Radioen

On air

De Moien  |  Gengahr - Heavenly Maybe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Fonsi Grethen

Am Gespréich

De Fonsi Grethen

De Fonsi Grethen ass deen erfollegräichste Lëtzebuerger Karambolage-Billardspiller aller Zäiten. Wärend eppes méi wéi 20 Joer huet hien zu der absolutter Weltspëtzt gehéiert.

auto_stories

5 min

Vun 1977 bis 2001 huet de Fonsi Grethen déi Lëtzebuerger Faarwen am internationale Karambolage-Billard vertrueden. De Bilan léist sech weisen: véier EM-Titel bei de Junioren, 13 mol Europa- a véier mol Weltmeeschter bei de Senioren, dat an de verschiddensten Disziplinnen déi am Karambolage-Billard gespillt goufen.

Vum Ekippesport bei de Billard

Och wann doheem ee Billardsdësch stoung an de Papp Billard gespillt huet, huet sech de Fonsi Grethen als Bouf fir een Ekippesport interesséiert, an deen och gespillt.

"Jo, ech mengen et ass e bësse wéi all Jong, wa Stroossefussball gespillt gëtt. Fréier hu mir am Schoulhaff gespillt. Et war natierlech evident, datt ech mir ee klenge Fussballveräi gesicht hunn. A mir hunn deemools op der Gare gewunnt, an d'Union war fir mech am Fong geholl e Veräin, wou ech wollt goen. Och e bëssen duerch mäin Papp, dee gesot huet: géi op d'Union. Jo, do sinn ech op d'Union Fussball spille gaangen."

Den éischten Deel lauschterenplay_arrow

Wéinst enger Verletzung als Teenager war du Schluss mam Fussball. De Papp an de Monni hunn de Fonsi mol mat op Kompetitioune geholl, an sou fënnt hie lues a lues ëmmer méi Gefalen um Billard. Doheem stoung ee Billardsdësch, an esou konnt hien all fräi Minutt trainéieren a Schoul a Sport net allze schwéier ënner een Hutt bréngen.

Karambolage-Billard

Karambolage-Billard, deen de Fonsi Grethen gespillt huet, ass villen net onbedéngt geleefeg. Méi bekannt a populär ass deen Billard, deen z.B. a Bistroe steet, de sou genannte Pool-Billard, een Dësch mat sechs Lächer an déi een d'Bulle stousse muss. An dat huet och ee Grond.

"De Punkt ass deen heiten: déi Jonk, déi jonk Spiller, d'Jugend, déi haut spille ginn, déi spille léiwer gäre Pool-Billard well dat vill méi einfach ass. Ech mengen, du hues méi Spaass derbäi, jiddweree ka seng Bullen an d'Lächer spillen, wéi et ebe geet. De Karambolage-Billard ass wesentlech méi schwéier gewiescht."

Den zweeten Deel lauschterenplay_arrow

Wéi a ville Sportaarte spillt och am Billard d'Material eng grouss Roll, besonnesch wat d'Queue betrëfft, déi bei de Profien individuell un de Spiller ugepasst ass, wat Längt an och Schwéierpunkt betrëfft.

Talent an éischt EM-Titel

Wat ass dat wichtegst beim Billard a besonnesch beim Karambolage-Billard, fir erfollegräich ze sinn? Ass et eng roueg Hand, Konzentratioun, oder wat brauch ee Spiller fir op een internationalen Top-Niveau ze kommen .. Talent ?

"Du muss Talent hunn. Du kanns engem Jong soen, oder engem anere soen, trainéier dräi, véier Stonnen den Dag, wann en et net huet da geet et net. Et ass wéi a ville Sportaarten. Du hues der déi lafen, déi lafen schonn sou schnell wann se jonk sinn. Anerer kënne stonnelaang trainéieren, déi lafen ni esou schnell. An all Sportaart ginn et Ausnamen, Talenter, a fir un déi erun ze kommen ass et ganz schwéier. Do geet Training eleng net duer."

Den drëtten Deel lauschterenplay_arrow

Vill gutt Spiller, géint déi hie bei de Juniore gespillt hat, huet de Fonsi Grethen spéider net méi begéint, well déi sech net méi weider entwéckelt hu fir bei de Senioren ze bestoen. Net esou beim Fonsi Grethen. Hie konnt mat de Joren säi Potential permanent ausbauen a sech séier bei de "Groussen" etabléieren.

Dee wichtegste WM-Titel

Kuckt een z.B. "Snooker" op der Tëlee, gesäit een do och ëmmer vill Public, déi d'Kompetitioune live verfollegen. Wéi war dat zu där Zäit, wou de Fonsi Grethen gespillt huet? Goufen do d'Partië viru Public gespillt, oder waren d'Spiller éischter ënner sech eleng ?

"Mir hate scho ganz vill Turnéier, wou mir ganz ganz vill Leit haten, an Holland, an der Belsch, Däitschland. Ech hunn emol zu Athen gespillt, do waren 2.000, 3.000 Zuschauer. Also et ware scho ganz vill Turnéier, wou ganz vill Leit konnte sinn, an och e wierklech gudde Publikum. Dat huet och ganz vill Spaass gemaach wann s de Publikum has."

De véierten Deel lauschterenplay_arrow

Dee fir de Fonsi Grethen wichtegste WM-Titel huet hien de 25. Mäerz 2001 zu Wien gewonnen, de WM-Titel am Fënnefkampf, bei deem all fënnef Disziplinne gespillt ginn. Mat där Victoire zitt de Fonsi Grethen dann och ee Stréch ënner seng ganz erfollegräich international Karriär. Well zanter 20 Joer keng WM méi am Fënnefkampf organiséiert gouf, ass de Fonsi Grethen nach ëmmer den aktuelle Weltmeeschter.

Bundesliga an Europapokal

A senger laanger Karriär huet de Fonsi Grethen net nëmmen Europa- a Weltmeeschter-Titel "en masse" gesammelt, mee hien huet déi Zäit och iwwer laang Jore fir den däitsche Veräin "Horstet Eck Essen" an der däitscher Bundesliga gespillt, huet mam däitsche Veräin eng Rëtsch Championnater an och den Europapokal et puer Mol gewonnen. Den Engagement bei deem Veräi war ganz wichteg am Fonsi Grethen senger Karriär.

"Dat war fir mech och ausschlaggebend, datt ech international vill gewonnen hunn. Well ech hunn an Däitschland an der Bundesliga gespillt, an do hate mer awer ronn 20 Weekender am Joer, wou mer Kompetitiounen haten. An do hat ech Géigner, do ware ganz staark Spiller. Et ass ëmmer esou gewiescht, datt s de do ee Géigner has, dee bal op dengem Niveau war, de Match war ëmmer schwiereg."

De fënneften Deel lauschterenplay_arrow

De Fonsi Grethen gouf zu Lëtzebuerger vun der Sportpress zwee mol zum Sportler vum Joer gewielt, eng Auszeechnung, déi him vill bedeit, well et engersäits d'Unerkennung vum Billard war an anerersäits de Merite fir seng aussergewéinlech Leeschtungen.

2002 gëtt de Fonsi Grethen eng leschte Kéier Lëtzebuerger Champion. Hien schléisst duerno ganz mam Billard of. Hautdesdaags ass dem Fonsi Grethen säi gréissten Hobby de Golf, ee Sport, deen hien mat Begeeschterung spillt.