befeeler vum Gauleiter loyal géifen ëmsetzen. Just 28 Staatsbeamten hunn net ënnerschriwwen. Déi meescht vun hinne waren entweder nach a Frankräich oder schonn an engem däitsche Prisong. D'Decisiounen, déi zum progressiven Ënnergang vum Nationalstaat gefouert hunn, goufe vun der Verwaltungskommissioun ouni Protest weidergeleet. Si huet och net protestéiert, wou den 23. August all d'politesch Parteien, ausser natierlech d'VdB, verbuede goufen.

D'Prioritéit vun der Verwaltungskommissioun war deemools fir d'Kohesioun vun engem Staatsapparat ze suergen, deen d'Invasioun an d'Ernennung vum Gauleiter eescht matgeholl hat. Soulaang d'Administratiounen zesummegehalen hunn, war net alles verluer, huet d'Méiglechkeet géintiwwer dem Nazi-Regime e gewëssen Afloss ze behale weiderbestanen. Dowéinst war et awer wichteg d'Staatsdénger vun der VdB ewechzehalen. Se géint de Virus z'immuniséieren.

D'Administratiounen ënner Drock

Den 28. September huet de Gauleiter Simon ënner dem Motto "Heim ins Reich" eng grouss politesch Campagne gestart. 27 Meetingen sollten uechter d'Land organiséiert ginn, dovunner zwee grousser an der Stad an zu Esch, mat Guest-Stars aus dem Reich. Säin Zil war et no engem Mount eng Majoritéit vu Lëtzebuerger an d'VdB eranzelackelen, domadder ze beweisen, datt de gréissten Deel vun hinne fir d'Annexioun un dat Drëtt Räich war. Et war also e verstoppte Plebizit.

Am Ufank hat de Gauleiter all Gronn optimistesch ze sinn. Wou en ernannt gi war hat d'VdB schonn 1.500 Memberen, ufanks September 6.000 an zu deem Zäitpunkt wou d'"Heim ins Reich"-Campagne ugefaangen huet 8.500. Eng Woch méi spéit war déi Zuel trotz der Orgie vu politesche Manifestatioune vum neie Regimm just op 9.500 geklommen. Dat war net onweesentlech, huet awer net dem Wonsch vum Gauleiter entsprach eng absolut Majoritéit zum Bäitrëtt an d'VdB ze beweegen.

D'Sipo-SD huet zwou Erklärungen zum feelende Succès fonnt. Déi éischt war, datt d'Aarbechter, déi e gudden Deel vun de Rekrutten duergestallt haten, net méi sou enthusiastesch waren. Déi zweet war, datt d'Staatsbeamten zu engem enormen Deel nach refuséiert hu sech der däitschfrëndlecher Beweegung unzeschléissen. De Gauleiter ass doropshin ëmmer méi aggressiv ginn. De 19. Oktober huet e wärend dem Escher Meeting annoncéiert, datt de Wee a Richtung Südfrankräich deene Staatsbeamten opstoung, déi sech weigere géifen der VdB bäizetrieden.

Dräi Deeg méi spéit huet d'Grënnung vun engem "Sonderdienststrafgericht in Luxemburg für unzuverlässige Beamte" d'Psychos an den Administratioune weider geniert. An engem vertrauleche Gespréich huet en däitsche Beamten dem Konrad Stumper, dem Direkter vum Enregistrement, Folgendes gesot:

"Bisher hat der Chef der Zivilverwaltung zugesehen und auf eine freiwillige innere Umstellung der Beamten gehofft [...] Trotzdem verharrten viele Beamten in verstockter Opposition oder passiver abwartender Haltung. Die Geduld des CdZ ist zu Ende. Mit dem Sonderdienststrafgericht ist nun das Instrument geschaffen, die Beamten, die immer noch nicht mitarbeiten wollen, endlich zur Vernunft zu bringen oder aus ihren Ämtern zu entfernen."

Deen 22. Oktober gouf och d'Gëlle Fra op Befeel vum Gauleiter zerstéiert. Schüler vum Athenée, déi versicht haten ze protestéieren, goufe vu Lëtzebuerger Nazien an däitsche Poliziste geschloen a verhaft. Den 23. Oktober goufen d'Chamber an de Staatsrot opgeléist. De 24. ass den Albert Wehrer verhaft ginn.

Déi lescht Bastioun vum Immunsystem gëtt no

Den Dag, wou si annoncéiert hunn, datt den de-facto Premierminister vun elo un an engem däitsche Prisong souz, hunn d'Zeitungen och e Communiqué vun der VdB publizéiert. D'Beweegung huet matgedeelt, datt si keng nei Membere méi géif unhuelen. Dës Noriichten huet eng Panikreaktioun provozéiert.

D'Membere vum opgeléiste Staatsrot hu sech trotzdeem getraff fir d'Situatioun ze beschwätzen. D'Strategie vun der Verwaltungskommissioun war net méi haltbar, de Bäitrëtt refuséieren net méi méiglech. All déi Leit hunn niewebäi och wichteg Administratiounen dirigéiert an decidéiert, datt hir Servicer der VdB kollektiv géife bäitrieden. Den Dag duerno hunn si der Verwaltungskommissioun hire Choix imposéiert wéi ee vun den de-facto Minister, de Joseph Carmes, dat nom Krich erzielt huet:

"Une panique générale régnait dans les rangs des fonctionnaires qui se traduisait par une tendance pour ainsi dire épidémique de se décider pour l'adhésion collective à la VdB. [...] Au milieu des débats des membres de la Commission administrative, se présentèrent dans le Hall de l'Hôtel des Terres Rouges un certain nombre de chefs d'administration, fort alarmés des événements et se faisaient l'interprète de l'anxiété de leurs subordonnés qu'ils disaient ne plus pouvoir contenir : " Mir packen ons Leit net me', wat solle mer machen ? " [...] Une heure plus tard, se fit annoncer une délégation de professeurs et aussi M. le ministre Margue (qui faisait alors service de professeur) qui venaient se renseigner sur l'attitude prise par la Commission. M. Simmer sortit pour leur donner la réponse suivante, dont il donnait préalablement connaissance à la Commission : " Mir sin zur Menung komm, dass den Drock elo so' stark ass gin, dass eis Regierung, wann se eremkennt, kengem Beamten e Crime draus ka machen, wann en elô noget [...] Avant de se quitter, les membres de la Commission administrative encore en fonction décidèrent de lier leur sort à celui des autres fonctionnaires et signèrent une demande collective d'adhésion."

Déi lescht Bastioun vum Immunsystem hat noginn. De Nervesystem vum Lëtzebuerger Nationalstaat war zesummegebrach. De Virus hat triumphéiert.