Radioen

On air

De Moien  |  De Rëmelenger Arboretum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi lescht mediterran Mönchen

Mönchsrobben a Griichenland

Déi lescht mediterran Mönchen

D'Mönchsrobben (lat.: Monachus Monachus), déi am Mëttelmier doheem sinn, si mat déi bedrohtste Mamendéieren a ganz Europa. Vun de geschate 600 Individuen, déi et am Mëttelmier ginn, soll bal d'Hallschent vun hirer Populatioun a griichesche Gewässer liewen.

auto_stories

4 min

Eenzel Mönchsrobben sollen och nach op verschiddene Plazen am Atlantik sinn.

D'Eleni Tounta schafft bei der Organisatioun MOm op der griichescher Insel Alonissos, tëschent Thessaloniki an Athen. MOm ass eng ONG, déi sech ëm de Schutz an d'Fuerschung ronderëm d'Mönchrobben këmmert.

D'Eleni Tounta schafft fir d'Organisatioun MOm zu Alonissos

Ugefaangen 1988 mat ongeféier 20, 22 Biologen, zielt MOm haut eng 8.000 Memberen, esou d'Eleni Tounta.

"Mir hunn eise Projet hei zu Alonissos ugefaangen, well mir woussten, datt et hei eng gutt Populatioun vu Mönchsrobbe gëtt a wollten hei e Mierespark opmaachen."

D'Zil vu MOm ass et, déi genee Zuel un Individuen ronderëm Griichenland ze erfuerschen a Schutzzonen anzeriichten.

Vu kritesch bedroht op bedroht agestuuft

Duerch hiert Engagement gouf erreecht, datt d'Mönchsrobben op der Rouder Lëscht vun der Weltnaturschutzsunioun IUCN vu kritesch bedroht op bedroht agestuuft goufen. Mee d'Mönchsrobben sinn ëmmer nach ville Geforen ausgesat, seet d'Eleni Tounta. Ënner anerem duerch d'Klimakris. An hire "gréissten an eenzege Feind, de Mënsch".

Vill Leit hätten d'Séihënn ëmbruecht. Net wéinst hirem Fleesch, mee well si de Fëscher vill Schied an hiren Netzer gemaach hunn.

"En anere Grond ass hire Liewensraum. Mönchsrobben ernäre sech virun allem vu Fësch oder Tëntefësch - och déi ginn an hirem Habitat an iwwerhaapt am Mëttelmier ëmmer manner. Si fannen also näischt méi z'iessen."

Donieft ginn ëmmer méi Hotellen oder Stroosse laanscht d'Küste gebaut. D'Konsequenz dovun ass, datt de Liewensraum vun den Déieren och doduerch méi kleng gëtt. D'Mieresverschmotzung oder d'Verfänken a Fëschernetzer si weider Geforen.

"Mir päppele se op a loosse se nees fräi"

D'Mönchsrobben, esou d'Eleni Tounta, sinn iwwer d'Joren extrem mënscheschei ginn, well si se joerhonnertelaang verfollegt goufen. D'Séihënn liewen an Höhle ronderëm Buchten, wou net esou vill Mënsche sinn an dës sinn dacks nëmmen duerch Tauchen ze erreechen. An den Hiele schlofen d'Mamendéieren an zéien och hir kleng Bëbeerobbe grouss. Ronn aacht Klenger kréien d'Mönchsrobben all Joer ronderëm déi griichesch Insel Alonissos.

"Déi kleng Séihënn kënne schwammen, mee si sinn net kräfteg. Si ginn ongeféier dräi bis dräi an en hallwe Mount vun hirer Mamm gefiddert. Heiansdo kënnt et vir, datt si duerch d'Wellen oder schlechtem Wieder aus hirer Hiel erausgerappt ginn. Well si net staark genuch sinn, fir géint d'Stréimung unzekommen, stierwe si dacks. Heiansdo ginn déi kleng Séihënn awer vu Fëscher oder anere Leit um Strand fonnt. Si ruffen eis dann un, a mir hale se fir ongeféier véier Méint an eisem Rehabilitatiounszenter a päppele se op. Wa se prett sinn, fir sech eleng iessen ze fänken, loosse mir se nees an hir Fräiheet."

D'Déiere liewen eenzel oder a klenge Gruppen. Fir de Schutz vun hinnen ze garantéieren, fuerderen d'Eleni Tounta an hir Organisatioun MOm vun der Politik Naturschutzgebidder anzeriichten.

"Net nëmme fir d'Séihënn, mee fir dat ganzt Ekosystem vum Mier. Hei zu Alonissos ass d'Ekosystem nach gréisstendeels intakt an d'Konditioune si gutt, well d'Leit sensibiliséiert sinn."

Kloer Fuerderunge vun den Déiereschützer

D'Politik géif net genuch ënnerhuelen, bedauert d'Eleni Tounta. An deem klengen Informatiounszentrum zu Alonissos steet dowéinst direkt nieft der Agangsdier e grousst, gutt lieserlecht Plakat, mat de wichtegste Punkten:

  • D'Ëmwelt an hire Wäert fir d'Gemeinschaft virun der Zerstéierung schützen
  • De Verloscht vun der biologescher Vilfalt an d'Ausstierwe vu wëllen Déierenaarten stoppen
  • Méi Schutzzonen fir déi natierlech Küsten erhalen an d'Mierer protegéieren, an zwar am Aklang mat der Nohaltegkeet an dem Wuel vun der Gemeinschaft
  • De Fëschbestand schützen an eng nohalteg Fëscherei ënnerstëtzen
  • Eng ekologesch an nohalteg Ekonomie duerch den Erhalt vun Energie, Waasser an natierleche Ressourcen ustriewen an d'Liewensgrondlag vum Mënsch erhalen a verbesseren
  • D'Ëmweltbewosstsinn a fräiwëlleg Aarbecht stäerken
  • Méi Campagnen iwwer de Klimaschutz a seng Auswierkunge maachen
  • An: Den natierleche Räichtum vun der Ëmwelt och fir déi nächst Generatiounen erhalen

A Griichenland ginn d'Kanner an der Primärschoul zanter Joren sensibiliséiert, d'Ekosystemer ze schützen, begréisst d'Eleni Tounta.

Mee eréischt wa si an hir Equipe d'Hänn net méi voll ze dinn hunn, ass d'Iwwerliewen vun der meescht bedrohter Mamendéierenaart an Europa geséchert.