Radioen

On air

Notturno  |  James Blake - Retrograde

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Aquarium zu Waasserbëlleg

Lëtzebuerg entdecken

Den Aquarium zu Waasserbëlleg





Ënnen op der Musel, zu Waasserbëlleg gëtt et hei am Land en Aquarium, eppes wat vill Leit vläicht net wëssen. An do ginn et net nëmmen déi heemesch Fësch ze gesinn.

auto_stories

2 min

1975 scho gouf den Aquarium zu Waasserbëlleg gegrënnt. Ganz am Ufank mat nëmmen zwee Aquariumen, an deenen een déi heemesch Fësch aus der Musel a Sauer konnt gesinn. "An iergendwann ass vun de Fëscher hei an der Regioun gefrot ginn, fir méi dorausser ze maachen", seet d'Cindy Gehlen, Coordinatrice Generale beim CIGR. Et gëtt ee Raum mat Salzwaasser-Becken an ee Raum mat Séisswaasser-Becken.

Déi Fësch schwammen a 15 verschiddenen Aquariumen, déi tëschent 300 a 40.000 Liter variéieren, an dat a beplanzte Waasserlandschaften, an deenen alles natierlech ass, also ouni Plastik geschafft gouf. All Joer probéiert een och nach eppes Spezielles unzebidden.

"Mir haten och scho mol e puer Haien, déi mir mat der Pipette groussgezunn hunn, mee well mir vun der Gréisst an de Raimlechkeete begrenzt sinn, hu mir déi dann awer missen ofginn. Mir kucken awer, datt mir reegelméisseg fir eis Visiteuren nei Attraktivitéiten hunn. Zum Beispill hu mir fir dës Saison e sechseckegen Aquarium organiséiert, wou mir Séipäerdercher dran halen."

Wann ee Chance huet, ass ee grad am Aquarium, wann d'Fësch gefiddert ginn. Dann ass natierlech am Waasser e bëssen Opreegung. Soss kann ee sech am Virfeld och eng Visitt buchen, an d'Kanner kënnen nom Besuch nach op déi grouss Spillplaz, déi zum Aquarium gehéiert.

Esou d'Cindy Gehlen vum CIGR Kanton Gréiwemaacher, déi fir d'Gestioun vum Aquarium responsabel ass. Déi Spillplaz huet och e maritimt Theema, also ganz passend. A well den Aquarium direkt um Vëloswee laanscht d'Sauer läit, ass et och e flotten Tëschestopp, fir mol eng Paus ze maachen. E Besuch am Aquarium zu Waasserbëlleg kann een och nach mat der Visitt vun enger anerer Attraktioun op der Musel verbannen. Duerch eng Kooperatioun mam Päiperléksgaart zu Gréiwemaacher kéint een och Kombi-Ticketen ubidden, fir déi zwou Plazen ze besichen, esou Cindy Gehlen.