Neobiota De Marderhond ass zu Lëtzebuerg ukomm

Dat mëttelgrousst Déier, dat zu den hondsaartege gehéiert, konnt de leschte Mëttwoch (3. Februar 2021) eng éischte Kéier am Raum Beetebuerg nogewise ginn. Heemesch ass de Marderhond an Ostasien. Tëscht 1929 an 1955 goufen eng 9.000 Marderhënn am europäeschen Deel vu Russland an an der Ukrain wéinst Juegdzwecker ausgesat. Vun do aus huet d'Déier sech ëmmer méi no Westen ausgebreet.

Tessy Steffen Koenig / cz

Der erste in Luxemburg offiziell bestätigte Marderhund
Den éischten a Lëtzebuerg confirméierte Marderhond (Foto: D. Hipp)

Zënter 20 hätt ee sporadesch ëmmer nees Meldunge vu Marderhënn kritt, seet den Dr. Laurent Schley vun der Natur- a Bëschverwaltung. Mee bis elo hätt een ni eppes Konkretes ider Iwwerpréifbares kritt, dat definitiv op e Marderhond (Nyctereutes procyonoides) higewisen huet

"Mir hate fënnef Fäll, wou eppes konnt iwwerpréift ginn. Dovu waren et dräi Fotoen, eng Kéier eng Carcasse vun engem iwwerranntenen Déier an eng Kéier e Jäer, dee gemengt hat, en hätt e Marderhond geschoss. An deene fënnef Fäll war et dräi Mol de Wäschbier an zwee Mol en Dachs. Esou, datt mir nach ni e konkreten Hiwäis op e Marderhond haten."

"Sporadesch present a Lëtzebuerg"

D'Natur- a Bëschverwaltung, respektiv den Ëmweltministère mécht hei zu Lëtzebuerg en Natura 2000 Monitoring. An deem Kader stinn am ganze Land no engem Raster Fotofalen. Dausende vu Fotoe wieren iwwer d'Joren zesummekomm. Notamment wier de Fuuss 5.000 mol an eng Fotofal gelaf. Ma e Marderhond wier nach ni nogewise ginn.

"Dat deit drop hin, datt de Marderhond net reegelméisseg präsent zu Lëtzebuerg wier. Mee vun enger sporadescher Präsenz kann een awer duerchaus ausgoen."

De Marderhond ass e mëttelgroussen hondsaartegen, aus der nämlechter Famill vum Fuuss, dem Schakal, dem Wollef an dem Haushond. E ka wéinst senger Gesiichtsmask mat engem Wäschbier verwiesselt ginn. En ënnerscheed sech awer duerch säi Pelz mat de laangen, gro-brongen Hoer an sengem Schwanz, deen net wéi dee vum Wäschbier schwaarz-wäiss geréngelt ass. E gëtt dräi bis siwe Kilo schwéier.

De Laurent Schley vun der Natur- a Bëschverwaltung (riets um Bild) ass och ee vun den zwee Auteure vum Buch "Säugetiere Luxemburgs"

De Marderhond bezeechent een als opportunisteschen Allesfriesser, seet den Dr. Laurent Schley. D'Mamendéier ernärt sech vill vu klengem Gedéiesch, wéi zum Beispill Insekten, Wierm, Larven awer och vu Mais. Ronn 80 Prozent vu senger Ernärung ass allerdéngs vegetarescher Nahrung, dozou gehéiere Feldfriichten oder Falluebst.

Riicht de Marderhond Schued un?

De Marderhond ernärt sech awer och vu Bodenbrüter, Villercher also, déi hir Näschter um Buedem uleeën. Punktuell kann de Marderhond dowéinst Schued maachen, seet den Alain Frantz, Fuerscher vum Naturmusée.

"Mee ech mengen net, datt d'Literatur et hirgëtt, datt hien eng Katastroph ass. E mécht vläicht dem Dachs an dem Fuuss e bësse Konkurrenz. Wat vläicht e Problem ka sinn, ass datt hien en neie Vecteur ka sinn, fir Krankheeten ze iwwerdroen. Déi Krankheete kënnen dann op déi heemesch Aarten iwwerdroe ginn. Dat ass vläicht méi e grousse Risiko, parasitologesch gesinn, wéi elo ekologesch."

Heemesch ass de Marderhond an eise Géigenden net. Eigentlech kënnt hien aus Ostastien. Tëscht 1929 an 1955 goufen eng 9000 Marderhënn an der fréierer Sowjetunioun, respektiv dem europäeschen Deel vu Russland an der Ukrain wéinst Juegdzwecker a wéinst hirem Pelz ausgesat. Vun do aus huet d'Déier sech ëmmer méi no Westen ausgebreet.

"Wahrscheinlech ass en och méi, wéi eng Kéier ausgesat ginn, esou datt sech eng Populatioun konnt etabléieren. Déi Déiere sinn du vun Osten no Westen agewandert an elo sinn se also definitiv och zu Lëtzebuerg ukomm".

Marderhënn liewe gären a Mëschbëscher oder a Fiichtgebidder. Hei zu Lëtzebuerg huet de Marderhond, ausser Parasiten an a sielene Fäll den Uhu, keng natierlech Feinden. Seng gréisste Gefor ass de Stroosseverkéier an de Mënsch.

De Mënsch huet d'Fangeren am Spill

De Marderhond ass en Neozoe, also en Déier, dat an eise Géigenden net doheem sinn an dat direkt oder indirekt, bewosst oder onbewosst vum Mënsch agefouert gouf.

Den Alain Frantz ass Fuerscher am naturmusée an huet wëssenschaftlech Artikel iwwert de Marderhond geschriwwen (Foto: Fränz Schneider)

Vun der EU-Kommissioun gëtt de Marderhond op der "Lëscht vun de gebittsfriemen invasiven Aarte" gefouert. D'EU-Memberstaaten hunn an deem Kader d'Obligatioun ze verhënnerem, datt dës Aart sech definitiv usiedelt respektiv keng ze héich Densitéit opbaut. Dat massiivt Agräife vum Mënsch wäert allerdéngs wéineg drun änneren, datt sech d'Aart weider ausbreet, seet den Dr. Laurent Schley.

"Et ginn Hiweiser aus Finnland, datt déi héich Mortalitéit, ënner anerem duerch d'Bejoung, dozou féiert, datt d'Déiere sech méi séier fortplanzen an datt d'Zuel vun de Jonken an d'Luucht geet. Dat ass e Phänomen vun de Caniden, also den Hondsaartegen. Si reagéiere ganz staark op héich Mortalitéit duerch eng besser Reproduktioun."

Trotzdeem ass de Marderhond an allen EU-Memberstaaten, dat heescht och hei zu Lëtzebuerg, bejobar. An dat mat Ausnam vun der sechs Woche laanger Juegdpaus vum 1. Mäerz bis de 15. Abrëll dat ganzt Joer iwwer.

Nach haut gi Marderhënn wéinst hirem Pelz op grausam Aart a Weis an Zuchtfarme gehalen.

An der Mediathéik:

Magasinn / / Tessy Steffen Koenig
Lauschteren

Méi zum Thema

Christian Ries am Gronn.JPG
Friem Aarten

Neobita, also Aarten, déi an eise Regiounen net heemesch sinn, kënnen eisen Ekosystem schiedegen a geféierlech fir déi biologesch Diversitéit sinn. Anerer kënnen eng Beräicherung fir eis Fauna a Flora sinn.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen