Geschicht D'Rekonstruktioun vum Land nom 2. Weltkrich

Virun allem den Norden an den Oste vum Land goufen am Krich uerg zerstéiert. D'Geschicht vum Erëmopbau ass eng, déi nach wéineg erfuerscht ginn ass. D'Duebelausstellung "Ons zerschloen Dierfer" zu Dikrech gëtt en Abléck. Viru Kuerzem hat hire Curateur Benoît Niederkorn eng Videokonferenz zu deem Sujet gehalen.

Michel Delage

„Ons zerschloen Dierfer“: Der Wiederaufbau Luxemburgs (1944-1960)
Foto: MNHM/Tony Krier, Photothèque de la Ville de Luxembourg

Wéinst der däitscher Ardennenoffensiv vun Enn 1944 haten Dausende Mënschen aus dem Norden an Oste vum Land missten evakuéiert ginn. 18.000 Haiser goufen deelweis oder komplett zerstéiert, 250 Uertschafte waren direkt betraff. Et goufe Schied un de Waasser-, Stroum- a Gasinfrastrukturen, de Brécken, dem Eisebunnsreseau...

No der definitiver Befreiung duerch d'Amerikaner Enn Januar 1945 war d'Zäit vum Erëmopbau, déi een - grad ewéi an Däitschland - als "Stunde Null'' ka bezeechnen, seet de Benoît Niederkorn, Historiker an Direkter vum Dikrecher Militärmusée:

"Et war alles futti a kee wousst esou richteg, wéi et sollt virugoen. Tëschent 300 a 600 Ziviliste waren ëmkomm. Wien net evakuéiert gi war a wien aus der Evakuatioun zeréck a säin Duerf komm war, stoung virum Näischt. Si hu misste kucken: wou kréien ech eppes z'iessen? Wéi kréien ech mäin Haus an d'Rei gesat, datt ech erëm kann dra liewen? Un Hëllef vun Auswäerts war am Ufank net ze denken, well een am Gebitt selwer ëmmer nach am Krichszoustand war. Et louchen nach Läichen a Krichsmaterial dorëmmer, den zivillen Aarm vun der amerikanescher Arméi (civil affairs) hat dat Ganzt aus Sécherheetsgrënn ofgespaart."

Institutiounen hanner dem Erëmopbau

Fir d'Rekonstruktioun haten d'Schied misste festgestallt an d'Fléckaarbechte finanzéiert ginn. An enger éischter Phas, nach virun der Ardennenoffensiv, hat d'Regierung eng Institutioun vum däitschen Okkupant iwwerholl: d'Feststellungsbehörde für Kriegsschäden, déi an Office des dommages de guerre ëmbenannt gi war.

Den Office war du séier iwwerfuerdert. Dofir gouf de Poste vum Commissaire général de la reconstruction geschaaft, dee vum Joseph Schroeder, fréieren Ingenieur bei de Bâtiments publics, besat gouf. De Commissaire konnt Material a Main-d'oeuvre requisitionéieren, erkläert de Benoit Niederkorn.

"Den Office des dommages de guerre hat Formulairen ausgedeelt un all Eenzelen, dee betraff war, an opgelëscht, wat alles futti war. De Commissaire général de la reconstruction hat déi Deeler vum Land, déi sinistréiert waren, an 41 Secteuren opgedeelt. Den Ordre des architectes war requisitionéiert ginn, och d'Architekten hu missen d'Schied feststellen. Dat war eng Aart Géigenexpertis vun deem, wat de Proprietär vum futtissen Haus deklaréiert hat. Domat sollt Fusch um Bau verhënnert ginn, respektiv datt verschiddener dovu géife profitéieren, eppes méi gefléckt ze kréien."

Eng geleefeg Kritik war deemools déi, datt et net schnell genuch géif goen. D'Prozedure goufen deemno erweidert. De Conseil supérieur de la reconstruction, e Beamtegremium, gouf an d'Liewe geruff. Gemengekonferenze goufen agesat, an deenen och sinistréiert Leit vertruede waren. D'Verdeelung vun den Hëllefe gouf nom Prinzip vu Prioritéitelëschten organiséiert, sou de Benoît Niederkorn:

"Wann däin Haus zu engem gewësse Grad futti oder ausgebrannt war, du has esouvill Kanner, an du waars och nach zwangsëmgesiddelt, has du ëmsou méi Punkte gesammelt a waars deementspriechend an der Prioritéitelëscht no vir geréckelt. Dee politesche Kontext hat och matgespillt: war deng Famill der Kollaboratioun beschëllegt, krus du esouvill Minuspunkten, waars no hanne gefall a krus däin Haus net esou schnell gefléckt. Dee ganze Prozess hat awer seng Zäit gebraucht, well net all dat néidegt Material do war."

