Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Swamp Dogg - Count The Days Feat. Jenny Lewis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Drécker- a Spillkaartemusée zu Maacher

Muséeën iwwer Bierg an Dall

Den Drécker- a Spillkaartemusée zu Maacher

Am Musée vum Kulturhuef sinn zwou permanent Ausstellungen ze gesinn. Engersäits d'Expositioun Dieudonné, déi sech de Spillkaarten dediéiert, anerersäits d'Expo Gutenberg, wou et ëm d'Dréckergeschicht geet.

auto_stories

2 min

Am Musée vum Kulturhuef sinn zwou permanent Ausstellungen ze gesinn: eng am Spillkaartemusée, déi aner am Dréckermusée.

D'Expo iwwer de Johannes Gutenberg

D'Expo Gutenberg retracéiert d'Geschicht vun dëser Manufaktur an thematiséiert d'Evolutioun vun de Schaffmethoden. De Johannes Gutenberg gëllt als den Erfinder vum moderne Buchdrock. D'Benotze vu beweegleche Lettern huet d'Method vum Buchdrock revolutionéiert. Säin Haaptwierk ass d'Gutenberg-Bibel, déi tëschent 1452 a 1454 entstanen ass. Deemools goufen 180 Bibele produzéiert.

Zu Lëtzebuerg huet d'Buchproduktioun eréischt 1598 ugefaangen. Wéi 2000 de Kulturhuef seng Dieren opgemaach huet, gouf et eng éischt Ausstellung zu Éiere vum Gutenberg, déi d'Zäitlinn 1850 bis 1950 thematiséiert huet. 2018 gouf se nei iwwerduecht. De Visiteur geet un Hand vun Texter, Biller, Filmer a Maschinnen de Wee vum Buch vun der Gutenberg-Zäit bis haut. Um Enn vun der Visitt däerf een och selwer drécken.

2018 krut d'Ausstellung "Gutenberg revisited" 2018 de Label Année Européenne du Patrimoine Culturel #EuropeForCulture.

De Spillkaartemusée

Déi zweet Expo am Kulturhuef ass déi vun de Spillkaarten, déi deem Mann zu éiere kënnt, deen tëschent 1755 an 1880 Spillkaarte produzéiert an exportéiert huet. De Jean Dieudonné vun Diddenuewen war e franséische Fabrikant vu Spillkaarten. Hien huet zu Metz säi Beruff geléiert a sech 1754 zu Gréiwemaacher etabléiert an eng Spillkaartefabrick gegrënnt.

D'Dieudonné-Ausstellung zitt souguer Parallellen tëschent den Auswierkunge vun der Erfindung vum Buchdrock bis hin zur haiteger Digitalisatioun. Zwou Techniken, déi allebéid d'Gesellschaft an d'Kommunikatioun vu Grond op revolutionéiert a verännert hunn.