Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ dem Pol säi Kaddo, de Kaddo vum Pol

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

dem Pol säi Kaddo, de Kaddo vum Pol

D'Theema aus dem Homeoffice ass de Beräich vun der Possessioun, wéi am Saz: menger Mamm hiren Auto. D'Caroline Döhmer aus dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch weess méi.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Simon Larosche: Du bass bei dir doheem an du hëls haut am Homeoffice op.

Caroline Döhmer: Jo, ganz genee. Dat ass awer kee Grond, fir mat eiser Episod ze pauséieren!

Nee, dat sécher net. Wat ass dann däin Theema vun haut?

Mäin Theema haut ass de Beräich vun der Possessioun, wéi am Saz: menger Mamm hiren Auto.

Possessioun - dat huet also eppes mat Besëtz ze dinn?

Jo, mee net nëmmen. Also Possessioun heescht streng geholl e Besëtzverhältnes, mee am grousse Ganze falen ënner d'grammatesch Funktioun "Possessioun" eng Rei aner Konzepter.

... déi s de eis bestëmmt elo opziels.

Genee, mer hunn nieft dem Besëtz (dem Bopa säin Haus) och Deel-vun-Bezéiungen (den Daach vum Haus), Urheeberrelatiounen (dem Einstein seng Theorie), familiär Relatiounen (menger Mamm hire Cousin) oder aner Verhältnesser tëschent Géigestänn, Persounen an Déieren (mengem Hond säi Liblingsfudder).

Dat versteet een also alles ënner dem Begrëff Possessioun?

Genee, aus der funktionaler Perspektiv. A wa mer eis elo all dës Beispiller ukucken, dann hu se entweeder den Opbau: d'Jackett vum Jackie oder dem Jackie seng Jackett. Mer hunn eemol eng Konstruktioun mat der Prepositioun "vun" an eemol eng Konstruktioun mam Dativ "dem X säin". Déi nennt een och possessiven Dativ.

A wéini gëtt wéi eng Konstruktioun geholl?

Genee dat hunn ech versicht erauszefannen. Kucke mer eis emol d'Konstruktioun mam Dativ un: "dem Jackie seng Jackett". An dëser Konstruktioun hunn ech d'Jackie, deem eppes gehéiert: eng Jackett. D'Jackie ass also de Possessor an d'Jackett de Possessum. Ech kann d'Dativkonstruktioun dann huelen, wann 1. de Possessor belieft ass (Mënsch oder Déier) an 2. de Possessor net ze laang ass. Den Dativ fanne mer effektiv meeschtens bei Persounen, déi eppes besëtzen oder den Urheeber vun eppes sinn.

Beim possessiven Dativ gëtt de Possessor jo als éischt genannt: dem Jackie seng Jackett. An do dierf den éischten Deel einfach net ze laang sinn. En huet meeschtens den Opbau: Artikel + Substantiv. An de Possessor muss belieft sinn, well eppes wéi "dem Haus säin Daach" oder "dem Brout seng Kuuscht" geet net richteg an där Konstruktioun.

An do geet awer dat mat "vun"?

Genee, do géif een da soen "den Daach vum Haus" oder "d'Kuuscht vum Brout".

Dës Konstruktioun ass am Lëtzebuergesche ganz wäit verbreet, mee se féiert och zu Onkloerheeten. Wann ech zum Beispill soen "mengem Papp säi Kaddo", heescht dat dann, datt et de Kaddo ass, dee mäi Papp verschenkt oder deen hie geschenkt kritt?

Ech géif soen, déi zwee.

Genee, hei gëtt net däitlech, wéi eng Relatioun tëschent dem Kaddo an dem Papp virläit. Dat wier anescht bei der "vun-Konstruktioun". "De Kaddo vu mengem Papp" ass dann eppes, wat hie verschenkt huet.

Sou Onkloerheete gëtt et awer och bei der vun-Konstruktioun. "Eng Foto vum Pol" kann eng Foto sinn, déi hie gemaach huet, mee och eng Foto, wou hien drop ass. Bei "dem Pol seng Foto" ass et tendenziell e Bild, dat dem Pol gehéiert oder dat hie gemaach huet, mee net wou hien drop ass.

A gëtt et soss nach eppes Kuriéises aus dem Beräich vun der Possessioun?

Also, ech kann de possessiven Dativ och mat engem Pronomen opbauen: him seng Aufgab, hinnen hir Aufgab. Hei géif jo tendenziell "seng Aufgab" oder "hir Aufgab" vun der Informatioun hier duergoen. Dat fannen ech ganz cool, datt een dat sou "doppelt gemoppelt" ausdréckt.

An da geet dat och net mat all Pronomen. Ech kann net soen: mir meng Aufgab, hir hir Aufgab oder iech är Aufgab.