Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Daach - Diecher, Hond - Hënn, Pluriel am Lëtzebuergeschen

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Daach - Diecher, Hond - Hënn, Pluriel am Lëtzebuergeschen

An der 9. Episod vun der Serie geet et ëm de Pluriel. Wéi seet een zum Beispill richteg: "Jobs" oder "Jobben"? D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erkläert de Pluriel am Lëtzebuergeschen.

auto_stories

3 min

D'Linguistin Caroline Döhmer erkläert de Pluriel am Lëtzebuergeschen. Foto: Archiv

Simon Larosche: Pluriel, dat ass jo eigentlech näischt Komplizéiertes: een Apel, zwee Äppel.

Caroline Döhmer: Et ass net komplizéiert, well s du als Mammesproochler net vill muss driwwer nodenken! De System ass nämlech guer net esou evident, wéi mer am Lëtzebuergeschen e Wuert an de Pluriel setzen.

Wat gëtt et dann alles?

Et gëtt eemol d'Bäisetze vun engem -en oder -er. Këscht - Këschten, Diplom - Diplomer.
Dann hu mer nach eng Null-Endung: Dëppen - Dëppen, Päerd - Päerd.
Dann hu mer e Vokalwiessel (dee kann am Lëtzebuergesche ganz abenteuerlech sinn): Fauscht - Fäischt, Kou - Kéi, Bam - Beem, Block - Bléck, Glas - Glieser, asw.
Da ginn et ganz vill Kombinatiounen:

Vokalännerung mat Endung, wou och de Konsonant hannen ännert: Mond - Mënner, Wuert - Wierder.
E Suffix, wou och de Konsonant hannen ännert resp. ewechfält: Bild - Biller, Frënd - Frënn.

Dat si ganz schéi vill verschidde Reegelen!

Jo, en plus gesäit een dem Singulier net ëmmer of, wéi en am Pluriel ass: Kueb - Kueben, Kuerf - Kierf, Duerf - Dierfer. An da ginn et nach Schwankungsfäll, wou dann am Pluriel zwou Formen existéieren: Bussen - Busser. Hummeren - Himmer. Wéi sees du dann, Simon? Bussen oder Busser?

Ech soen: zwee Busser!

Op der Uni Lëtzebuerg hu se mat der schnëssen-App erausfonnt, datt grad méi jonk Leit éischter den -er-Pluriel an dësem Fall huelen. Prinzipiell sinn awer béid Forme méiglech.

An dann hu mer och nach Friemwierder, also Wierder aus dem Franséische wéi "Point de vue" oder "Règlement grand-ducal" oder aus dem Englesche wéi "Bigband" oder "Job". Hei ginn et prinzipiell zwou Methoden, fir doraus am Lëtzebuergeschen e Pluriel ze maachen: ech huelen d'Friemwuert an der Grondform eriwwer a knätschen eng lëtzebuergesch Plurielsendung drop, hei wier dat normalerweis den "en": zwee Point-de-vuen oder zwee Règlement-grand-ducallen. Hei muss een dann och nach orthografesch e bëssen oppassen, well dat ass och net esou evident mat den zesummegesate Wierder am Franséischen.

Fir déi englesch Wierder hätte mer dann: zwou Bigbanden oder zwee Jobben. Och hei muss een orthografesch oppassen, well mer hei en haarde Laut schwätzen an awer e mëlle Laut schreiwen.

Et gëtt awer och d'Méiglechkeet, de Pluriel aus där Sprooch direkt mat ze iwwerhuelen. Dat ass fir Leit heiansdo wichteg, déi och gär de richtegen Accord am Franséische setzen: zwee Règlements grand-ducaux. Dat ass awer éischter als Niewevariant unzegesinn. De Pluriel op -en bleift de Reegelfall. Och am Englesche kann een en engleschen s-Pluriel setzen: zwou Bigbands oder zwee Jobs. Wéi ee Pluriel hëls du do, Simon?

Jobs a Bigbands!

Maja, do ginn et och déi zwou Varianten: Grondform + lëtzebuergeschen -en oder mer léinen de Plurielsuffix direkt aus der Quellsprooch. Dat steet awer och am neien Text vun der aktualiséierter Orthografie, déi elo e Freideg a Kraaft trëtt.

A wou fannen ech deen Text?

Deen ass vun e Freideg un accessibel op zls.lu oder Dir kommt de Weekend op d'Walfer Bicherdeeg an d'Hal 2. Do ass déi ganz Equipe vum LOD resp. vum ZLS, fir mat Iech iwwer d'Orthografie oder den Dictionnaire ze schwätzen! An Dir kënnt e gratis Exemplaire vum neie Reegelwierk mathuelen.

Ma villäicht gesi mer eis do, an du kënns mat neien a spannende Froen erëm, fir nei Kuriositéiten ze erklären.

Jo, de Spaass un der Sprooch an hirer Struktur hält fir mech am Fong ni op.