Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Béier, d'Gierwerei an d'Ardennen-Offensiv

Iwwer Bierg an Dall

De Béier, d'Gierwerei an d'Ardennen-Offensiv

An eiser Serie Muséeën iwwer Bierg an Dall geet et an den Norden op Wolz. Am Schlass ginn et do direkt dräi Muséeën ënner engem Dach ze entdecken. De Pit Walté war dohinner.

auto_stories

2 min

Ee vun den dräi Muséeën, déi ee sech an de Raimlechkeeten ukucke kann, ass den nationale Musée vun der Braukonscht. Als éischt kënnt een an e Raum, an deem en historesche Café nogestallt gouf, mat original Miwwelstécker aus Wiertschaften.

E puer méi speziell Miwwele ginn et ze gesinn, ënner anerem eenzegaarteg Miwwelstécker fir d'Lëtzebuerger Geschicht, zum Beispill de Comptoir aus dem Café Wëlle Mann an der Stad, wou eng laang Zäit Politik gemaach gouf.

De Béier vu Lëtzebuerg

An anere Raim steet d'Geschicht vum Lëtzebuerger Béier am Mëttelpunkt, dat wat ee fir d'Produktioun u Matière première brauch, an och wéi en hiergestallt gëtt. An deem Kontext bitt de Musée och Seminairen un, an deenen ee selwer Béier maache kann. Schmaachen dierf een en dann natierlech och.

Deen zweeten Musée ass dee vun der Gierwerei, dee klengste vun den dräi. Do sinn e puer Apparaturen ausgestallt, déi ee fir dat Handwierk brauch, d'Geschicht vun der Gierwerei zu Wolz gëtt erkläert a Fotoe sinn ze gesinn.

D'Ardennen-Offensiv

Nieft dem Handwierk gëtt am drëtten Deel vun de Muséeën eng wichteg Etapp an der Geschicht vum Éislek virgestallt, d'Ardennen-Offensiv vum Dezember 1944. De Schwéierpunkt läit do awer net op de militäreschen Aspekter vun dëse Kampfhandlungen, mee et gëtt gewisen, wéi en Impakt se op d'Liewe vun de Bierger a vun den Zaldoten hat.

Eng Geschicht, déi do gezielt gëtt, ass déi vum amerikanesche Kleeschen. 1944 wollten d'Amerikaner, déi zu Wolz stationéiert waren, de Kanner eppes Guddes maachen an de Kleesche féieren. Séier goufe Schockela a Kichelcher zesummegesicht an de Richard Brookins huet d'Roll vum Kleeschen iwwerholl.

An dee Richard Brookins ass och Jore méi spéit ëmmer nees op Wolz zeréckkomm fir de Kleeschen ze spillen, bis e leider am Alter vu 96 Joer verstuerwen ass.