Den 100,7-Klassesall D'Melusina, Näschter an eng Energiespuerluucht

Hallo, léif Kanner an ärem 100,7-Klassesall an deem der haut nees ganz spannend Theeme kënnt begéinen. Mer ginn zum Beispill villes iwwer Vullennäschter gewuer a mer schwätzen iwwer Skulpturen aus dem Mudam, dem Musée fir modern Konscht um Kierchbierg. A wann dir wëllt wësse wéi een eng Energiespuerluucht mam Kierper un d'Liichte kritt, da sidd hei op der richteger Adress.

Klassesall

News for Kids-Kuerzaarbecht

D'Schoule sinn den Ament zou, dofir muss dir vun doheem aus léieren. Dat ass awer net dat eenzegt, wat net esou leeft wéi soss: Och ganz vill Eltere kënnen den Ament net schaffe goen. Si verdéngen awer trotzdeem weider Suen. Firwat dat esou ass, erkläert Iech de Rick Mertens aus der Noriichteredaktioun.

Lauschteren

Vullennäschter, wou een hikuckt

Obwuel mer sollen doheem bleiwen, ass et awer erlaabt bis an de Gaart oder op de Balcon ze goen. An do, Kanner, kuckt Iech d'Beem emol gutt un. Grad elo gesäit ee ganz vill Näschter.

D'Monique Kirsch aus dem natur musée erkläert eis, wéi d'Näschter gebaut ginn. Wéi a wou déi verschidde Vullen hir Näschter bauen. A just fir iech scho virwëtzeg ze maachen, muer erkläert eis d'Monique da wat e "Nesthocker" an en "Nestflüchter" ass.

Lauschteren

Wéi gesinn ech aus? Eng Skulptur aus dem Mudam

D'Wuert "Skulptur" kënnt aus dem Latäin. "Sculpere" huet bei den ale Réimer "schnëtzen" oder "meessele" bedeit. An dat hat domat ze dinn, datt e Sculpteur eben deemools am Steen oder Holz geschafft huet. Mëttlerweil kommen awer och ganz aner Materialien an der Skulptur zum Asaz. Woumat Kënschtler haut experimentéieren, kënnt dir zum Beispill am Mudam, dem Musée fir modern Konscht um Kierchbierg, gesinn. An eben och bei eis héieren: d'Konschtwierker aus dem Mudam stelle sech nämlech am 100,7-Klassesall vir.

Lauschteren

D'Ioanna Madenoglu als Konschtwierk aus dem Mudam. Wéi stellt dir iech d'Skulptur vun der koreanescher Kënschtlerin Suki Seokyeong Kang vir? Wann et Iech ze séier war, da lauschtert nach emol an da schéckt eis är Proposen iwwer klassesall@100komma7.lu eran. Wat de Mudam aktuell u Kanneraktivitéiten iwwer den Internet bitt, fannt dir op www.mudam.lu.

Eng Energiespuerluucht liicht ouni Steckdous

An dësem Experiment weist de Mister Science, de Joseph Rodesch, wéi een eng Energiespuerluucht ouni reell Stroumquell, also ouni Steckdous a Kabel un d'Liichte bréngt. Dir braucht dofir eng Energiespuerluucht, dat sinn déi mat den Tübe bannendran an e Loftballon. Mam Loftballon reift ee sech dann un den Hoer, dann hält een de Ballon un d'Energiespuerluucht a scho liicht se. Wéi dat elo richteg geet, a firwat, dat erkläert de Mister Science. An de Video zu dësem Experiment fannt dir wéi gewinnt op science.lu.

Lauschteren

Wat geschitt elo mam Cassis, dem Mupp.

Mir komme bei de leschten Deel vun der Geschicht "Ein Hund namens Cassis" vum Francis Kirps. De Cassis ass esou auserhéngert, datt hie bei den Tom heem kënnt, mee den Tom huet net vergiess, wéi de Cassis hien am Stach gelooss huet. Wat geschitt elo mam Cassis? Dem Francis Kirps seng Geschicht "Ein Hund namens Cassis" ass an engem Buch mam Titel "Mutationen", dat bei den Editions Hydre erauskoum. D'Tania Hermann erzielt eis elo de Schluss iwwer de Cassis.

Lauschteren

Mir schreiwen e Buch: E Plang fir Melusina

D'Sunni, de Raphael, d'Nadine, d'Alex an den Tunn stinn op hirer Zäitrees an d'Mëttelalter virun der Melusina. D'Melusina schéngt deene Jonke wëllen eppes matzedeelen, si geet dovun aus, datt kee si richteg kennt, wuel schonn hiren Numm héieren huet, awer hir Geschicht net wierklech weess.

Also erzielt si de Kanner vum Grof Siegfried sengem Pakt mam Däiwel, an datt hie sech net un d'Versprieche gehalen huet an awer duerch d'Schlëssellach geluusst huet, wéi d'Melusina sech gebuet huet. Dat koppegt un där ganzer Geschicht awer ass: net de Siegfried, mee d'Melusina huet misse béissen, well si gouf verflucht an all Éiwegkeet an de fiichte Mauere vun der Buerg ronderëm ze geeschteren.

De Raphael fänkt un doriwwer nozedenken a freet, ob net ieren d'Melusina déi komesch "aner" Gestalt war, déi d'Sunni beim Lagerfeier erbléckst hat, an déi um Ufank vun dëser Geschicht op der Schléiwemille stoung?

Jo, seet d'Melusina a si sichen all zesummen no enger Léisung, fir datt d'Melusina hire Fluch kéint änneren. Si schaffen un engem Plang an dee Plang gëllt et elo zesumme mam Roland Meyer ze schreiwen.

Dir hutt fläisseg weider Iddien erageschéckt, Kanner, an de Roland Meyer verzielt eis, wéi eng et sinn.

Lauschteren

Wann dir nach Iddien hutt, oder en Titel fir eis Geschicht wësst, da schreift eis op klassesall@100komma7.lu oder op WhatsApp 621 44 00 44. An zielt eis och äre Musekswonsch, oder wann dir eis eng Schnok wëllt erzielen.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Klassesall
Den 100,7-Klassesall

Kuerz virun Ouschtere gi mer nach eng Kéier an den 100,7-Klassesall. Dës Kéier kréie mir erkläert, wéi Ouschteren dëst Joer gefeiert gëtt, mir maachen zesumme Glace, a mir ginn Eeër sichen.

Klassesall
Den 100,7-Klassesall

Och an der Ouschtervakanz gëtt et den 100,7-Klassesall. Haut froe mir eis, wéi intelligent Vulle sinn, mir ginn an de Musée Dräi Eechelen, mir liese weider aus dem Buch "Cassis" a schreiwen un eiser Geschicht.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen