Radioen

On air

Resonanzen  |  Fun! Mam OCL

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi Adress an d'Adress, dat Messer an d'Messer

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Déi Adress an d'Adress, dat Messer an d'Messer

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eppes iwwer staark a schwaach Artikelen am Lëtzebuergeschen.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Caroline Döhmer: D'lescht Joer hat ech schonn eng Kéier eng Episod iwwer staark a schwaach Pronome gemaach, also den Ënnerscheed tëschent "hien" an "en" a wéini ee wat benotzt.

Simon Larosche: Jo, ech erënnere mech vag.

An déi Oppositioun vun enger staarker an enger schwaacher Form fanne mer och bei den definiten Artikelen. Ech ka soen: D'Adress huet sech geännert. Oder: Déi Adress huet sech geännert. Kucke mer mol eng Kéier, wéi eng Formen dat genee betrëfft.

D'Oppositioun staark / schwaach fanne mer beim definiten Artikel tatsächlech an all Form:

- am Maskulinum

Nom/Akk: deen Hummer, den Hummer
Dativ: deem Hummer, dem Hummer

- am Neutrum

Nom/Akk: dat Stéck, d'Stéck
Dativ: deem Stéck, dem Stéck

- am Femininum

Nom/Akk: déi Adress, d'Adress
Dat: där Adress, der Adress

- am Pluriel

Nom/Akk: déi Ieselen, d'Ieselen
Dativ: deenen Ieselen, den Ieselen

Et ass bestëmmt net egal, wéini wéi eng Form benotzt gëtt.

Et ginn effektiv funktional Ënnerscheeder. Déi schwaach Formen (den, d', dem, der) gi meeschtens da geholl, wann den Artikel net vill Opmierksamkeet brauch.

Wéi bei: Huel d'Taass aus dem Schaf. Hei ass et zweemol schwaach: d' + dem. Wann ech elo hei déi staark Formen huelen, da kritt dat Ganzt eng aner Nuance, e bësse méi Nodrock: Huel déi Taass aus deem Schaf.

Do mierkt een, datt iergendwéi méi Informatiounen och am Artikel drastiechen. Et ass offensichtlech net iergendeng Taass an och net iergendee Schaf. Nach méi speziell gëtt et, wann ech déi staark Artikelen elo nach extra betounen: Huel DÉI Taass aus DEEM Schaf.

Do kléngs de jo richteg streng!

Dat mécht alles d'Betounung ... an den Imperativ. Mäin Artikel (déi, deem) ass elo esou prominent, datt ee mengt, datt ech ausflippen, wann net genee dës Taass aus genee dësem Schaf geholl gëtt.

An elo ass den Trick, datt ech aus mengem staarken Artikel duerch déi extreem Betounung quasi en Demonstrativartikel gemaach hunn.

Wat ass nach eng Kéier en Demonstrativartikel?

Also "dës" ass en Demonstrativartikel. A mäi betounte staarken Artikel kann elo quasi wéi den "dës" benotzt ginn. Wann ech elo déi genee Taass an de geneeë Schaf wëll bestëmmen, da kann ech dat mam staarken Artikel maachen, deen ech ervirhiewen: DÉI Taass, DEE Schaf. Eebe wéi bei: dës Taass, dëse Schaf (dat eent weist méi no, dat anert weist méi wäit).

"Déi Taass" kann ech elo nach ergänzen duerch déi kleng Lokaladverben "hei" oder "do", also: déi Taass hei / déi Taass do.

Wann ech mäin Definitartikel (deen, déi, dat) awer als Pronome benotzen (ouni Substantiv hannendrun), da muss ech ëmmer déi staark Form huelen.

Du kanns deen huelen. *Du kanns den huelen.

Nach méi komesch kléngt dat mat engem Pronomen, deen zu "d'" ka reduzéiert ginn. Och hei muss am pronominale Gebrauch déi staark Form geholl ginn. Hei e Beispill mam Plurielpronomen "déi":

Du kanns déi huelen. *Du kanns d'huelen. (Verglach: déi Këschten / d'Këschten)

Firwat eigentlech?

Beim Artikel hunn ech ëmmer nach e Substantiv, dat genuch Kraaft huet, fir d'Sazglidd ze droen. Wann ech just nach mäi klenge Pronomen ouni Vokal hunn, da brauch deen e bësse Substanz, fir net am Saz ënnerzegoen. An dofir brauch ech e volle Vokal wéi bei "dat" oder "déi".

Et gëtt nach esou vill Spannendes iwwer dëse Beräich ze erzielen, mee dat maachen ech am beschten d'nächst Woch. Et gëtt flott, wann elo nach Adjektiver an d'Spill kommen an och bei aneren Artikele fanne mer staark a schwaach Formen.

Da bleiwe mer natierlech gespaant!