Radioen

On air

Grousse Kino  |  Sophie Hunger, Dino Brandão & Faber - Ich Liebe Dich, Sophie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Islam an Europa an zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerger Sachbicher

Den Islam an Europa an zu Lëtzebuerg

D'Luxembourg School of Religion & Society - kuerz LSRS - ass een interdisziplinäre Fuerschungszentrum um Kierchbierg, dee sech op reliéis Froe spezialiséiert. An engem oppenen a kritesche Kader ginn hei Konferenzen a Seminairen iwwer d'Bezéiung tëschent Relioun a Gesellschaft gehalen. Am Buch "Penser l'islam en Europe. Perspectives du Luxembourg et d'ailleurs", publizéiert den LSRS elo d'Actë vun engem Colloque, dee virun zwee Joer iwwer déi zweetgréisste Relioun vun Europa organiséiert gouf.

auto_stories

8 min

Am Buch sinn alles an allem 13 Bäiträg vun 13 internationalen Experte versammelt, déi an zwee grouss Deeler regroupéiert goufen. Déi éischt Hallschent vum Buch geheit een allgemenge Bléck op den Islam an Europa an d'Bezéiungen tëscht Ost a West, déi net ëmmer einfach sinn.

De Gros vun dëse siwe Bäiträg ass leider immens schwaach. D'Texter si staark theorielasteg an déi abstrakt philosopheschen Iwwerleeunge verléieren sech dacks a laange wirre Gedankegäng an Zitater.

Ee schwaachen éischten Deel

An engem semi-psychoanalytesche Bäitrag geléngt et engem Auteur z.B. ee Bou ze spanen tëscht der Kinnigin Zenobia, déi am drëtte Joerhonnert am haitege Syrie gelieft huet, dem Martin Luther sengen islamkritesche Positiounen, an dem Rembrandt senge Representatioune vum tierkeschen Turban - dat Ganzt fir ze "beweisen", datt den Islam an den Ae vum Westen ee sublime Charakter gehat hätt.

"Dans [les tableaux de Rembrandt], la lumière vient quasi comme allant de soi, elle est littéralement 'é-vidente' à l'intérieur du tableau même. L'autre type de sublimité, l'eklexis, avait pour effet la stupéfaction fascinante. Comme Platon l'avait dit, la pleine lumière serait aveuglante."

Nieft änlech konfuse Bäiträg fënnt een awer och deen een oder aner interessante Text an dëser éischter Hallschent. Eraus stécht z.B. d'Etüd vum Morgane Devries an dem Altay Manço iwwer d'Integratioun vu marokkanesche Jugendlecher an der Belsch.

Obschonn déi meescht jonk Marokkaner an der Belsch gebuer an opgewuess sinn an déi europäesch Valeuren deelen, hu si d'Gefill ëmmer nach als Outsider ugesinn a behandelt ze ginn. Erschwéiert gëtt hir Situatioun duerch international Evenementer, déi hire Glawen oppen zur Zilscheif vun der ëffentlecher Kritik maachen.

"Même si l'islam est un moteur de sens à une participation sociale et citoyenne, celui-ci engage aussi une série de 'coûts sociaux' qui peuvent l'entraver."

Och dem Emilio González-Ferrìn an dem Mohammed Dahiri hir Bäiträg iwwer Andalusien sinn immens opschlossräich. Déi Iberesch Hallefinsel war nämlech ronn 800 Joer laang muslimesch regéiert. Wat dacks vergiess gëtt: dat islamescht Andalusien ass ee wichtege Bestanddeel vun der europäescher Renaissance war an och d'Opklärung beaflosst huet.

Den Emilio González-Ferrìn erënnert zum Beispill, datt den éischten europäesche Roman an arabescher Sprooch geschriwwe war. Säin Auteur, den Abu Bakr Ibn Tufayl huet am Andalusie vum 12 Joerhonnert gelieft säi Buch mam Titel "Le Philosophe autodidacte" ass an hebräescher an laténgescher Iwwersetzung a ganz Europa rezipéiert ginn, wou et Auteuren a Philosophen ewéi den Thomas More oder de Jean-Jacques Rousseau beaflosst huet.

