Zäithistoriker Déi vergiessen Auslänner, déi d'Land erëm opgebaut hunn

Nom Krich huet Lëtzebuerg erëm de Lëtzebuerger gehéiert. D'Auslänner hunn awer eng extrem wichteg Roll an der Rekonstruktioun vum Land gespillt. Eng Kategorie vun auslänneschen Aarbechter ass awer gréisstendeels vergiess ginn: déi 5.000 däitsch Krichsgefaangener, déi vun 1945 bis Enn 1947 zu Lëtzebuerg waren. Eng Chronik vum Vincent Artuso.

Vincent Artuso / cz

Vincent Artuso
Vincent Artuso

Nom Zweete Weltkrich war d'Land zum Deel zerstéiert an déi meescht Famillen hunn ëm Verstuerwener getrauert. Mee d'Land war erëm fräi a souverän. En Dram war realiséiert ginn: Lëtzebuerg huet de Lëtzebuerger gehéiert. Dat Drëtt Räich, déi friem Muecht déi Lëtzebuerg de-facto annektéiert hat, versicht hat seng Identitéit ze zerstéieren, war selwer vernicht ginn.

En aneren Aspekt huet zum Klima vun nationaler Operstéiung bäigedroen. D'Proportioun vun Auslänner war no der Liberatioun op 10 Prozent gefall, déi niddregst zu Lëtzebuerg am 20. Joerhonnert. Wéinst der katastrophaler ekonomescher Situatioun mee och duerch Flucht, Verdreiwung an Ausweisungen haten Dausende vun Auslänner d'Land verlooss. A Realitéit war d'Situatioun awer e bësse méi komplizéiert. Eng wichteg auslännesch Main-d'oeuvre gouf deemools nämlech an den Awunner-Statistiken ignoréiert: déi däitsch Krichsgefaangener, déi fir d'Rekonstruktioun vum Land benotzt goufen.

Hir Geschicht ass wéineg bekannt. An de leschte Joren huet ee Student, den Thierry Paulus, eng Masteraarbecht zu dësem Sujet ofginn. De Musée national d'histoire militaire vun Dikrech ass och amgaang eng Ausstellung opzebauen, an där vu Juni un d'Schicksal vun de Prisonéier thematiséiert gëtt. Soss ginn et och nach eng gutt Rei vun Archiven, déi just drop waarde consultéiert ze ginn.

Eng ausgeléinte Main-d'oeuvre

D'Amerikaner haten de Lëtzebuerger bis zu 5.000 däitsch Krichsgefaangener souzesoen ausgeléint. Eenzel Prisonéier waren direkt bei hirem Employeur logéiert. Déi meescht goufen awer an de Lagere vu Wolz, Uewermaartel, Ettelbréck, Mutfert, Schraasseg, Konsdref an Esch-Uelzecht ënnerbruecht. Hir Liewenskonditioune waren am allgemengen éischter gutt.

Dat kann een zum Beispill am Rapport vun engem Representant vum Comité international de la Croix-Rouge noliesen. Dee war speziell vu Genf komm fir déi verschidde Lageren tëschent dem 30. Januar an dem 2. Februar 1946 ze inspizéieren. Iwwer d'Lager vu Schraasseg schreift hien zum Beispill:

"A une dizaine de kilomètres au sud-est de Luxembourg, le Reichsarbeitsdienst avait ouvert pendant la guerre deux centres de travail. Huit baraques extrêmement bien disposées sur le flanc d'une colline boisée, exposée au sud, forment le camp. [...] Dès notre entrée, l'installation de ce camp de prisonniers a suscité notre admiration. Les prisonniers de guerre logent dans les baraques par chambrées; ils dorment sur des lits munis de paillasses et de deux couvertures. Des douches chaudes et froides, répondant aux dernières exigences modernes, sont installées dans un baraquement chauffé et les prisonniers s'y rendent trois fois par semaine. L'infirmerie occupe un baraquement dont nous ne croyons pas nécessaire de donner une description détaillée, car ces installations sont très bien conçues."

De Representant vun der Croix-Rouge huet och d'Qualitéit an d'Quantitéit vum Kascht gelueft. D'Prisonéier, déi an engem kalamitéisen Zoustand ukomm waren, waren elo all aarbechtsfäeg a meeschtens gesond. Am Fall vun Aarbechtsaccidenter hate si déi selwecht Garantië wéi d'Lëtzebuerger Zivilaarbechter. Pro Dag hu si néng Frang verdéngt.

Absolut onverzichtbar Aarbechtskräften

Dat bedeit elo net, datt d'Situatioun absolut idyllesch war. Am Lager Ettelbréck koum et zu engem Konflikt. D'Krichsgefaangener hunn d'Attitüd vun hire Wiechter ugeprangert. Den Thierry Paulus schreift och, datt et vereenzelt zu Ausernanersetzunge mat der Lëtzebuerger Bevëlkerung koum. Besonnesch wann däitsch Prisonéier dobausse mat Zivilkleeder erwëscht goufen.

Natierlech gouf et eng gewëss Hostilitéit. Dacks sinn d'Krichsgefaangener als "houer Preisen" vernannt ginn. Mee déi Germanophobie kann een zum Deel relativiséieren. Éischtens well déi Auslänner keng Friemer waren, wéi d'Italiener zum Beispill. Et ware Cousinen, mat deenen d'Lëtzebuerger zwar Streit haten, mee eben nach Cousinen. Dobäi kënnt nach, datt Verschiddener perséinlech Lienen mat Lëtzebuerger opgebaut hunn, zum Beispill déi déi bei Bauerefamille gehaust hunn. A schlussendlech ware si a verschiddene Secteuren absolut onverzichtbar an dowéinst geschätzten Aarbechtskräften.

