Radioen

On air

Tockcity  |  The Vaccines - Lunar Eclipse

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dan Tanson: "D'Kanner si mäi Publikum"

Sot emol

Dan Tanson: "D'Kanner si mäi Publikum"

Den Dan Tanson huet zu Bréissel Communication visuelle studéiert mat Spezialisatioun op d'Kannerbuch. Dernieft huet e profitéiert och an Zirkusschoul ze goen. Haut ass en Acteur, Auteur, Sänger, Poppespiller, Produzent, Regisseur an déi Lëscht kéint een nach weider féieren.

auto_stories

2 min

An allem, wat de Dan Tanson mécht, viséiert hien d'Kanner als Publikum, an dat zitt sech wéi e roude Fuedem duerch säi artistescht Liewen.

"Dat war vun Ufank un kloer fir mech, ech géif gäre fir de jonke Publikum schaffen. Ech soen ëmmer esou, d'Kanner an de jonke Publikum, déi hunn nach eng Zukunft, do ass nach esou vill ze maachen an esou vill Dreem.(...) Ech hunn den Erwuessenen am Fong näischt ze zielen."

Den Dan Tanson an de radio 100.7

Hien huet och eng Zäitchen als fräie Mataarbechter um radio 100,7 geschafft an natierlech, dat läit op der Hand, huet en um Ufank bei der Kanneremissioun mat gemaach, mee dorausser gouf méi.

"Ech hunn an der Kanneremissioun ugefaangen, an iergendwann ass een dann och gefrot ginn ob een och emol wëll d'Prime-Time-Shows iwwerhuelen. Tjo, dunn hunn ech dat och e puer Joer gemaach."

De Claude Mangen war eng Zort Mentor

Fir den Dan Tanson huet de fréieren 100,7-Programmchef an Theatermënsch Claude Mangen eng wichteg Roll gespillt. An dat well hie sech fir dem Dan Tanson seng Kannerprojeten intresséiert huet an him och d'Chance ginn huet.

"Ech war mech bei all Theater virstellen, wou ech vun den Uni koum. Ech géif gär Theater fir Kanner maachen, notamment Poppentheater. Oh, vreck do hunn ech haarsträubend Saachen erlieft.(...) An hie war deen eenzegen, deen Intressi gewisen huet. An ech hunn esou eng Mentorfigur och gebraucht, an de Claude huet einfach Chance ginn.(...) Ouni hie wier meng Karriär warscheinlech anescht gaangen"

An de nächsten Deeg ass den Dan Tanson mat sengem Erzielconcert "De Ratefänger vun Hameln" mat der Betsy Dentzer, der Louisa Marxen an dem Juan Carlos Diaz Bueno uechtert Land op Tournée. Méi Informatioune fannt der op dantanson.lu