Radioen

On air

De Moien  |  Alvin And Lyle - Morning Sky

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De wëlle Gaart

Wëll Wuerzel

De wëlle Gaart

Wéi wëll kann ee Gaart sinn, a wéi vill Onkraut schuet engem Gaart? Déi Froen an nach e puer anerer huet den David Everhard sech gestallt an a sengem eegene Gaart experimentéiert.

auto_stories

3 min

De Wee fir an de Gaart huet beim David Everard iwwer e puer Inspiratioune geféiert. Déi éischt war den Charles Dowding, dee bekannt ass fir d'Technik "no dig", also net ëmgruewen.

"Dat hunn ech immens faszinéierend fonnt, datt dat geet, datt een net muss ëmgruewen, well ëmgruewe kënnen ech nach vu fréier. All Gaart gouf ëmgegruewen, d'ganz Famill, jiddwereen huet säi Gaart ëmgegruewen, ech hu mäi Gaart och ëmgegruewen."

Eng zweet Inspiratioun war de Masanobu Fukuoka mat sengem Buch "The One-Straw Revolution". Doranner beschreift den Auteur, wéi hie "wëll" a sengem Gaart séit an d'Planze sech, senger Meenung no, selwer déi beschte Platz eraussiche fir ze wuessen.

Onkraut net erausrappen

Den David Everard huet dann eng Kombinatioun a sengem Gaart entstoe gelooss. Hie séit verschidde Mëschungen a bestëmmte Beeter, mee d'Onkraut, bezéiungsweis déi Kraider, déi einfach an de Beeter derbäi wuessen, léisst hie wuessen a rappt se net eraus.

"Ech hu Fotoe vu Kabes, déi matten am risege Gewulls gewuess sinn, dat waren déck Kabeskäpp a ronderëm war alles gréng, voll mat Vulleseemchen, mat Pëtscheblieder, mat Gras, dat ass alles ronderëm gewuess, an de Kabes huet dat net gestéiert. Ech hat éischter souguer den Androck, datt e frou war, well de Buedem ronderëm ass jo da bedeckt an duerchwuerzelt an dee bleift fiicht. Wann et reent, da bleift d'Waasser och do, dat gëtt vun deene Wuerzele gehalen, dat leeft net of niewendrun an de Wee oder esou. Dat war schonn eng positiv Iwwerraschung."

Esou gesäit et dann am ganze Gaart aus. Iwwerall sti Grieser oder Kraider matten an de Beeter. Wou den David Everard Wuerzelen, Schwaarzwuerzel an Ënne geséit huet, wuessen dertëschent Gänsedestelen, Melde, Gras a Pëtscheblieder an erfreeë sech, net gestéiert ze ginn.

Fir den David Everard ass dëst kee Problem, hie mécht d'Erfarung, datt d'Geméis awer gutt wiisst an hien huet zousätzlech Wëll Kraider.

Gestresste Planzen

Och a sengem Folientunnel gesäit et anescht aus, wéi bei de meeschte Gäertner. Seng Tomaten, Kürbissen a Meloune sinn ausser Rand a Band a wuessen esou dicht openeen, datt ee mengt, et wier eng Heck, wat eng Tomat an der fräier Natur jo am Fong och ass. Den David Everard huet e ganz bestëmmte Grond, firwat hie seng Tomaten net schneit oder entbliedert.

"Ech hunn dat Ausgeizen ëmmer zimmlech brutal fonnt. Et gëtt ëmmer gesot, et soll een Tomate stressen, fir datt se gutt Friichte maachen. Mee mir wëssen, datt Stress beim Mënsch näischt Guddes am Kierper bewierkt, dat ass jo fir de ganze Kierper schiedlech. A mir wëssen aus der Planzebiologie, datt Planze matenee kommunizéiere kënnen, datt si Strategien hu fir ze iwwerliewen an mateneen eens ze ginn. Dat heescht Stress ka fir si jo lo och net den Hummer sinn. A wa mir d'Planzen ze vill stressen, dann kréie mir dat bestëmmt och mat an de Friichten. An dofir ass meng Iwwerleeung, wat ech se manner stressen, wat d'Friichte méi relax sinn. "

Dem David Everard no kënne Planze genee wéi Mënschen Trauma a Stress och iwwer Generatioune weiderginn. Deemno hëlt hien de Som vu sengen ongestressten Tomaten a planzt se weider un.

Den David Everard ass sécher e Gäertner mat enger ongewinnter Siicht op de Gaart, mee seng Planze sinn net krank a wuesse monter viru sech hin. Alleguerte seng Planzen, net nëmmen dat üblecht Geméis. An hien dréit an enger Landschaft, déi vun industrieller Agrikultur dominéiert gëtt, sécher e gutt Stéck zur Erhalung vun der Biodiversitéit bäi. En Experiment à suivre!