Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Charlotte Day Wilson - Canopy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Conservatoire National de Véhicules historiques

Lëtzebuerg entdecken

De Conservatoire National de Véhicules historiques

An eiser Serie Lëtzebuerg entdecken gi mir haut an d'Welt vun den Autoen, méi genee op Dikrech, an de Conservatoire National de Véhicules historiques. Ronn 35 Gefierer stinn am Schnëtt zu Dikrech, am Automobils-Musée Et géif een och gäre méi weisen, mee d'Plaz ass leider limitéiert.

auto_stories

2 min

Déi 35 Autoe gehéieren awer net all dem Conservatoire, mee et si Sammler déi hir Schätz do weisen, seet den André Ferrari, Direkter vum Conservatoire National de Véhicules historiques. E Sammler a Member muss e Formulaire mat den techneschen an historeschen Date vum Automobil ausfëllen. Déi Aart a Weis un d'Ausstellungsstécker ze kommen, huet och de positive Nieweneffekt, datt iwwer d'Joer gesinn, net ëmmer déi selwecht Autoen ausgestallt ginn.

Och wann d'Gefierer, déi ee gesäit, ëmmer mol nees änneren, kritt een zu Dikrech, dach e gudden Iwwerbléck iwwer d'Geschicht vum Automobil. Et ginn Ausstellungsstécker aus dem fréien 20. Joerhonnert, zum Beispill e Renault Type AX aus dem Joer 1910, bis hin zu méi moderne Modeller, zum Beispill en Audi Coupe S vun 1975. Déi Gefierer aus den eenzelen Epoche stinn zäitlech passend op sougenannten Inselen. An ee vun dësen Autoen, déi een do gesäit, huet och eng speziell Geschicht.

"En Auto, deen ëmmer nees e groussen Interêt huet, ass de Buick vun 1938. Deen doduerch bekannt ass, datt déi groussherzoglech Famill e benotzt huet, fir iwwer Frankräich a Portugal an Amerika an den Exil ze fueren. Deen Auto ass permanent hei ausgestallt."

Sonnerausstellungen iwwer Citroën a Porsche

Am Joer ginn zu Dikrech am Conservatoire National de Véhicules historiques zwou bis dräi Sonner-Ausstellunge an Zesummenaarbecht mat engem Club, gewisen, sou de President André Ferrari. De Moment dréit sech d'Sonnerausstellung ëm 100 Joer Citroën. Déi ass d'nächst Woch eriwwer, a vum 4. Oktober u läit den Haaptaspekt am Musée dann op de Porsche-Modeller.

D'Gebai, an deem de Conservatoire haut ass, huet och schonn eng Autos-Traditioun. 1871 gouf et vum jonken Entrepreneur Jean Wagener kaf.

"Eng Famill, déi ursprénglech Kutsche gebaut huet an am Joer 1900 op der Weltausstellung zu Paräis, d'Famill vum Carl Benz kennegeléiert huet. Dorausser ass eng Frëndschaft entstanen, déi als Resultat hat, datt hei zu Dikrech weltwäit den éischte Mercedes-Benz Vetrieder am Ausland war."