Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zukunft vum Homeoffice?

Mäin Europa

D'Zukunft vum Homeoffice?

E gehéiert ganz sécher zu eiser Normalitéit an trotzdeem huet an de leschte Woche keen e vermësst: De Stau op eise Stroossen. En Deel vun der Plo kéinte mer warscheinlech fir ëmmer lass gi wann an Zukunft méi Leit géife vun doheem aus schaffen. Mee wei vill Teletravail ass méiglech an engem Land wou e groussen Deel, ronn 46 Prozent vu Salariéen aus dem Ausland kommen?

auto_stories

7 min

De Bernd kënnt vu Saarbrécken an zielt, datt hie virum Confinement all Dag ongeféier 1 Stonn a 50 Minutte fir de Wee op a vun der Aarbecht gebraucht huet.

"Das Wegfallen dieser Fahrzeit hat einen sehr positiven Impakt auf mein Privatleben, weil ich noch abends spazieren gehen kann oder sonst noch was für meinen Austausch tun kann. Da kann man besser entspannen."

De Bernd schafft am Finanzsecteur zu Lëtzebuerg. Ee Secteur, dee wärend der Corona-Kris wéineg vum Chômage partiel konnt profitéieren an an deem eng grouss Partie vun de Grenzgänger schaffen.

"Normalerweise arbeiten hier 450 Menschen, derzeit sind wir auf maximal 10 Prozent Belegung in der Bank. Man sieht schonn, mit Blick durch die Kuppel, da sind sehr viele Tische leer. Das wird auch bis absehbare Zeit so bleiben."

Eng Parti Erausfuerderungen

An der Deutschen Bank sinn 73 Prozent vun de Salariéë Frontalieren. Fir den Direkter Frank Krings géif den Teletravail niewent ville positiven Aspekter och eng Rei Erausfuerderunge mat sech bréngen. Virop an enger Krisenzäit.

"Man stellt fest, dass Abstimmungen komplizierter werden. Da, wo man im Normalbetrieb mal was zurufen wuerde, das geht so nicht mehr. Da muss man jetzt ein Telefomat vereinbaren. In Veränderungsprojekten, dort wo es viele Querschnittsthemen gibt oder wo kreative Prozesse erforderlich sind, auch dort müssen wir uns noch dran gewöhnen. Im laufenden Geschäft funktioniert es sehr gut. Und es hat geholfen das Thema Digitalisierung und Demateralisierung beschleunigt voranzutreiben."

Ma am grousse ganze weist sech de Frank Krings zefridden iwwer déi séier Ëmstellung vu Büro op Homeoffice. Am Mäerz wier bannent Kuerzer Zäit den normale Modell op ee quasi 90 Prozenteg Teletravail-Modell iwwergaangen

"Das erfordert, dass auch die Aufsichtsbehörden Veränderungen in den Regulierungen gemacht haben. Die Behörden haben schnell und klug gehandelt, erforderte dann aber von uns, dass wir auf der technischen Seite in nahezu Rekordtempo die Vorraussetzung geschafft haben, dass unsere Kollegen aus dem Ausland hier auf das System zugreifen konnten."

De Jean-Pierre Faber

Schonn den 2. Mäerz hätt d'CSSF d'Finanzinstituter drop opmierksam gemaach hire Business Continuity Plan, kuerz BCP, ze aktivéieren, erkläert ee vun den Direkteren de Jean-Pierre Faber. D'Bankenopsiicht hätt och Erliichterunge gemaach, allerdéngs wier d'Sécherheet vun den Donnéeë prioritär gewiescht.

"An der Industrie ass verlaangt, datt déi Leit keng Donnéeë mat heem huelen, an do ass eng Erliichterung gemaach gi vis-à-vis vum BCP, wou déi Donnéeë securiséiert accessibel waren à distance souguer am Ausland. Dat ass eng Exceptioun, déi hu mir missten an d'Liewe ruffe fir datt d'Finanzplaz weider funktionéiert, an dat ass gaangen."

Exceptionell Mesuren

Niewent den Erliichterunge vun der CSSF gouf et och exzeptionell Mesurë wat d'Besteierung an d'Sécurité Sociale ugeet. D'Limitatioun vun den Deeg, déi e Salarié am Joer dierf doheem schaffen ier hien am Land, wou e wunnt, besteiert gëtt, an do muss an d'Sécurité social abezuelen, gouf am Accord mat den Nopeschlänner ausgesat.

