Radioen

On air

Notturno  |  Beirut - Hadsel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ David & Goliath: Lëtzebuerg am däitschen Zollveräin

Lëtzebuerger Sachbicher

David & Goliath: Lëtzebuerg am däitschen Zollveräin

Am Joer 1842 trëtt Lëtzebuerg dem däitschen Zollveräin bäi - eng Entscheedung, déi d'Land déifgräifend verännere sollt. Am Kader vum Centenaire vu senger Opléisung hunn d'Nationalarchiven een internationale Colloque iwwer d'Lëtzebuerger Memberschaft am Zollveräin aberuff. D'Akte vum Colloque goufen elo a Buchform publizéiert. De Mohamed Hamdi mat Detailer.

auto_stories

7 min

Déi lescht ausféierlech Etüd iwwer d'Lëtzebuerger Memberschaft am däitschen Zollveräin gouf viru ronn 100 Joer publizéiert a war éischter politesch motivéiert. Se entsprécht also weder de wëssenschaftlechen Erwaardunge vun haut, nach dem aktuelle Fuerschungsstand. Een Opschaffen vum Theema war also méi wéi fälleg. D'Nationalarchiven hunn dës Lacune elo mat enger beandrockender Publikatioun gefëllt.

16 Bäiträg, geschriwwen vun internationalen Experten, ginn esouwuel op déi wirtschaftlech wéi och op déi politesch a kulturell Repercussioune vum Lëtzebuergesche Bäitrëtt an den däitschen Zollveräin an. Wéi d'Editeuren et awer selwer bemierken, ass d'Buch alles aneres wéi exhaustiv. Villes hätt nach kënne gesot ginn a villes gëllt et nach ze erfuerschen.

Déi rezent Fuerschungsresultater, déi am Buch presentéiert ginn, stellen Opfaassungen a Fro, déi bis ewell als richteg gegollt hunn. Den däitschen Historiker an Zollveräinsexpert Hans Werner Hahn erkläert z. B. datt den Zollveräin net primär gegrënnt gouf, fir déi preisesch Virherrschaft ze konsolidéieren. Et ware villméi finanzpolitesch Iwwerleeungen, déi am Joer 1833 zur Grënnung vum däitschen Zollveräin geféiert hunn. Eréischt no a no gouf den Zollveräin als Kärelement vun der däitscher Eenheet identifizéiert - an och als Instrument vun der preisescher Muechterweiderung.

"Der Zollverein ist nun einmal vorzugsweise die Heimat der Idee der Einheit geworden, und in seiner Mitte wird sie sich mit immer größerer Kraft entwickeln. Man wird sich immer mehr daran gewöhnen, namentlich im Auslande, unter Deutschland hauptsächlich das Zollverbündete zu sehen."

Bäitrëtt zur Zollunioun

Esou den däitsche Jurist a Politiker Karl Steinacker am Joer 1844.

Zwee Joer éier de Karl Steinacker dës Wierder opgeschriwwen hat, war och d'Groussherzogtum Lëtzebuerg der däitscher Zollunioun bäigetrueden. Wéi eng Plaz konnt Lëtzebuerg an dëser, vu Preisen dominéierter Unioun, hunn? Tatsächlech war de Gros vun de Lëtzebuerger géint de Bäitrëtt an huet sech éischter fir eng Unioun mat der Belsch ausgeschwat - dat wéinst den enke Lienen, déi besonnesch zanter der belscher Revolutioun vun 1830 tëschent béide Länner herrschen. Där Meenung waren och vill Commerçanten an Entrepreneuren:

"Notre réunion aux douanes allemandes est la ruine du pays. L'Allemagne a tout à nous fournir, nous n'avons que bien peu de choses à lui donner en échange, et il est bien certain que nos autres voisins repousseront tous nos produits."

Datt Lëtzebuerg trotz der verbreeter Skepsis Member gouf, läit virun allem un der Germaniséierungspolitik vun Holland. Esouwuel de Grand-Duc Wëllem I wéi och säi Nofollger Wëllen II drängen op ee Bäitrëtt an den Zollveräin. Eng ad hoc geheim Enquête-Kommissioun ass dofir vun Den Haag aberuff ginn, fir d'Besoinen vun de lëtzebuergeschen Entrepreneuren ze sondéieren. Ronn 40 Persounen aus de verschiddenste wirtschaftleche Sparte goufen am Laf vu ronn zwou Woche ëm hir Meenung gefrot.

Wéi den Historiker Gilles Regener a sengem Aufsatz awer bemierkt, war dës Kommissioun vu vir eran dorop aus, eng Unioun mat Däitschland duerchzesetzen. Wärend der Enquête goufe virun allem déi Entrepreneuren interviewt, déi sech éischter fir eng Zollunioun mat Däitschland ausgeschwat hunn. Aner Wirtschaftszweiger wéi d'Brauindustrie oder nach d'Schiferindustrie un der belscher Grenz goufe guer net eréischt ëm hir Meenung gefrot, well si allebéid enger Zollunioun mat Däitschland éischter negativ entgéint stoungen.

Zwee Campen

D'Eisen- a Stolindustrie war intern an zwee Campe gespléckt. Wéi d'Stéphanie Kovacs a hirem Bäitrag weist, waren d'Meenungsverschiddenheeten dacks op perséinlech Antagonien zeréckzeféieren. Schlussendlech ware sech d'Stolhären awer eens, datt een Uschloss un den Zollveräin an hirem Virdeel wier - dat schonn eleng wéinst de Kuelen an dem Koks aus Däitschland.

Grad d'Stolindustrie sollt dank dem Zollveräin een enormen Opschwong erliewen. Mee och aner Wirtschaftszweiger wéi z. B. d'Vitikultur hunn enorm profitéiert. Dobäi haten och d'Wënzer ufanks géint den däitschen Zollveräin protestéiert. Wéi de Max Schmitz a sengem Text erkläert, haten si Angscht, datt den Uschloss mat Däitschland den Ënnergang vun der Lëtzebuerger Wäinindustrie aleede géing - dat wéinst der besserer Qualitéit vum däitsche Wäin an de méi bëllege Präisser. Anescht wéi gefaart huet de Lëtzebuerger Wäibausecteur ee Boom erlieft an dat besonnesch nom däitsch-franséische Krich. Bis kuerz virum éischte Weltkrich goufe méi wéi 90 Prozent vun der Lëtzebuergescher Wäiproduktioun an Däitschland exportéiert. Doduercher maachen d'Lëtzebuerger Wënzer sech awer och komplett vum däitsche Maart ofhängeg.

Trotz den evidente finanzielle Virdeeler huet déi dacks arrogant Attitüd vun den Noperen am Osten am Laf vun 19. Joerhonnert ëmmer erëm fir Spannungen tëschent der Lëtzebuerger Regierung an dem preiseschen Zolldirekter geféiert. Op dës Konflikter souwéi op d'Verwaltungsstrukture vum däitschen Zollveräin zu Lëtzebuerg geet den Historiker Marko Kreutzmann méi am Detail an.

D'Grënnung vun der Chambre de Commerce

Eng aner wichteg Ännerung um wirtschaftlech-administrativen Niveau war d'Grënnung vun der Chambre de Commerce, ee Joer virum Zolluschloss. Wéi d'Historikerin Nicky Blazejewski erkläert, koum d'Demande eng Lëtzebuerger Handelskammer ze grënnen vun ënnen - d. h. vu Commercanten an Entrepreneuren, déi mat der wirtschaftlecher Situatioun an der Steierlaascht vun der hollännescher Fiskalpolitik net zefridde waren. Déi national Handelskammer sollt zur Berodungsinstanz fir wirtschaftlech Froe ginn a soumat d'Interête vun de Commerçanten an Entrepreneuren besser zu Den Haag verteidegen.

