100,7-Klassesall De Grüffelo, Nesthocker, Nestflächter an e réit Ee
Am zweetleschte Klassesall an der Ouschtervakanz hu mir erëm flott Theeme fir iech: mir erklären, wéini dir erëm an d'Schoul kënnt goen, mir schielen e réit Ee, a mir liese weider ee Buch.
News fir Kids
Elo sinn d'Schoule schonn ee Mount zou. Den Ament ass am Fong jo nach Ouschtervakanz - mee e Méindeg geet et weider mam Homeschooling - da schécke Schoulmeeschteren, Jofferen a Proffen erëm Aufgaben.
An an dräi Wochen da sollen d'Kanner nees lues a lues kënnen an déi richteg Schoul goen. D'Regierung wëllt nämlech d'Mesuren, déi si géint de Coronavirus geholl huet, méi labber maachen ... gëschter goufen et Detailer. D'Sophie Morang erkläert, wat virgesinn ass.
Nesthocker an Nestflüchter
Gëschter huet eis d'Monique Kirsch aus dem natur musée villes iwwer déi verschidde Vullennäschter erzielt. Mee net just d'Näschter si verschidden, och hir Bewunner. Wat ass den Ënnerscheed tëschent Nesthocker an Nestflüchter, dat héiere mer elo.
Post aus der Festung (2. Deel)
De Musée 3-Eechelen ass hei um Kierchbierg an engem ale Fort vun der Festung Lëtzebuerg ënnerbruecht. Gebaut huet dësen Deel vun der Festung den Adam Sigismund von Thüngen. Dowéinst gëtt e Fort Thüngen genannt. De von Thüngen huet viru knapps 300 Joer seng Saache beim bekannte Bréisseler Duchhändler Trautz bestallt. Wouhier mir dat haut wëssen? Well de Musée eng Rei al Bréiwer vum von Thüngen versuergt. De Ralph Lange vum Musée 3-Eechelen mat weideren Erklärungen.
Wéi kann een e réit Ee schielen, ouni datt et ausleeft?
Hutt dir iech scho mol d'Fro gestallt, wéi e plakegt Ee ausgesäit? Also net en haartgekachtent, dat ass jo einfach, dat téckt een, an duerno schielt een et relativ einfach. Nee, e réit Ee - wéi kéint een dat schielen, ouni datt déi dënn Membran bannendra futti geet, an d'Ee dann ausleeft?
Keng Iddi? De Joseph Rodesch/Mr. Science weess, wéi dat geet - a souguer esou, datt mer d'Ee duerno nach kënnen iessen - mir brauchen also en Ee an Esseg ... a gutt gespëtzten Oueren.
Dem Grüffelo säi Kand
Hien ass e Monster, dat ee fäert awer och gären huet: De Grüffelo, an elo ass hie Papp ginn an hien erkläert dem Grüffelo-Kand, wéi geféierlech déi kleng Maus am Bësch ass. Dat wëllt awer d'Grüffelo-Kand selwer erausfannen. "Dem Grüffelo säi Kand" vun der Julia Donaldson, aus dem Engleschen iwwersat vun der Martine Schoellen. D'Buch koum bei Editions Binsfeld eraus an d'Geschicht gëtt eis vum Paule Rodesch erzielt.
Mir schreiwen zesummen e Buch
D'Melusina ass verdrësslech, well si zanter Joerhonnerten ënner dem Fluch steet, dee si dem Grof Siegfried ze verdanken huet.
Si huet d'Sunni an de Raphael op hirer Zäitrees an d'Mëttelalter an d'Vertraue gezunn an hinne gesot, datt si e Plang bräicht fir aus dem Fluch erauszekommen ...
A wat maachen entretemps de Kanner hir Elteren?