Zwee Drëttel vun hinnen hunn an der Landwirtschaft geschafft. Zu Esch-Uelzecht sinn d'Krichsgefaangener awer éischter vu Baufirme beschäftegt ginn. An déi 50, déi zu Uewermaartel waren, hunn an de Schifergrouwe geschafft. Anerer ware Schräiner, Gäertner, Metzler a souguer Ingenieuren.

Eng Katastroph fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft

Enn 1946 hunn d'Amerikaner de Lëtzebuerger awer annoncéiert, datt et Zäit géif ginn d'Befreiung vun de Prisonéier ze preparéieren. Et gouf decidéiert, datt si tëschent dem 15. Mäerz an dem 15. Juli 1947 a Gruppe vu 750 bis 1.000 Leit géifen heem geschéckt ginn. Am August 47 hunn d'Lëtzebuerger Autoritéiten awer annoncéiert, datt déi lescht Prisonéier eréischt Enn September géifen entlooss ginn. Schlussendlech goufen déi lescht däitsch Krichsgefaangener am November 1947 befreit.

Firwat huet et esou laang gedauert? Mee well déi Decisioun vun den Amerikaner eng Katastroph fir Lëtzebuerg war. D'Land war matten an der Rekonstruktioun a seng Ekonomie huet sech séier erholl. Déi gréisst Gefor war zu deem Zäitpunkt déi feelend Main-d'oeuvre. Am Februar 1947 hat de Landwirtschaftsministère dem Ausseministère geschriwwen, datt 4.000 Aarbechtskräften an der Landwirtschaft géife feelen:

"Cette situation est alarmante. Elle doit retenir l'attention toute spéciale du Gouvernement. Pour ce motif je serais bien aise de connaître les intentions du Ministère des Affaires étrangères en ce qui concerne l'opportunité d'embaucher des 'displaced persons'. Est-ce que le Ministère des Affaires étrangères maintient intégralement son point de vue, que pour des raisons d'ordre international cette solution ne se recommande pas? Dans le cas contraire, la lacune creusée par le retrait des prisonniers de guerre pourrait être comblée assez rapidement. Quoi qu'il en soit, je suis d'avis qu'il y aurait lieu de faire des démarches auprès des autorités françaises d'occupation à Baden-Baden en vue d'obtenir l'autorisation d'embaucher des ouvriers agricoles dans la région de l'Eifel. Nos agriculteurs préfèrent évidemment pouvoir occuper des ouvriers allemands qui ont la pratique des travaux agricoles, qui parlent et comprennent la langue et connaissent les us et coutumes du Grand-Duché. Enfin, je voudrais suggérer de ne pas perdre de vue la proposition d'embaucher des ouvriers italiens."

Ekonomesche Pragmatismus

Bei deenen "displaced persons" huet et sech haaptsächlech ëm Leit aus Polen oder de baltesche Länner gehandelt. D'Regierung huet awer dës Léisung ausgeschloss. Et war nämlech onméiglech déi Leit, falls néideg, heem ze schécken, well hir Heemechtslänner vun der Sowjetunioun besat waren. Däitsch Aarbechter aus de Grenzregiounen kommen ze loossen, wéi dat virum Krich üblech war, war och onméiglech. Dëst Kéier hu sech d'Fransousen dogéint gewiert. Déi Main-d'oeuvre wollte si fir sech halen.

D'italienesch Optioun huet sech da bal vum selwen imposéiert. Mee dat war guer net esou evident. D'Italiener goufen wéi Feinden ugesinn. En Deel vun hinnen hat sech effektiv op der Säit vun de Faschisten engagéiert. Wéi d'Belsch am Juni 1946 en Ofkommes mat Italie fonnt huet fir italienesch Aarbechter ze rekrutéieren, huet d'Regierung fonnt, datt eng änlech Léisung zu Lëtzebuerg prematuréiert wier.

Mee d'Situatioun huet ganz séier evoluéiert. Am September 1946 huet de Justizministère op eemol fonnt, datt et am Prinzip an der Rei wier, engem Italiener eng Aarbechtserlabnis ze ginn - soulaang hie wärend dem Krich eng korrekt Attitüd hat. 1948 gouf dann en Accord mat Italien ënnerschriwwen. Den ekonomesche Realismus huet triumphéiert. Lëtzebuerg huet vläicht erëm de Lëtzebuerger gehéiert, mee seng Wirtschaft huet onbedéngt Auslänner gebraucht fir ze wuessen. Knapp e puer Joer nom Krich war dat schonn evident.

Evident war och, datt d'Land seng Awanderung misst diversifizéieren. Interessant ass an deem Kontext de Bréif, deen d'Direktioun vun der Société anonyme Ardoisières vun Uewermaartel am September 1946 dem Ausseministère geschéckt huet:

"Faisant suite à notre dévouée du 22 août année courante au sujet d'un embauchage éventuel d'ouvriers étrangers, nous avons l'honneur de vous faire savoir qu'un de nos amis d'affaires français nous signale qu'il a fait de très bonnes expériences avec des ouvriers portugais."

An der Mediathéik:

Zäithistoriker / / Vincent Artuso
Lauschteren

Méi zum Thema

Keeseminnen
Zäithistoriker

D'Äerzbunkeranlag um Site vun der Terre-Rouge-Schmelz ass net nëmmen eng Landmark vum Hieler/Grenzer Quartier, mee erzielen och e wichtegt Stéck vun der technologescher a sozialer Geschicht vum Bassin minier.

Denis Scuto
Zäithistoriker

Nei Fuerschungen zur Haltung vum Lëtzebuerger Staat zu de Judden an der Nokrichszäit: de Forum Z vum C2DH huet sech mat der Geschicht an der Memoire vum Holocaust beschäftegt.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen