Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Woch vum Natur- & Geopark Mëllerdall

Natur

D'Woch vum Natur- & Geopark Mëllerdall



De Moment ass d'Woch vum Natur- & Geopark Mëllerdall, zäitgläich mat der europäescher Woch vun de Geoparken. Wéinst der Coronavirus-Kris konnten déi geplangten Evenementer net ënner enger normaler Form organiséiert ginn, mee wéi esou dacks an dësen Zäiten, bitt een digitale Contenu un.

auto_stories

3 min

Foto: ORT Mullerthal

An zwar gëtt den Natur- a Geopark Mëllerdall Rendez-vous op hirer Facebooksäit oder op dem YouTube-Channel Naturparke Luxemburg. Do gëtt et zum Beispill e Video zum Entstoe vun der Regioun vum Natur- & Geopark Mëllerdall, an deem engem erkläert gëtt, wéi déi Fielslandschaften iwwerhaapt entstane sinn, an et kritt een och en Abléck an déi verschidde Gestengs-Zorten.

Zesumme mam natur musée gouf e Virtrag iwwer dat geologescht Ierwen zu Lëtzebuerg organiséiert a fir de méi klenge Public organiséiert een de Sonndeg eng Liesung aus dem Buch "De Wiichtel Wumm - E Mëllerdaller Dréchemauerbauer".

Eraus an d'Natur

Fir och eppes dobaussen an der Natur unzebidden, huet de Natur- & Geopark Mëllerdall am Kader vun dëser Woch de Léierpad "Dobausse Léieren" ugeluecht.

Domadder wéilt een d'Kanner an d'Elteren dofir sensibiliséieren, datt een net nëmmen dobannen", mee och baussen un der frëscher Loft eppes léiere kéint", seet d'Conny Koob, déi Responsabel fir d'Kommunikatioun vun de Lëtzebuerger Naturparken.

"Dëse Wee riicht sech aktuell u Kanner vu sechs bis néng Joer, awer mir kéinten eis virstellen an Zukunft vläicht méi esou Weeër ze maachen. Deen heiten ass elo mol provisoresch bis de 7. Juni verfügbar, duerno huele mer d'Statiounen ewech. Et ass einfach mol fir ze testen, wéi dat Ganzt ukënnt.

A wann ee Feedback zu deem Léierpad huet, kann een deen op d'Email-Adress info@naturpark-mellerdall.lu schécken.

UNESCO Global Geopark

Am Kader vun dëser Woch vum Natur- & Geopark Mëllerdall gouf och ugekënnegt, datt een d'Kandidatur stellt fir Member am internationale Programm vun den UNESCO Global Geoparken ze ginn. Schonn 2017 hat den Natur- & Geopark Mëllerdall esou eng Kandidatur eragereecht, déi war awer refuséiert ginn.

Et wier een engersäits net genuch an der Regioun verankert gewiescht, esou d'Conny Koob, anerersäits, hätt een dee Moment nach net genuch mat anere Geoparken an der Géigend zesummegeschafft.

Ob deene Punkten hätt een nogebessert, dofir hofft een elo op eng positiv Äntwert. Op alle Fäll hätt et vill Virdeeler dësen UNESCO-Label ze kréien, esou déi Responsabel fir d'Kommunikatioun vun de Lëtzebuerger Naturparken.

"Et kritt een een immense Bekanntheetsgrad, an et ass natierlech och eng Éier Deel vun dësem Label ze sinn, well een de Label nu mol och net esou einfach kritt a well dat en Zeechen ass, datt een e besonnescht geologescht, natierlech a kulturellt Ierwen huet. A mir hunn d'Chance, datt d'Experten eis bei der éischter Kandidatur schonn zougeséchert hunn, datt dat geologescht Ierwen hei a Lëtzebuerg immens flott ass, an datt si och grouss Potenzial an der Regioun gesinn."

D'Kandidatur fir den UNESCO Global Geopark-Label wëllt den Natur- & Geopark Mëllerdall am Hierscht vun dësem Joer erareechen. Nächst Joer sollen dann Experte vun der UNESCO op d'Plaz komme fir sech de Naturpark unzekucken, mat engem Resultat ass da fréistens am Fréijoer 2022 ze rechnen.