Radioen

On air

Notturno  |  Little Simz - Angel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ datt en d'Leit dat mengen - Wat ass den "en"?

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

datt en d'Leit dat mengen - Wat ass den "en"?

An eiser Serie "Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch" erkläert eis d'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch eppes iwwer den "en" an Niewesätz.

auto_stories

3 min

D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Wat genee ass deen "en" dann am Niewesaz?

Caroline Döhmer: Eng vun eisen éischten Episode goung jo ëm den "s" bei engem Saz wéi "ob s de gees". Do hat ech jo erkläert, datt deen "s" ëmmer da kënnt, wann de Sujet am Niewesaz "du" oder "de" ass:

deen s du fonnt hues
wou s de bass
wéi een Auto s de hues

Dësen "s" ass obligatoresch, d. h. e Saz ouni "s" ass falsch, oder ongrammatesch, wéi de Linguist seet: *deen du fonnt hues, *wou de bass.

A wat ass elo mam "en" am Niewesaz?

Wann am Niewesaz de Sujet "mir" oder "mer" ass, also déi 1. Persoun Pluriel, da kann optional "en" virdrustoen, duerch d'n-Reegel ass dat bei "mir/mer" awer einfach en "e": datt e mer dat maachen.

Dësen "en" fanne mer awer och bei Niewesätz, an deenen de Sujet an der 3. Persoun Pluriel ass, also bei "si/se": datt en se dat maachen. Dat geet an deem Fall net just bei Pronomen, mee och bei Substantiver am Pluriel:

wat en déi Kanner alles brauchen.

Dee gëtt awer net ëmmer gesot?

Nee, deen ass éischtens optional an zweetens huet en nach e puer strukturell Restriktiounen. Also d'Optionalitéit weist sech doranner, datt ech all Saz soe kann, ouni deen "en" an en ass dann nach grad esou richteg:

datt (e) mer dat maachen
datt (en) se dat maachen
wat (en) déi Kanner alles brauchen

A wou kënnt deen "en" hier?

Och hei ass den "en" wéi den "s" beim "du" eng Kopie vun der Verb-Endung. Also mer hunn: mir laach-en, si laach-en. Do ass "laach" de Stamm an "-en" d'Endung. An déi gëtt dann tëschent d'Niewesazaleedung an de Pronomen (also de Sujet) gepecht. Deen "en" ass dann och duerch d'Inversiounsstellung um Sujet "hänke bliwwen": laach-e mer, wat-e mer; kach-en se, datt-en se. An dann ass et ëmsou méi speziell, datt mer den "en" och bei Sujete fannen, déi e Substantiv am Pluriel sinn: datt en d'Leit dat soen.

Awer wéi gesot, dësen "en" ass am Saz fakultativ. Am Geschriwwene gëtt en dacks net benotzt, mee nach e klengen orthografeschen Tipp: wéi den "s" gëtt och den "en" wéi en eenzelt Wuert geschriwwen, also: datt en se matmaachen. Et fënnt een awer dacks d'Schreifweis "datten" oder "dassen" (an engem Wuert) - dat war fir meng Recherche ganz dankbar, well ech op dës Manéier séier vill Beispillssätz fonnt hunn.

Du sos am Ufank, datt den "en" net ëmmer geet. Wou taucht en dann op a wou net?

Eng wichteg Restriktioun beim Niewesaz mam en-Marker ass d'Zort vun der Niewesazaleedung. Also beim s-Marker hate mer jo verschidden Typpen: ob s de gees, mat wiem s de schwätz, a wéi eng Richtung s de fiers.

Den "en" ass hei e bësse méi wieleresch, d. h., e kann net hannerun all Niewesazaleedung stoen. Genee geholl weise meng Daten, datt et tendenziell zwou Kategorië gëtt: eesilbeg Subjunktiounen (ob, wat, wou) an alles mat "datt/dass" (fir datt, ouni datt):

ob e mer dat och wëllen
wat e mer nach brauchen
wou en se dat hierhunn
wat en se jo gewinnt sinn
fir datt en d'Leit Bescheed wëssen

An déi Sätz ginn natierlech och all ouni den "en".

Genee, dee muss net gesat ginn. Mee passt emol eng Kéier op, ob Dir deen "en" am Lëtzebuergeschen an Ärem Ëmfeld matkritt! Deen ass natierlech och séier verschléckt, well - soe mer sou -, wann d'n-Reegel bei "mir" och nach gräift, dann ass esou een "e" net ganz opfälleg: datt (e) mer dat maachen.

Mir beobachten dat a soen Dir nees Merci fir deng Erklärungen!