Ausserhalb vun der Pandemie gesäit dat dem Bernd no fir Däitschland zum Beispill esou aus:

"Erstmal wenn man seinen Wohnsitz un Deutschland hat und in Lxemburg arbeitet, dann darf man maximal 19 Tage im Homeoffice arbeiten. Ab dem 20 Tag würden dann steuerlich betrachtet sämtlichen Tage in Deutschland zu versteuern sein. Was die Sozialversicherung angeht, da ist der Wert 25 Prozent. Darüber hinaus wird man in seinem Wohnsitzland sozialversicherungspflichtig und nicht mehr in Luxemburg."

Wéi laang dës Reegelungen nach ausgesat bleiwen, huet de Finanzministère op Nofro hin net gesot. D'Zil wier et awer den Teletravail ze vereinfachen an ze fërderen. Allerdéngs wier dat op europäeschem Niveau net sou evident, mengt den EU-Kommissär fir Aarbecht Nicolas Schmit. Virop wat d'Reglement vun der Sécurité sociale ugeet.

"D'Fro, déi sech stellt: ass et méiglech europäesch eng aner Reegelung ze fannen? Datt een zum Beispill déi 25 Prozent eropsetzt? Dat ass schwiereg, do brauche mir den Accord vun all deenen aneren. Do stelle sech Problemer, déi ginn iwwer d'Situatioun vun de Frontalieren eraus. Ass et méiglech de Frontalieren e spezielle Statut ze ginn? Alles dat géif heeschen, datt mir missten den Artikel 883 änneren."

Fir den Nicolas Schmit wiere bilateral Accorden tëschent de Länner kuerzfristeg déi beschte Léisung, sou wéi et bei de Steiere schonn de Fall ass.

Diskussiounen iwwer den Teletravail zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg fänken d'Diskussioune ronderëm den Teletravail nächsten Donneschdeg un, erkläert d'Veronique Eichen vum OGBL fir de Finanzsecteur. An engem Aarbechtsgrupp zesumme mam Conseil economique et social géif vun nächster Woch un, un engem Avis geschafft ginn.

"Mir hunn en Accord Teletravail, deen ënnerschriwwe ginn ass tëschent de Gewerkschaften an der UEL, deen datéiert vun 2006. Mee en ass net d'Usance, well mir déi Barrièren hu mam Teletravail, déi bekannt waren ier d'Pandemie lass gaangen ass. An elo muss gekuckt ginn op Basis vun dem Accord, wéi dee muss ugepasst ginn am Interêt vun de concernéierte Parteien."

Hei missten d'Rechter vun de Salariée séchergestallt ginn, erkläert d'Veronique Eichen.

"Datt d'Leit net musse 24 op 24 Stonne schaffen, datt d'Accèse korrekt sinn datt d'Outile korrekt sinn, fir datt si richteg schaffe kënnen. Dat war fir eis haaptsächlech déi Problemer, déi vun Ufank un net geléist waren."

Datt de Besoin do ass fir dat Reglement nei ze gestalten, där Meenung ass och de Jean Pierre Faber vun der CSSF. D'Bankenopsiicht wier am gaange mam Finanzministère dodrun ze schaffen.

"Mir hu geléiert, datt e Besoin do ass fir déi Oplage vun 2008 villäicht anescht ze gestalten. Do si Saachen an der Maach. An do musse mir kucken, wéi dat an der Zukunft weider geet fir kënnen eng Erliichterung vum Teletravail ze maachen."

Fir de Frank Krings, Direkter vun der Deutschen Bank, misst den Teletravail gesetzlech verankert ginn. Allerdéngs wier et falsch ze mengen, datt d'Aarbecht um Büro kéint duerch den Teletravail ersat ginn.

"Ich glaube schon heute wäre es möglich im Rahmen der bestehenden Länderobergrenzen, die es gibt, ohne eine Erweiterung vun den Tagereglungen, wenn man das Prinzip auch nach der Krise dauerhaft verankern, dass auch der grenzüberschreitende Systemzugriff innerhalb dieser 19, 24, 29 Tage Reglungen dauerhaft möglich ist, ist damit schon viel gewonnen. "

Zeréck op Saarbrécke bei de Bernd. Dee wënscht sech allefalls eng europäesch Léisung fir den Teletravail: "Fir datt een op mannst een Dag pro Woch kéint am Homeoffice bleiwen an domadder méi klimafrëndlech ze ginn an de Verkéier z'entlaaschten."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.