No 1946-47 war d'Rekonstruktioun méi systematesch organiséiert ginn. Et hat awer bis 1950 gedauert bis iwwerhaapt emol e Gesetz iwwert den Erëmopbau gestëmmt gouf - bis dohi war et kee legale Kader ginn.

D'Oeuvre Grand-Duchesse Charlotte

Fir de soziale Volet vun der Rekonstruktioun waren engersäits d'Gemengen zoustänneg, mat direkte materiellen Hëllefen. An anerersäits dann d'Oeuvre de secours Grand-Duchesse Charlotte. Si ass 1944 gegrënnt ginn.

Eleng de Bezuch op d'Grand-Duchesse am Numm war e staarkt Symbol fir ze hëllefen, d'Moral vun der Populatioun ze hiewen.

D'Oeuvre hat souwuel Direkthëllef wéi och finanziell Ënnerstëtzung organiséiert, an zwar iwwer Spendenaktiounen, d'Nationallotterie a Privatinitiativen, seet den Historiker Jerôme Courtoi vum Nationale Resistenzmusée. Wie koum, nieft de Weesekanner an de Refugiéen, soss nach an de Genoss vun deenen Hëllefen?

"Fir d'éischt emol Zwangsrekrutéierter, déi zeréck koumen. Awer och Resistenzler, Refractairen, Deserteuren, Invaliden... All d'Krichsaffer kruten eng Hëllef zougewisen. Awer och d'Famillen, d'Wittfraen, a wann néideg och d'Elteren an d'Grousselteren. Et dierf een net vergiessen, datt d'Altersvirsuerg net déi vun haut war. Wann s du am Krich däi Bouf oder Enkel verluer has, dee sech virdrun ëm dech bekëmmert hat, stoung s du heiansdo viru grousse Problemer."

"Esch hëlleft Eschduerf"

Dës weideren hat d'Oeuvre d'Solidaritéit tëschent Gemengen a Poren aus dem Süden an Zentrum vum Land mat den zerstéierte Stied an Dierfer am Norde koordinéiert. Am beschten dokumentéiert ass d'Aktioun "Esch hëlleft Eschduerf'', déi fir d'éischt iwwer Direkthëllefen, duerno dann duerch eng reegelrecht Adoptioun duerch d'Gemeng Esch verlaf war.

E wichtege Volet vun der Rekonstruktioun, deen haut wéineg bekannt ass, war de sougenannten "don Suisse". Lëtzebuerg war ee vun 18 Länner, déi nom Krich vun engem Schwäizer Hëllefswierk ënnert d'Äerm gegraff kruten. Schwäizer Aarbechter waren an den Norde geschéckt ginn, fir Aarbechterhaiser nees opzeriichten; Schwäizer Fraen hate gehollef, Kanner an de Crèchen ze versuergen, asw.

D'Geschicht vun der Rekonstruktioun ass eng, déi nach muss geschriwwe ginn, seet den Historiker Benoît Niederkorn. D'Duebelausstellung zu Dikrech hätt den Ustouss ginn, fir d'Fuerschungsaarbechten unzedreiwen. Ënner anerem ass fir déi nächst Zukunft e Sammelband geplangt.


D'Duebelausstellung zu Dikrech '''Ons zerschloen Dierfer'. Der Wiederaufbau Luxemburgs (1944-1960)" ass nach bis de 5. September 2021 ze gesinn.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Vincent Artuso
Zäithistoriker

Ufanks 1941 huet de Grouss-Rabbiner Robert Serebrenik e Rapport fir d'Exilregierung geschriwwen. Deen Text ass vill méi zweedeiteg, wéi een dat no enger éischter Lektür kéint mengen.

Marie Adelheid
Lëtzebuerger Sachbicher

D'Josiane Weber huet ee Buch iwwer d'Groussherzogin Marie-Adelheid geschriwwen a raumt mat esou munche Legenden op. D'Biographie krut d'lescht Joer de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Bescht Sachbuch.

D'Festungsmauere vun der Stad Lëtzebuerg gehéieren zum UNESCO-Weltkulturierwen.
Sprochepolitik

De Linguist Joseph Reisdoerfer warnt virun de Konsequenze vun der Entwécklung vun der Sproochesituatioun hei zu Lëtzebuerg. D'Eenheet vum Land kéint a Fro gestallt ginn, schreift hien an engem Artikel.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen