Emissioun fir Kanner Den 100,7-Klassesall vum 23. Mäerz

Haut hu mir vill wëlles an eisem radio 100,7-Klassesall! Mam Patrick Michaely vum natur musée entdecke mir de Stärenhimmel. De Maurice Molitor erkläert, wou d'Wuert Quarantän hierkënnt. Mam Julie Treff gi mir bei dem Renert säi Fiisschen, mam Filipe Lima Da Cunha vum Script rechne mir am Kapp an de Mister science weist eis, wéi een e Spiiss an e Ballon ka stiechen, ouni datt e platzt. Wann dir Froen, Iddien a Meenungen hutt, da schreift eis op klassesall@100komma7.lu

Valerija Berdi / Patrick Michaely / Julie Treff / Maurice Molitor / cz

Den Elias, de Sami an de Patrick Michaely
Den Elias, de Sami an de Patrick Michaely

An enger Weltraumkapsel doheem

Wat maachen d'Leit, déi am natur musée schaffen dann elo, wou deen zou ass? Den Direkter Patrick Michaely a seng Ekipp mussen och elo doheem bleiwen, mee si langweile sech guer net. Si kënnen nei Ausstellunge virbereeden a si kënnen um Computer un de Sammlunge schaffen, well vill Objete goufe schonn digitaliséiert. Dat heescht, se si fotograféiert oder gefilmt ginn, an d'Biller si fir d'Fuerscher op den Internet gesat ginn. Souguer déi ganz Ausstellung vum natur musée kënne mir um Internet kucken. naturmusee.lu aginn, op 3D-Visit klicken an da sidd dir matten am Musée dran a kënnt ganz a Rou ären eegenen Tour maachen.

Wat een awer och nach kann entdecken an dat ganz ouni Computer, dat ass den Nuetshimmel, well deen ass dëser Deeg vill manner vu Wolleke bedeckt. Ganz gutt kritt een d'Venus nieft der Moundséchel ze gesinn. Annerhallef Stonn nodeem d'Sonn ënnergaangen ass steet d'Venus am Westen héich am Himmel a liicht richteg hell tëschent all de Stären. Gitt mat op d'Rees mam Sami a mam Elias an natierlech och mam Patrick an de Stärenhimmel.

Mir schreiwen e Buch!

Ugefaange mam groussen Opruff un eis jonk Autorinnen an Auteuren: De Lëtzebuerger Schrëftsteller Roland Meyer schreift mat iech e Buch! Muer de Moie liest de Rol den Ufank vun dësem Roman, deen dir mat him schreift! Wéi dat genee geet, dat huet de Rol ganz genee erkläert. Hie sammelt Är Virschléi a verschafft déi dann an dësem Roman. Dir sidd dann och all mat Auteur an Autorinne vun dësem spannende Wierk.

Är Texter kënnt dir eis eraschécken: klassesall@100komma7.lu

Wie sinn ech?

Wann all Mënsch schléift, da sinn ech waakreg a ginn op d'Juegd. Normalerweis liewen ech am Bësch a gëllen als ganz schlau.
Ech gläichen engem Hond, mee sinn awer e wëllt Déier a si meeschtens eleng ënnerwee.
Mäi Fell ass an der Reegel rout-brong, mäi Bauch ass wäiss, a meng Ouere sinn esou gutt, datt ech eng Maus aus 100m Distanz ka quiken héieren!

Dir hutt et bestëmmt schonn erroden, mir sichen natierlech de Fiisschen!

Haut schwätze mir allerdéngs net vum Fuuss, deen am Bësch lieft, mee mir wëllen iech eppes zielen iwwer de Fiisschen, deen an der Stad wunnt. E gëtt och nach Reenert genannt. Dëse Fiissche gouf als Erënnerung un de bekannte Lëtzebuerger Auteur Michel Rodange opgeriicht. De Michel Rodange huet vun 1827-1876 gelieft. Hien huet eng Geschicht iwwer de Fuuss geschriwwen, méi genee eng Fabel, also eng Erzielung, wou ënner anerem d'Déiere kënne schwätzen a mënschlech Zich unhuelen.
Dem Fiissche seng Skulptur gouf 1932 mat groussem TamTam um Knuedler ageweit. Souguer de Prënz Felix war deemools derbäi, genee wéi dem Michel Rodange seng Meedercher Elise a Marguerite, an 200 anere Leit.
Dat imposant Monument gouf vum Moler Jean Curot gezeechent, a vun de Sculpteure François Demuth an Ernest Grosber kreéiert. De Fiissche besteet aus wäissem Sandsteen an ass 1m10 héich. Et gëtt verzielt, datt e Professer aus dem Arts-et-Métiers säi Schéiferhond geholl huet, fir Modell ze stoen.
Dem Fiisschen seng Originalskulptur gouf am November 1979 geklaut. Gott sei Dank gouf se e puer Joer dono nees erëmfonnt, mee fir datt esou eppes net nach eng Kéier geschitt, steet den Original elo an der Dauerausstellung vum Lëtzebuerg City Museum a gëtt gutt bewaacht. Um Knuedler steet zanter 1981 eng Kopie. En aneren Numm fir dëse Fiisschen ass: de Fuuss a Frack an a Maansgréisst.
Wat flott ass, de Fiissche steet net eleng um Knuedler. Matt him sinn nach dräi aner Déieren do:
zwee bronze Léiwe vum Auguste Trémont, déi bei der Gemeng stinn, a e bronzent Päerd, wou de Wëllem den 2. drop setzt, de Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.

