Radioen

On air

Notturno  |  Lucio Battisti - Ami Ancora Elisa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Kasematten

Lëtzebuerg Entdecken

D'Kasematten

An eiser Serie "Lëtzebuerg entdecken" stelle mir Iech an den nächste Méint ëmmer nees flott Plazen an och flott Aktivitéiten hei zu Lëtzebuerg vir, déi Dir elo am Summer an natierlech och dono besichen, respektiv ënnerhuele kënnt.

auto_stories

2 min

Wéinst senge grousse Festungsanlagen, déi virun allem am 17. an 18. Joerhonnert staark erweidert goufen, krut Lëtzebuerg iergendwann de Bäinumm Gibraltar vum Norden. E groussen Undeel dorunner hunn och d'Kasematten. Uechter d'Stad goufen am ganzen 23 Kilometer vun dëse Stollen an Tunnelle gegruewen, 17 dovunner si bis haut nach erhalen. Een Deel dovunner kann ee sech och ukucke goen.

1644 gouf mam Bau vun de Péitruss-Kasematten ugefaangen, deemools ënner de Spuenier. 1744 hunn éisträichesch Ingenieuren dann d'Bock-Kasematten an de Sandstee gegruewen. An dat aus militäresche Grënn, nämlech fir d'Stad Lëtzebuerg ze verteidegen.

1867 gouf d'Lëtzebuerger Festung geschläift, d'Kasematte waren dovunner awer zum Gléck net betraff. Dofir kann ee sech déi Tunnellen, déi an de Bockfiels gegruewe goufen, haut nach ukucken.

D'Vu aus de Kasematten

Et lount sech op alle Fall d'Kasematten ukucken ze goen, déi och zum Weltkulturierwe vun der Unesco zielen. An dat net nëmme wéinst den opwändegen Tunnellen, déi gegruewe goufen, mee och wéinst der schéiner Vue, zum Beispill op de Gronn, déi een dann an de fréiere Schéissschächt bewonnere kann.

Ee grousse Virdeel hunn d'Kasematten och am Summer: Et ass bei héijen Temperaturen dobaussen schéi frësch.