Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De schaarfen an de mëllen "s"

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

De schaarfen an de mëllen "s"

De Buschtaf "s" ass linguistesch interessant: am Lëtzebuergeschen kann en nämlech schaarf oder mëll sinn. Wéini e wat ass, erkläert d'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

auto_stories

4 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft fir den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Du sos mer lo grad, datt mer eis haut ee Buschtaf ukucken, an zwar den "s".

Caroline Döhmer: Jo, deen ass lautlech an orthografesch immens intressant!

Dann erziel eis haut emol, wat um "s" esou kuriéis ass.

Huele mer mol déi zwee Verben "räissen" a "reesen". Bei "räissen" hu mer de Laut [s] a bei "reesen" de Laut [z]. En ass eemol stëmmhaft geschwat an eemol stëmmlos. Deen een "s" ass haart geschwat, also quasi gezischt (räissen), an deen aneren ass mëll geschwat, éischter gesummt (reesen).

Wat heescht dat genee mat der Stëmm?

Lo gëtt et e bëssen anatomesch. Also an eisem Hals hu mer jo d'Speiseröre. An do, wou d'Luftröre usetzt, leien uewen eis Stëmmlëpsen. Si leien am ënneschten Deel vum Keelkapp. A bei stëmmhafte Lauter schwéngen eis Stëmmlëpsen. Dës stëmmhaft Lauter heeschen am Engleschen "voiced" an am Franséischen "sonore". A bei de stëmmlose Lauter (also déi, déi am Engleschen "unvoiced" an am Franséische "sourd" sinn) vibréieren d'Stëmmlëpsen net.

Dat kann een och spieren!

A sou?

Ma hei kënne mer direkt e klengt Radio-Experiment maachen. Dat eenzegt, wat der braucht, ass Är Stëmm an eng fräi Hand ...

... also passt wannechgelift op, wann Der grad am Auto sëtzt!

Leet Ären Zeigefinger an den Daum mat liichtem Drock uewen op den Adamsapel. An elo sot Der de stëmmhaften "s", dee gesummt ass wéi bei "Sonn". Am beschte fir e puer Sekonnen, datt Der de Laut gutt spiert: sssss.

An elo maache mer dat selwecht mam stëmmlosen "s" wéi bei "Succès", och hei de Laut am beschte laang maachen: ssssss.

Lo kann een déi zwee nach eng Kéier vergläiche wéi am Adjektiv "séiss". Hei ass deen éischten "s" stëmmhaft an deen zweeten "s" stëmmlos.

Ass der eppes opgefall, Simon?

Eemol huet et wierklech vibréiert, an déi aner Kéier war näischt.

Genee, well de Laut eemol stëmmhaft war. A beim Wuert "séiss" hate mer och nach en Duebelvokal an der Mëtt, deen och stëmmhaft ass, well Vokaler prinzipiell stëmmhaft sinn. An den Duebel-s hannen ass da stëmmlos, also haart geschwat.

Wouhier weess ech dann, wéi den "s" muss geschwat ginn?

Also wann e verduebelt ass wéi bei "russesch" oder "këssen", dann ass en ëmmer haart geschwat oder eebe stëmmlos. Beim einfachen "s", also wann en eenzel geschriwwen ass, ass dat scho bëssi méi tricky. Hei si mer nämlech och staark vum Franséischen a vum Englesche beaflosst, wou den "s" dacks stëmmlos ass, grad wann en um Ufank vum Wuert steet.

Dat sinn da Wierder wéi "Succès" oder "Styling".

Bei méi urspréngleche Wierder wéi "Sonn" oder "Suen" gëtt en dann awer mëll geschwat. Also bei Friemwierder ass d'Warscheinlechkeet méi héich, datt den "s" haart geschwat gëtt. An och wann den "s" hanne am Wuert steet, ass en ëmmer stëmmlos, also "reesen", mee "Rees". Dat nenne mer dann Ennverhäerdung, wat ech d'nächst Woch virstellen.

Gëtt et deen Ënnerscheed tëscht haarder a mëller Aussprooch och nach bei anere Konsonanten? Du sos jo, datt d'Vokaler ëmmer stëmmhaft wieren.

Jo, dat gëtt et och bei anere Konsonanten. Do hu mer Lauter, déi quasi d'selwecht artikuléiert ginn, just eemol mat Stëmm an eemol ouni. Dat wieren de /k/ an de /g/, den /t/ an den /d/ oder de /f/ an de /v/.

Dat geet awer och bei méi spezielle Lauter wéi beim Wuert "Pijen" a "Piisch". Eemol mat Stëmm an eemol ouni.

Beim Beispill mat der Piisch hu mer jo dat selwecht Wuert.

Jo, dat Phenomeen, wat hei eng Roll spillt, ass nees d'Ennverhäerdung, déi ech elo grad ugeschwat hat. Dat kënnt dann déi nächste Kéier.