Radioen

On air

De Weekend  |  PICelectroNIC

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Biodiversum an den Haff Réimech

Lëtzebuerg entdecken

De Biodiversum an den Haff Réimech

An de Weieren zu Rëmersche ginn et vill Planzen- an Déierenaarten ze entdecken. Am Biodiversum niewendrun ginn et vill Informatiounen dozou.

auto_stories

2 min

"D'Entréesdier fir an d'Naturschutzgebitt Réimecher Haff", esou beschreift de Steve Jungen de Naturschutzzenter Biodiversum. Duerch divers Ausstellungsstécker an Informatiounstafele kritt een d'Weieren, déi niewendru leien, e bësse méi no bruecht, esou de Responsabele vum Center.

Am Ufank vun der permanenter Ausstellung kritt een erkläert, wéi de Site entstanen ass. "Dat heescht, do gi mir bis op d'Kelten an d'Réimer zeréck, also wat virun eis war.", seet de Steve Jungen. Wéi d'Musel begradegt ginn ass, si vill Biotope verluer gaangen, an den Haff Réimech wier dowéinst a senger aktueller Form souzesoen en Ersatz, seet hien.

An de 50er a 60er Joren gouf de Sand ausgebaggert an déi Lächer si mat Waasser gefëllt ginn, erkläert den Ornitholog Patric Lorgé. Dann hätt een der Natur fräie Laf gelooss, wat een och bei de Lagerhale géif gesinn.

Komplett onberéiert ass d'Natur op der Plaz net, et goufe Weeër ugeluecht an och Beobachtungshaisecher fir Visiteure goufen opgebaut. An do kann een da ganz gutt déi aarteräich Flora a Fauna bewonneren.

Iwwer 40 Libellenaarten. dorënner och Aarten, déi soss an Europa ganz seele sinn, kann een hei fannen. "Et sinn och iwwer 250 Vullenaarten hei festgestallt ginn", erzielt de Patric Lorgé. Et fënnt een och vill Beienaarten a Fësch am Naturschutzgebitt Réimecher Haff. Domadder wier et ee vun den aarteräichste Fiichtgebidder a ganz Lëtzebuerg.

Wann ee sech d'Weiere wëll ukucke goen, kann een dat natierlech op eege Fauscht maachen, et kann een dat awer och mat engem Guide maachen. Informatiounen dozou ginn et op biodiversum.lu. A wann Dir vläicht och Loscht hutt op anere Plazen am Land méi iwwer d'Natur gewuer ze ginn, et existéieren och aner Naturschutzzentere wéi Mirador am Ellergronn oder Buerfelt beim Stauséi. Informatiounen zu de fënnef Naturschutzentre fënnt een op emwelt.lu