Och um sozialen a kulturellen Niveau huet sech den Afloss vum Zollveräin bemierkbar gemaach. D'Fanny Robert an den Yves Claude erläuteren, wéi den Zollveräin sech op dat lëtzebuergesch Aarbechtsrecht an op déi lëtzebuergesch Aarbechterbeweegung ausgewierkt huet. Den Architektur-Historiker Robert Phillipart kënnt sengersäits op den iwwerraschende Schluss, datt den Zollveräin keng Preferenz fir däitsch Architekten mat sech bruecht huet - mee am Géigendeel dacks déi franséisch a belsch Experte favoriséiert goufen. An dësem Choix kéint een och eng Taktik vu Lëtzebuerg gesinn, sech géint een ze groussen däitschen Afloss ze behaapten, andeems ee bewosst an demonstrativ op net-Däitsch Architekten zeréckgräift.

Op aner iwwerraschend Resultater kënnt och den Historiker Charles Barthel, deen a sengem Artikel eng ganz Rei provokant Theesen opstellt. Anescht wéi bis ewell ugeholl, wier et senger Meenung no z. B. duerchaus plausibel, datt net de Grand-Duché, mee villméi Däitschland vun der lëtzebuergescher Memberschaft am Zollveräin am meeschte profitéiert hätt. Däitschland wier soumat mindestens geneesou ofhängeg vu Lëtzebuerg gewiescht wéi ëmgedréit Lëtzebuerg vun Däitschland.

"Notre grande industrie existe dans le Zollverein, mais elle lui rend aussi des services. On a besoin, en Allemagne, de nos fontes, et ce serait pour l'Allemagne un inconvénient sensible, si nos fontes lui manquaient, de même que nos minerais."

Esou de Lëtzebuerger Staatsminister Paul Eyschen.

De Charles Barthel revidéiert des weideren d'Iddi, datt Däitschland deen eenzege groussen Ofsazmaart vun der lëtzebuergescher Stolindustrie war a stellt soumat albewäerten Opfaassunge komplett op d'Kopp.

E Bléck op d'Ausland

Zwar läit de Schwéierpunkt vum Buch kloer op den Effekter vum Zollveräin zu Lëtzebuerg, mee et ginn och interessant Vergläicher mam Ausland gezunn. D'Fuerscherin Martina Sochin D'Elia analyséiert z. B. d'Zollunioun, déi 1852 tëschent Éisträich a Liechtenstein entstanen ass. Änlech wéi zu Lëtzebuerg gouf de Bäitrëtt vu Protester begleet, bis datt déi éischt positiv Effekter sech ofgezeechent hunn. A genee wéi zu Lëtzebuerg gouf d'Unioun nom Éischte Weltkrich gekënnegt a mat engem aneren Noper nei verhandelt - an dësem Fall d'Schwäiz.

Den Historiker Joseph Schmauch werft sengersäits ee Bléck op Elsass-Loutrengen - den Territoire südlech vu Lëtzebuerg, deen nom preisesch-franséische Krich vun 1871 vun Däitschland annektéiert an an den Zollveräin integréiert gouf. Anescht wéi Lëtzebuerg gouf Elsass-Loutrengen net just an de wirtschaftleche mee och an de politesch-administrativen System vun Däitschland integréiert. Trotz de positive wirtschaftlechen Effekter hunn d'Bewunner vun Elsass-Loutrengen un hirem regionale Partikularismus festgehalen a sech géint eng ze staark Germaniséierung gewiert.

Insgesamt hunn d'Editeuren ee gelongent Buch zesummegestallt, dat net just de wirtschaftlechen Impakt analyséiert, mee déi och kulturell, sozial a politesch Repercussioune beliicht. Déi 16 Auteure bréngen et fäerdeg, dëse facettëräichen a komplexe Sujet ee gutt Stéck méi verständlech ze maachen.