Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - That Thang

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Greta Thunberg, den Indiana Jones an d'Ann Spann

100,7-Klassesall

D'Greta Thunberg, den Indiana Jones an d'Ann Spann

Am 100,7-Klassesall kucke mir ënner anerem, wat d'Greta Thunberg eigentlech mécht, mir kréie vun de Bommelen erzielt, d'Renée Weber zielt eis d'Geschicht vun der Ann Spann weider, a mir kréien eng Aufgab.

auto_stories

3 min

Noriichten

Wat mécht eigentlech d'Greta Thunberg elo? Déi 16 Joer al Schwedin ass jo bekannt wéinst de Klimaprotester.

Millioune vu Schüler a Jonke waren d'lescht Joer iwwerall an der Welt op d'Strooss gaange fir dat ze maachen, wat d'Gretha Thunberg als éischt gemaach hat: Nämlech, een Dag net an d'Schoul, mee op d'Strooss ze goen a vun de Politiker fuerderen, si misste méi géint de Klimawandel maachen.

Wat geschitt elo mat dëse Protester? De Pierre Reyland vun de Noriichten huet dat nogesicht.

Lauschterenplay_arrow


D'Liewe vun de Bommelen

Kënnt dir iech nach erënneren, virgëschter huet d'Muriel aus dem natur musée eis erzielt, datt si enger Bommelkinnigin am Gaart begéint ass an och wéi een enger Bommel, déi ganz schwaach ass mat Zockerwaasser d'Liewe rette kann.

Haut geet et weider mat de Bommelen an d'Muriel erzielt eis, wéi e ganzt Bommelevollek bis den Hierscht wiisst a lieft.

Lauschterenplay_arrow


Ann Spann

D'Renée Weber erzielt eis elo, wéi et mat der Ann Spann weidergeet. Virgëschter hu mir jo héieren, datt d'Ann Spann et fuerchtbar langweileg fënnt Spannennetzer ze bauen. Haut huet d'Ann Spann e ganz komeschen Dram an do kënnt dann och de Rolfi Raup mat an d'Spill.

Déi laang Version lauschterenplay_arrow

Et hunn eis och Kanner Biller vun der Ann Spann erageschéckt:

Nora

Léini


D'100,7-Aufgab

Haut wandele mir op de Spuere vum Indiana Jones. Mir froen eis haut, wéi d'Welt an der Steenzäit ausgesinn huet a ginn op Fuerschungsrees mam Script. Den Challenge heescht: op de Spuere vum Indiana Jones: mir interesséieren eis fir Hielefuerscher, Archeologen, Historiker an Hielemoler.

Méi Informatiounen fënnt een op schouldoheem.lu


Mir schreiwen e Buch

Nodeems d'Sunni deen éischten Owend eng komesch Gestallt gesinn hat, awer keen him dat wëllt gleewen, mécht et sech an der zweeter Episod Gedanken, wéi et déi aner kënnt vun der Wouerecht iwwerzeegen.

Zum Gléck fënnt hatt Hëllef beim Rafael an an der Nuecht treffe si sech bei der Bierk um Bëschrand.

Lauschterenplay_arrow