Radioen

On air

De Moien  |  Superwaljoer um afrikanesche Kontinent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Rees ouni Fraisen annuléieren

Konsumenterechter

D'Rees ouni Fraisen annuléieren

Fir d'Verbreede vum neie Coronavirus anzedämme soll den Ament jiddwereen doheem bleiwen a sech net onnéideg deplacéieren oder reesen. Mee wat geschitt, wann een déi nächst Vakanz scho gebucht huet? Wéi e Recht huet e Konsument elo fir seng Rees ouni Fraisen ze annuléieren? An ënner wat fir Konditioune kritt ee seng Suen zeréck?

auto_stories

3 min

D'Kelly Mulombe, Juristin, an d'Karin Basenach, Direktesch vum Europäesche Verbraucherzentrum

D'Kelly Mulombe ass eng vun aacht Juristen, déi am Europäesche Verbraucherzentrum zu Lëtzebuerg Bierger iwwer hiert Konsumenterecht opkläert. Si ënnersträicht, datt keng nei Reegelen ageféiert goufen, "et ginn also net extra Corona-Reegelen", mee d'Kris ëm de Coronavirus kéint een als Cas de force majeur unhuelen.

De beschte Wee wier et, fir als éischt Kontakt mat sengem Vertragspartner ze huelen, seet d'Kelly Mulombe. "Froe kann een ëmmer, [...] de Geste commercial ass ëmmer méiglech."

Ënnerscheeder bei der Reservatioun

Ob e Konsument ouni Fraise seng Vakanz annuléiere dierf, hänkt dacks vu Fall zu Fall of a misst individuell evaluéiert ginn, erkläert d'Juristin. An awer géif et zwou Kategorië vu Reese ginn, tëschent deenen ze ënnerscheeden ass:

  • Eng individuell Rees, also e Vol sec
  • Pauschalrees

Wa bei enger Rees de Fluch an den Hotel separat reservéiert goufen, wier de Konsument automatesch manner gutt geschützt, seet d'Kelly Mulombe. Et wier net virgesinn, datt een en Droit d'annulation sans frais hätt. "Annuléiere kënnt Dir ëmmer, mee Dir bezuelt dann awer."

Kann d'Prestatioun ugebuede ginn?

Och am Fall vun engem sougenannte Cas de force majeur wier net garantéiert, datt de Konsument ouni Fraisen annuléieren kéint. Wann de Flug awer vun der Fluggesellschaft annuléiert gëtt, dann huet de Konsument d'Recht de Präis vum Flugticket zeréckzekréien. Bei Hotellen, déi separat gebucht goufen, gëlle bei enger Annulatioun d'Konditioune vum Kontrakt, sou d'Juristin.

Wann de Fluch an den Hotel zesumme gebucht goufen, beispillsweis an enger Reesagence, gesäit de legale Kader anescht aus, erkläert d'Kelly Mulombe. Hei géifen déi verschidde Prestatiounen zesumme gekuckt ginn. Wann déi verschidde Prestatiounen net zesumme kënnen erfëllt ginn, sief dat well den Hotel ännert oder de Fliger net flitt, dann hätt de Konsument wéinst enger Modifikatioun d'Recht ze annuléieren.

Sech op offizielle Sitten informéieren

Ee Cas de force majeur kéint an dësem Fall ee Grond fir eng Annulatioun ouni Fraise sinn. De Konsument muss dëst awer beweise kënnen, sou d'Karin Basenach, Direktesch vum Europäesche Verbraucherzentrum.

Een Indice kënnen d'Internetsitte vun den Ausseministèrë ginn, zum Beispill zu Lëtzebuerg, an Däitschland, oder an Italien, oder d'Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun. "Dat muss ee sech op jiddwer Fall ukucken." Wann d'Reesagence d'Rees selwer annuléiert, dann huet de Konsument e Recht drop seng Suen zeréckzekréien.

De Konsument informéieren

Grad elo, an Zäite vun der Pandemie vum neiaartege Coronavirus, wier et wichteg d'Leit esou gutt et geet iwwer hir Rechter ze informéieren, seet d'Karin Basenach, sief et Reesen, Concertsticketen, Versécherungen, Akeef. Bei de grenziwwerschreidende Saache kéinte Konsumente sech beim Europäesche Verbraucherzentrum mellen, fir déi aner Saache wier d'ULC, also d'Union Luxembourgeoise des Consommateurs zoustänneg, preziséiert d'Direktesch vum Europäesche Verbraucherzentrum.

Wie sech also onsécher ass, ob e seng Rees annuléiere soll oder e Recht op e Remboursement huet, kéint säi spezifesche Fall hei analyséiere loossen, sou nach d'Direktesch vum Europäesche Verbraucherzentrum.