D'Experiment vum Dag, zesumme mat science.lu

De Mister Science alias Joseph Rodesch vu Science.lu proposéiert folgend Experiment:

E Loftballon opblosen an e Knuet maachen. Dann e Schaschlickspiiss duerch den Ballon stiechen, ouni datt e plazt!

An hei ass den Trick: Un der Spëtzt vum Ballon an ënne beim Knuet ass de Latex e bësse méi déck. Suerg dofir, datt de Spiiss genee duerch déi Beräicher duerchgeet. Uuups, ass de Loftballon elo awer geplatzt? Dann zapp de Spiiss virdrun a Spüli oder an Ueleg, da misst et klappen. Vill Spaass!

De Mister Science beäntwert iech awer och all Froen, déi eppes mat Wëssenschaft ze dinn hunn, schreift eis déi op klassesall@100komma7.lu oder schwätzt eis se op WhatsApp op der Nummer: 621 44 00 44.

News fir Kanner: Wouhier kënnt d'Wuert Quarantän?

E Wuert, dat een am Moment dacks an den Noriichten héiert, ass d'Wuert "Quarantän". Dat ass e Wuert, dat dir vläicht net kennt. Oder Dir kennt et, ma Dir verstitt net, wat dat mat deem Virus ze dinn huet, mat deem déi ganz Welt am Moment geplot ass.

Et gi Leit, déi elo wéinst dem Coronavirus a Quarantän gesat ginn, et ginn och Leit, déi sech selwer a Quarantän setzen. Déi däitsch Bundeskanzlerin mécht dat zanter gëschter, hu der vläicht matkritt. Leschte Freideg war si vun engem Dokter geimpft ginn, deen - mee dat koum eréischt gëschter eraus - de Coronavirus huet. An dofir bleift d'Angela Merkel elo mol léiwer e puer Deeg doheem, fir ze kucken, ob si vun deem Dokter ugestach gouf a virun allem fir selwer keen aneren unzestiechen. Well dat ass jo de Problem: et kann ee Leit ustiechen, och wann ee sech nach ganz gesond a monter spiert a mol guer net weess, datt ee selwer ugestach ass.

Vun deem Moment u wou een de Virus iergendwou opreeft bis dee Moment, wou ee richteg krank gëtt, kënne 14 Deeg vergoen. Dofir ass et virsiichteg, wann ee e Verdacht huet, sech 14 Deeg vun all Mënsch ewech ze halen. An dat nennt ee Quarantän. Am Fong misst een also "Quatorzän" soen, wéi quatorze - 14, dat wär méi richteg. Mee Quarantaine ass eben deen ale Begrëff, dee viru méi wéi 600 Joer geholl gouf, fir dat ze beschreiwen, wat ech Iech elo grad erkläert hunn.

Well deemools gouf et ganz eng elle Krankheet, déi een net heele konnt: d'Pescht. Et war awer gewosst, datt een, deen d'Pescht iwwerlieft hat, no 40 Deeg keen anere méi ustieche konnt. Zu Venedeg, wou vill Schëffer aus frieme Länner ukomm sinn, wou een net wosst - sinn d'Leit, déi drop si krank oder net? - gouf dofir decidéiert, datt déi Leit eréischt no 40 Deeg vum Schëff u Land hunn däerfe goen. No enger "quarantaine de jours", wéi d'Fransouse géife soen. Voilà. Lo wësst dir, wou de Begrëff hierkënnt.


Weider Informatiounen op schouldoheem.lu/

An der Mediathéik:

Lauschteren

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen