Zimmlech roueg war et gëschter Mëtteg, wéi mir am medezineschen Zenter an der Däichhal zu Ettelbréck waren: nëmme vereenzelt Automobilisten, déi bei d'Arméiszelt virun der Dier gefuer si fir Tester maachen ze loossen.
Et huet een nëmme vereenzelt Patiente gesinn, déi bei dat anert Zelt lénks vun der Däichhal gaange si fir sech duerno bannen an der Hal ënnersichen ze loossen.
Zwou Filièren
Baussent vum Zelt géif eng éischt Orientéierung vun de Patiente gemaach ginn, zielt den Dr. Pierre Hertz, de Coordinateur vun de véier Zenteren am Land. An der Däichhal sinn eng ganz Partie gréng a wäiss Zelter opgebaut: an där enger Rei, déi fir d'COVID19-Patienten an an där anerer Rei d'Zelter fir déi aner Patienten. Béid Consultatiouns-Filièrë si vunenee getrennt.
Dësen Ekipement ass identesch an alle véier Zenteren am Land, also an der Luxexpo um Kierchbierg, zu Esch, Gréiwemaacher an an Däichhal. Zu Ettelbréck hätt een d'Méiglechkeet fir bis zu aacht Patiente gläichzäiteg opzehuelen, zielt den Dr. Pierre Hertz.
D'Sonia huet sech fräiwëlleg gemellt, fir an dësem Zenter ze schaffen. Hiren éischten Asaz am CSA an der Däichhal hat si gëschter Moien. Si ass eng pre-pensionnéiert Hiewan an Infirmière. D'Patienten, déi an d'Däichhal op Ettelbréck kommen, wiere frou d'Personal ze gesinn, zielt si.
"D'Leit si ganz vill veronséchert, d'Leit hunn dacks ganz vill Angscht. Ech mengen, datt mer dat ganz gutt hei kënnen opfänken."
Den Zenter zu Ettelbréck ass zanter dem virleschte Mëttwoch op. D'Infirmière gesäit d'Patienten als éischt, fir eng Prise en charge a fir éischt Froen ze beäntwerten a fir verschidde Parameter ze huelen, dem Patient ze erklären, wisou en am Centre pour soins avancés ass.
Da géifen d'Patiente weider bei den Dokter geschéckt, deen decidéiert, wéi et weidergeet. "An da geet de Patient entweder heem, eventuell an eng Surveillance, oder e geet an d'Klinik."
Eng Aufgab vun de Centres de soins avancés wier et och fir d'Leit ze informéieren, a si wann néideg psychologesch ze betreien, esou de Coordinateur vum Zenteren, de Laurent Wolf. Vill Leit, déi hospitaliséiert ginn, hätten Ängschten. Dofir géif ee mat Psychologen zesummeschaffen, déi sech ëm déi Patiente këmmeren.
"D'Strukture si prett"
Den Zenter zu Ettelbréck ass vu moies aacht bis owes aacht Auer op: fir de Moment gëtt mat zwou Ekippe Personal pro Dag geschafft. All d'Strukturen am Land wiere prett, fir d'Capacitéiten an Zukunft - wann néideg - nach ze verstäerken, an dat op eng onbestëmmten Zäit.
"Et huet e säi ganzt Liewe laang fir d'Leit geschafft, et kann een dat jo och, an et huet een einfach Loscht", esou beschreift d'Infirmière Sonja hir Motivatioun fir de fräiwëllegen Asaz am medezineschen Zenter zu Ettelbréck.
D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert géif si "extrem motivéiere" fir ze hëllefen, zielt si. "Et fillt ee sech capabel, et huet ee Loscht, et ass een immens gudde Moyen géint d'Hëlleflosegkeet doheem."