Islam: een Deel vun Europa

Den Islam gehéiert an deem Sënn net just historesch zu Europa, mee huet och zu engem grousse Mooss dozou bäigedroen de Weste kulturell an intellektuell ze formen - och wann dësen Input haut komplett vergiess ass.

Schold doru si souwuel muslimesch wéi och net-muslimesch Intellektueller, déi Differenzen tëscht de Kulturen ervirhiewen a manner d'Beréierungspunkte souwéi déi géigesäiteg Aflëss.

Fir de Weste war den Islam ëmmer dat mysteriéist Géigestéck, dat faszinéiert a gläichzäiteg Angscht mécht. Islamesch Denker hunn hirersäits de Westen als eng onmoralesch an dekadent Gesellschaft ugesinn, géint déi d'Muslime sech ze behaapten hätten. Eng ganz Rei Auteuren am Buch prangeren dës Approche béidersäits un a fuerdere souwuel vum Westen ewéi vum Oste méi Oppenheet a Selbstkritik.

"Si l'État veut traiter les Églises et les communautés religieuses avec équité, il doit tenir compte de leurs différences. Et clairement en ce qui concerne la pratique religieuse, relever de la communauté islamique impose d'autres obligations qu'il n'en incombe à ses homologues chrétiens. D'un autre côté, les musulmans devraient être disposés à faire preuve du même niveau de respect et de responsabilité envers l'État que les autres Églises et communautés religieuses." Sou d'Chercheuse Dzevada Suska.

D'Auteure stelle soumat net just Fuerderungen un d'Muslimen - sou wéi dat dacks de Fall ass wann et ëm d'Verhältnis tëscht dem Islam an europäesche Gesellschafte geet - mä si geheien och ee kritesche Bléck op de Westen.

"Notre livre se veut avant toute chose un appel - un appel à penser l'islam en dehors des sentiers battus, mais aussi un appel à penser l'Europe autrement,"

Verschidden Aussoen am Buch mudde vläicht e bësse reduktionistesch oder simplistesch un - sou z.B. wann den Auteur Abdessamad Belhaj behaapt, datt et sou gutt ewéi keng muslimesch Denker am Weste ginn, déi Europa als Beispill an als Inspiratioun gesinn.

Nimm ewéi de Bassam Tibi, den Tariq Ramadan oder nach de Malek Chebel ginn duer fir dës Ausso ze revidéieren. Genausou generaliséierend ass d'Ausso vun der Dzevada Susko, datt d'bosnesch Muslimen am Balkan eng liberal a weltoppe Versioun vum Islam praktizéieren. Dat maach sécherlech fir d'Majoritéit stëmmen, awer bestëmmt net fir se all. De sougenannten Islamesche Staat huet nämlech och am Balkan massiv Kämpfer rekrutéiert.

Datt den Islam - net just historesch, mee och soziologesch an demographesch - Deel vun Europa ass ass Fakt. A ville Länner ass den Islam mëttlerweil déi zweet Relioun an a verschiddene Länner gi souguer Deeler vun der d'Sharia legal unerkannt.

Sou z.B. a Griicheland, wou ee Gesetz vun 1914 d'Sharia als legitimme Rechtssystem erkläert. Mee och zu Lëtzebuerg ginn iwwer de System vun der islamescher Finanz Prinzippie vum muslimesche Recht applizéiert. An sengem Bäitrag analyséiert de Luis Ojeda wéi dës Rechtssystemer parallel zoueneen existéiere kënnen a wat hir Limitte sinn.

Den Islam zu Lëtzebuerg

D'Situatioun vum Islam zu Lëtzebuerg gëtt an engem zweeten Deel méi genau ënnert d'Lupp geholl. Déi sechs Bäiträg aus dëser Hallschent sinn alleguerten - ouni Ausnam - exzellent a wëssen déi schwaach éischt Hallschent vum Buch ze kompenséieren.

