Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gruff Rhys - Silver Lining (Lead Balloons)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den "eng" a Kombinatioun mat engem Pluriel

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Den "eng" a Kombinatioun mat engem Pluriel

Déi Kéier geet et ëm eng ganz besonnesch lëtzebuergesch Konstruktioun: Nominalphrase vum Typ "eng 300 Leit". D'Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch mat der Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

auto_stories

2 min

Simon Larosche: Wéi eng kuriéis Konstruktioun wollts de eis dann haut erklären?

Caroline Döhmer: Et geet haut ëm Nominalphrase vum Typ "eng 300 Leit".

A firwat ass déi sou besonnesch?

Fänke mer mol mat der Form "eng" hunn. Hei hu mer en indefiniten Artikel (een/eng), deen am Femininum Singulier ass, wéi bei "eng Kaz" oder "eng Këscht". An elo kann deen op eemol mat engem Pluriel kombinéiert ginn. Also wann ech der dat elo mat engem maskuline Singulier bauen, da wäerts de mierken, datt dat am Pluriel zimmlech falsch wierkt: e Fliger, okay, well Singulier. Mee am Pluriel mat engem Zuelwuert "en 100 Fligeren"?

Okay, dat kléngt wierklech falsch.

Genee, eigentlech hu mer e Fall, wou d'Kongruenz net stëmmt. Ech géif mer bei engem Substantiv am Pluriel och en Artikel am Pluriel erwaarden, oder guer keen Artikel. Also mer verhalen eis, datt ech e feminine Singulier mat engem Pluriel dierf verbannen: eng 100 Fligeren. Et ass awer net iergendee Pluriel: e muss ëmmer begleet gi vun engem Zuelwuert. Also mer hunn dat bei: eng 30 Minutten, eng 5 Stonnen, eng 100 Autoen, eng 200.000 Mënschen, eng 100 bis 200 Vullenaarten asw.

Gemengt sinn hei natierlech ëmmer approximativ Wäerter, also Schätzungen. Et kéint ee jo och soen "ronn 30 Minutten", "ronn 100 Autoen" asw.

Deen nächste Punkt ass: De Femininum. Dee passt eigentlech och net iwwerall. Dës Konstruktioun kann och viru Wierder stoen, déi Maskulinum oder Neutrum sinn, also wou den "eng" tendenziell guer net hipasst: e Fliger (Mask.), awer: eng 100 Fligeren. Ee Kand (Neutr.), awer: eng 500 Kanner.

A wéi kënnt dat, datt deen "eng" esou op där Plaz festhänkt, wou en eigentlech guer net dierft stoen?

Dat ass eng gutt Fro. Et ass dovun auszegoen, datt et eng aner Moosseenheet oder Quantitéitsbezeechnung gouf, déi virdrunner do stoung wéi: eng Rei Fligeren oder eng Dose Fligeren. Dat ass grammatesch plausibel, well den "eng" bezitt sech, esou wéi een et géif erwaarden, op e Substantiv am Femininum Singulier, nämlech "Rei" oder "Dosen".

An de Slot vun der Moosseenheet, deen an dëse Beispiller "Rei" oder "Dosen" ass, gëtt elo duerch en Zuelwuert ersat. Den "eng" bleift stoen an de Pluriel bleift stoen. An esou kéim et dann zu der Konstruktioun: eng 100 Fligeren.

Dat Ganzt geet natierlech och am Dativ: d'Sammlung besteet aus enger 500 Konschtwierker, mat enger 30 Zorte Kéis. Hei ass d'Form dann "enger", mee och hei gëllt, datt de Femininum an de Singulier am Prinzip net zum Rescht vun der Konstruktioun passen. An ech wette mat dir, datt och kee Mammesproochler sech bis elo dorunner gestouss huet.

Se gëtt och wierklech vill benotzt.

Absolut!