Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Charlotte Day Wilson - Canopy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi autoritär Massepsychologie

AutoritäR

Déi autoritär Massepsychologie

Am Kontext vun de politeschen Erfolleger vum Faschismus, huet den éisträichesche Medezinner a Psychoanalytiker Wilhelm Reich sech éischt Gedanken iwwer eppes gemaach, wat hien "autoritäre Charakter" genannt huet. Wéi kënnt et, datt politesch Hetzer do Succès hunn, wou si dach eigentlech missten op Desinteresse falen.

auto_stories

5 min

Thierry Simonelli

Fir de Begrëff vum autoritäre Charakter a Perspektiv ze setze muss ee mat enger Rei vun Iddie vum Karl Marx ufänken. Méi genee: mat der Virausso, datt d'Konzentratiouns-Tendenz vum Kapital enges Daags esou Ausmoossen unhëlt, datt just nach eng ganz kleng Zuel vu Räichen enger erdréckend grousser Zuel vun Aarme géintiwwer steet.

Resuméiere mer d'Situatioun simplistesch: déi Aarm gi sech an där Situatioun bewosst wat mam Kapitalismus schif leeft: an zwar, datt si de Präis fir de Räichtum vun deene wéinegen Ultra-Räiche bezuelen. An dësem Moment di si sech dann zesummen, maachen eng Revolutioun, stierzen déi Räich, iwwerhuelen d'Muecht a schafen als perfekt Demokraten eng besser, fräi, gerecht an oppen nei Gesellschaft.

Mee et koum, wéi bekannt, alles anescht. D'Aarbechter grad esou wéi de Mëttelstand, sinn an den 30er Jore bei Politiker gelaf, déi alles anescht wéi eng friddlech, demokratesch besser Welt fir jiddwereen am Sënn haten. Wéi war et dann ze verstoen, datt an deem Moment rietsextrem Hetzer esou attraktiv goufen?

"Massenpsychologie des Faschismus"

Dorop gouf et eng ganz Rei vun interessanten a manner interessante politeschen, soziologesch a philosophesch Äntwerten. An eng Zort vun deenen Äntwerten huet och op déi psychologesch Dimensioun gekuckt. An deem Kontext entstoung d'Notioun vum autoritäre Charakter.

Deen éischten Auteur, dee sech der Fro an dësem Sënn ugeholl huet, war den éisträichesche Medezinner a Psychanalyst Wilhelm Reich. Eent vun deene Bicher, dat zumindest a senger éischter Versioun vill interessant an och dono nach ausschlaggebend Iddien iwwer de psychologeschen Autoritarismus am Zesummenhang mam Faschismus proposéiert, ass dem Reich seng "Massenpsychologie des Faschismus" vun 1933. An dësem Buch freet sech de Reich, wéi et dozou komme konnt, datt d'Aarbechter an d'Klengbierger zur d'Massebasis fir déi autoritär Politik goufen. Fir dat ze verstoe muss ee sech fir d'éischt, esou de Reich, vum Vulgärmarxismus degagéieren.

De Vulgärmarxismus - also eng simplifizéiert Form vum Marx sengem Denken - interpretéiert d'Iddi, datt d'Sein, dat déi gesellschaftlech Existenz vum Mënsch, säi Bewosstsinn bestëmmt, op eng naiv Aart a Weis. An zwar esou, datt alles am Bewosstsinn just aus de materiellen, ekonomesche Bedéngungen eraus entsteet. Esou einfach war dat beim Marx selwer ni geduecht, mee de Reich proposéiert dee Punkt nach, iwwer de Marx eraus, méi genee ze analyséieren.

Wéi hänkt d'Denken an d'Handelen, wéi hänkt déi psychologesch Strukturatioun vum Mënsch mat senger gesellschaftlecher Existenz zesummen? Dem Reich seng Äntwert dorop ass, datt de wirtschaftleche Produktiounsprozess och nach déi intiimst psychesch Strukture vun de Mënsche matgestalt, an dat iwwer d'Sozialiséierung an der Famill.

Mee hei geet de Reich och e Stéck iwwer de Marx eraus. D'Verhältnës vun ekonomescher Basis a Psychologie ass keng Eebunnsstrooss. Et gëtt, esou de Reich, eng ofgestuufte Wiesselwierkung: vum Produktiounsprozess op d'Ideologie a vun der Ideologie op d'Psychologie, mee vun der Psychologie aus och ezréck op d'Ideologie, an op de Produktiounsprozess, wéi dat zum Beispill am Fall vun enger Revolutioun geschéie kann.

Hemmung, Angscht a sexuell Ënnerdréckung als Basis vum Nationalismus an Nationalsozialismus

Déi nächst konkret Fro ass dann: wéi kënnt eng gesellschaftlech Ideologie an d'Käpp eran, a wéi bestëmmt se do am Kapp d'Denken an d'Handelen? Dat ass wuel déi empiresch wichtegst Fro an dësem Zesummenhang. Mat engem "abstrakten" an eidele Begrëff wéi dee vum Afloss ass nach guer näischt erkläert. Datt déi waarm Kachplack d'Waasser am Dëppe beaflosst ass kloer, mee wat genee mécht, datt Waasser waarm gëtt, wësse mer domat nach net. An do fänkt et un interessant ze ginn.

Datt de Freud selwer do schonn anstänneg Viraarbecht geleescht hat, mat senger Notioun vum Überich, schéngt de Reich net weider ze interesséieren. Den Überich war beim Freud e Sammelbegrëff fir all déi Reegelen, Gesetzer an Idealer, déi all Kand am Kontakt mat Autoritéiten - Elteren, Enseignanten, Paschtéier, Polizisten, asw. - verënnerlecht. De Reich geet par konter vun der autoritärer Famill aus. D'Denk- a Verhalensmuster, d'Weltbild vun der autoritärer Famill ginn am Alter vu véier bis fënnef Joer vum Kand verënnerlecht, esou de Reich. A spéider setzen d'Schoul an d'Kierch dës Funktioun fort. Domat gëtt d'Famill, schreift de Reich schonn 1933, zur éischter "Ideologiefabrik". An datt dat esou gutt funktionéiert, hänkt nom Reich domat zesummen, datt déi autoritär Famill vun Ufank un déi natierlech Sexualitéit ënnerdréckt. Dës Ënnerdréckung féiert, esou de Reich, hei vereinfacht freudianesch, zu engem permanente Konflikt tëschent Trib a Moral. Dësen interne Konflikt ënnerhält eng undauernd Ängstlechkeet a Scheiheet. Esou ginn d'Kanner brav, erzéibar a virun allem soumissiv virun all Autoritéit. Wat esou am "Miniaturstaat" vun der Famill ageüübt gëtt, funktionéiert duerno grad esou gutt an der Gesellschaft, a fir d'Natioun. Déi autoritär Strukturéierung vun der Persoun baséiert also op Hemmung an Angscht, a sexuell Ënnerdréckung. Dës maachen, nom Reich, de psychologeschen Nährbuedem fir Konservativismus, Fräiheetsangscht a politesch Reaktioun aus. Si sinn och déi irrational an autoritär Basis vum Nationalismus an Nationalsozialismus. A se erlaben, datt d'"Verniwwele vun de Massen" duerch Demagoge funktionéiere kann.

Dat wier also, a ganz groussen Zich, eng alleréischt Perspektiv op de psychologeschen Autoritarismus. Am historesche Réckbléck ass se sécher liicht ze kritiséieren. Mee an hirem geschichtleche Kontext war se zimmlech fruchtbar fir weider Entwécklungen.

Dozou déi nächste Kéier méi.