An engem éischten Text geet de Pierre Marson op déi verschidde Lëtzebuerger Aventurieren an, déi am 19. an Uganks 20. Joerhonnert duerch den Orient gereest sinn a Schrëfte vun hire Reesen hannerlooss hunn. Hir Approche war dobäi duerchaus méi oppe wéi een sech dat vläicht erwaart hätt.

"Loin de ne reproduire que des stéréotypes orientalistes, bon nombre de voyageurs luxembourgeois montrent de la curiosité et une volonté de comprendre les différentes cultures qu'ils rencontrent."

D'Chercheuse Elsa Pirenne liwwert ee Resumé vun hirer Dokteraarbecht iwwer d'Geschicht an d'Entwécklung vu muslimesche Veräiner zu Lëtzebuerg an de Sylvain Besch vum Cefis versicht unhand vu verschiddene Methoden erauszefannen, wéi vill Muslimen zu Lëtzebuerg liewen a wat hir sozial Partikularitéite sinn - keng einfach Saach, vu datt zënter 1979 keng statistesch Donnéeën iwwer politesch a reliéis Meenungen an Aktivitéiten erhuewen dierfe ginn.

D'Relatioun mat de Muslimen zu Lëtzebuerg

An engem exzellente Bäitrag skizzéiert de Jean Ehret Verhandlungen tëscht dem Staat an de reliéise Communautéiten zu Lëtzebuerg, déi 2015 zu enger éischter Konventioun mat der Shoura - dem Daachverband vun de Muslimen zu Lëtzebuerg - gefouert hunn.

Och wann dës Konventioun ee wichtege Schratt an der legaler Gläichstellung a Gläichbehandlung duerstellt, constatéiert de Jean Ehret awer och verschidde Retizenze grad géigeniwwer dem Islam.

"La liberté religieuse est garantie [au Luxembourg]; en même temps on ressent une forte sécularisation qui entraîne une difficulté à comprendre le comportement religieux dans son expression matérielle, corporelle et publique, voire une certaine réticence qui s'exprime spécifiquement envers le culte musulman."

An hirem Bäitrag iwwert déi bosnesch Presenz am Groussherzogtum kënnt d'Chercheuse Dzevada Susko op eng änlech Konklusioun:

"Même si le statut de la Shoura entérine une vague autonomie religieuse, en déniant par exemple à l'Etat tout droit de regard dans la nomination de son autorité cléricale [...], d'autres principes énoncés dans le document semblent aller dans le sens d'une ingérence dans les affaires religieuses internes."

Last but not least geet den Islamwëssenschaftler Laurent Mignon op d'Wierk vum Rabbi an Intellektuelle Samuel Hirsch an, deen Enn vum 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg gelieft huet an op antisemittesch Schrëften aus Däitschland mat vill Verve an Ironie geäntwert huet.

Och wann de Kontext an d'Envergure eng aner waren, gesäit de Laurent Mignon eng ganz Rei Parallellen tëscht dem Antisemitismus vu fréier an der Islamophobie vun haut.

Dem Samuel Hirsch seng Publikatioune kéinten dobäi eng léierräich Äntwert op verschidden Argumenter vun europäeschen Islamophoben bidden.

"En tant que penseur et avocat de l'altérité religieuse au sein d'une société pluraliste [...], Hirsch nous fournit des outils permettant de décrypter le discours islamophobe."

Eleng wéinst dëse sechs Bäiträg lount et sech d'Buch "Penser l'Islam en Europe" ze liesen - trotz enger schwaacher éischter Hallschent. Ergänzt gëtt d'Buch zum Schluss duerch den Text vun der Konventioun tëscht dem Lëtzebuerger Staat an de reliéise Gemeinschaften déi vum Staat unerkannt ginn.