Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch Den "eng" mat engem Pluriel

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eppes iwwer "eng" mat engem Pluriel, wéi bei "wéi eng Déieren".

Simon Larosche / Caroline Döhmer

Caroline Döhmer

Simon Larosche: So, dat hate mer dach eréischt, den "eng" mat engem Pluriel.

Caroline Döhmer: Jo, do hues de Recht! Virun dräi Woche goung et och schonn ëm den "eng".

Dat waren dach déi Sätz mat "eng 300 Leit". Wollts de do nach eppes erklären?

Soe mer mol esou: d'Joer 2020 ass voller Iwwerraschungen, gudder wéi och schlechter! An och hei hunn ech eppes Neies erausfonnt. Mee lo mol der Rei no.

Als éischt emol eise léiwen Nolauschterer an Nolauschterinnen e grousse Merci, datt si sech fir d'Struktur vum Lëtzebuergeschen interesséieren an och hir Froen an hire Feedback eraschécken. Bei der Form "eng 300 Leit", déi ech viru Kuerzem hei erkläert hat, hat ech jo d'Hypothees opgestallt, datt een hei vun enger Ellips kéint ausgoen: eng Dosen Eeër oder eeben eng 12 Eeër, also datt hei eng Moosseenheet ewechgefall ass an den "eng" hänkebliwwen ass. Wéi gesot, eng Hypothees.

Du koum awer vu méi Leit d'Fro, wéi et eigentlech mat eisen Indefinitartikelen "wéi eng" a "wat fir eng" ass, well och hei kann den "eng" mat engem Pluriel kombinéiert ginn: Wéi eng Auteure kenns de? Wat fir eng Déiere sinn dat?

An hei kéint ee sech jo och froen: Mmm, firwat steet do "eng", wann et weeder Femininum nach Singulier ass?

A wat ass deng Äntwert?

Hei krut ech vum Professer Gilles e wäertvollen Tipp, anzwar hunn ech an d'Mëttelhéichdäitscht eragekuckt, also d'Sproochstuf vum Däitschen, déi am Mëttelalter geschwat gouf. An do huet "een/eng" eppes ganz Besonnesches ... et kann och mat engem Pluriel benotzt ginn: eine liute (eng Leit).

Mee et ass jo awer just 1? Also gezielt: eng Fläsch Wäin. Wéi kann duerno e Pluriel stoen?

Lo kënnt eppes Spannendes, well ech sinn och dovun ausgaangen, datt "eng" sech iergendwéi op eppes Eenzelnes misst bezéien, eebe wéinst dem Zuelwuert. Awer elo si mer bei engem Prinzip, deen dem Mënsch prinzipiell schwéierfält: thinking outside the box.

Also iwwer Grenzen erauskucken an denken?

Richteg, d'Erkenntnis ass nämlech, datt "eng" d'Plurielsform vun "een" ass. An dat fanne mer zwar net am Standarddäitsche vun haut, mee nach am Däitsche vu viru 700 Joer. An do heescht et, datt "eine" als Artikel virun engem Pluriel ka stoen. An da bedeit et "iergendeng" oder "irgendwelche" an ass deemools schonn als Indefinitartikel benotzt ginn. An dat passt jo absolut bei de Gebrauch am Lëtzebuergeschen, also de Gebrauch vun "eng" als onbestëmmten Artikel, an eeben och am Pluriel als Interrogativartikel: wat fir eng Faarwen, wéi eng Leit.

Hunn ech dat richteg verstanen, datt "eng" also och e Pluriel ass?

Genee, "eng" ass entweeder e Femininum Singulier (Nominativ, Akkusativ) oder e Pluriel (Nominativ, Akkusativ):

  • Wéi eng Persoun sot dat? (Fem., Sg., Nom.)
  • Wéi eng Persoun sichs de? (Fem., Sg., Akk.)
  • Wéi eng Persoune soten dat? (Pluriel, Nom.)
  • Wéi eng Persoune sichs de? (Pluriel, Akk.)

Also kuck der och emol d'Form vum Indefinitartikel "keng" un. Dee kann ech och am Pluriel benotzen an da gesäit en esou aus wéi de Singulier vum Femininum:

  • Et ass keng Drëps gefall.
  • Et si keng Drëpse gefall.

An hei kënnt et engem awer net sou komesch vir, well mer hei net duerch en Zuelwuert beaflosst gi wéi bei "eng" fir eeben och "eng Fläsch Wäin", eng eenzeg. Mee den "eng" ass jo net just eng Zuel, mee och Indefinitartikel: en Apel oder eng Mandarine iessen.

An déi Saach mat "eng 300 Leit"?

Hei ass et natierlech méi eng speziell Konstruktioun, mee ech ginn elo dovunner aus, datt een den "eng" och als Pluriel ze verstoen huet fir "geschätzt 300 Leit". An deem Sënn huet et jo och eppes Onbestëmmtes, et ass een net ganz prezis mat der Zuel, et ass just en approximative Wäert.

Ech hu mech dunn op d'Sich no änleche Konstruktioune mat "eng" gemaach an dann och Fäll fonnt wéi "wat iergendeng Leit am Internet maachen". Dee Gebrauch ass zwar manner verbreet, mee och hei weist sech den "eng" a Kombinatioun mat engem Pluriel (an der Bedeitung "irgendwelche"). Dofir mengen ech, datt mer d'Funktioun vum "eng" nach net ganz verstanen hunn an datt een nach méi doriwwer erausfanne sollt!

A wann s de eppes Neies erausfënns, da sees de eis direkt Bescheed!

Ech halen Iech um Lafenden, och am neie Joer!

Da soe mer der Merci, wënschen dir e gudde Rutsch a mir freeën eis op de Januar.

Merci och, bis geschwënn an natierlech e gudde Rutsch!

Méi zum Thema

Caroline Döhmer 3
Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

A wat huet Sproochwandel mat Stau ze dinn? D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eppes iwwer Synonymmer a Sproochwandel.

Caroline Döhmer
Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Kniddel, Knuet, knuutschen - wat hunn dës Wierder gemeinsam? Et geet ëm eppes, wat zesummegedréckt gëtt, erkläert d'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen