Lëtzebuerg entdecken "D'Natur mat alle Sënner erliewen"

"D'Natur mat alle Sënner erliewen", dat ass de Motto vun der Robbesscheier zu Munzen. Et ginn divers Handwierker virgestallt, et gëtt eng grouss Offer un Teambuilding-Moossnamen an d'Déiere stinn am Mëttelpunkt. De Pit Walté war dohinner kucken.

Robbesscheier zu Munzen 2

Kanéngercher, Schwäin, Hénger, Geessen an Ieselen, wie gäre mat Déieren a Kontakt kennt, fir deen ass d'Robbesscheier genee dat Richtegt. An d'Ardennerpäerd hunn nach eng speziell Stellung. "Mir hunn zéng där Schaffpäerd, mat deene mir och mat de Kutsche fueren. De Kontakt mam Déier geet gutt bei Kanner, mee och Erwuessener, dat léisst kee kal. Dat ass schonn eng vun eisen Haaptsaachen", seet de Jean Zeches vun der Robbesscheier.

An der Mediathéik:

Lëtzebuerg entdecken / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Camping Troisvierges - Sentier des passeurs
Lëtzebuerg entdecken

Den Ëlwener Camping kann ee bal mat engem Vakanze-Ressort vergläichen. Net nëmmen datt een hei Stellplazen, nei Mobilhomer a grouss Glamping-Safarizelter loune kann, de ganze Camping läit och nach matten am Ëlwener Activity-Park.

Héijuewe Belval 2
Lëtzebuerg entdecken

Um Belval kann een eng Visite vum Héichuewen A maachen, fir méi iwwer d'Stolindustrie gewuer ze ginn. Wann een dann um Héichuewen ass, huet een e gudde Bléck doriwwer, wéi sech de Site entwéckelt huet a wat haut do wichteg ass.

Programm

Net verpassen

  • Annonce: Recherche d'un chef de la programmation

    Gebai vum radio 100,7

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche 1 chef de la programmation (m/f) pour contrat à durée indéterminée et à temps plein.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen