"Fritten, Léift an Tango": esou ass den Titel vun engem nostalgeschen Artikel, deen am Januar 1986 an der gratis Wochenzeitung Lux-Post: Reflets du Bassin Minier publizéiert gouf. Et geet drëms "wat lass war an deene verschiddenen "Dancingen', déi fréier an der rue d'Audun stoungen".
"Wat haut aus der Erënnerung vun der "Nokrichsjugend' bal ausgeläscht ass an wat fir eis aktuell Generatioun vu "Discofans' bal onvirstellbar, wann net ondenkbar ass,"
An Dir, wousst Dir, datt vun der direkter Nokrichszäit bis Enn vun de 1960er Joren Esch-Uelzecht en Hotspot fir Festlechkeeten/Fester war?
Fir ze danzen op Esch
"Dancingen" an aner "Säll", déi Baler organiséiert hunn, hu sech besonnesch gutt entfaalt op enger Streck, déi sech vun der Otherstrooss op der Héicht vun der Brillstrooss bis op d'Zuchbarrière tëschent de Quartiere Grenz an Hiel entwéckelt huet. Deemools war d'Otherstrooss vill méi laang, well se sech bis op den Eck vun der Avenue de la Gare op der Héicht vun der Gare gezunn huet.
Meng Groussmamm war 1949 grad 18 Joer al, wéi hir Mamm si an ee vun den Dancingen op der Grenz bruecht huet. Orchesteren hunn deemools déi bescht Danzmusek vum Moment gespillt. Déi meescht jonk Meedercher goufen do vun hire Pappe begleet; meng Bomi hat hiren net méi.
Allerdéngs war et net esou vill fir si ze chaperonéieren, datt hir Mamm zesumme mat hir dohinner gaangen ass, mee si huet selwer gäre gedanzt. Si hat hir Grënn: si war an hire Véierzeger Jore Mamm vun dräi Kanner a schonn zweemol Wittfra.
An der Mëtt vum 20. Joerhonnert waren d'Dancingen déi Plazen, wou ee Leit kenneléiere konnt. Et ass esou wéi meng Bomi mengem Grousspapp begéint ass. Sie ka sech net méi genau erënneren, wéi de Numm vum Dancing war: war et beim Hein? beim Rossi? beim Weltesch fils?
Si ass no hirem Bestietnes nëmme seelen op d'Grenz zeréck gaangen an huet dunn bal e Joerzéngt a Brasilie verbruecht, wou mäi Grousspapp vun der ARBED geschéckt gouf. Elo 90 Joer al, schéngen hir déi Erënnerunge wéi ganz wäit ewech ze sinn.
Ee wichtege Bestanddeel vun der Geschicht vun Esch
Vun deenen Escher Familljen, déi schonn dräi Generatiounen zu Esch gewunnt hunn, sinn der vill, déi hir eege Versioun vun enger Libesgeschicht hunn, déi op der Grenz ugefaangen huet. An dës Geschicht gehéiert och dacks en Tango, eng Walz oder e Cha-cha-cha, deen et da méiglech gemaach huet den éischte Schrëtt ze maachen.
An da vun 1960er Joren u ginn et och vill gutt Erënnerungen u Fritte beim Erzi oder am Lema, ier dësen d'Fritten opginn huet fir eng bekannte Pizzeria ze ginn. Dës familiär Erënnerung, déi vläicht anekdotesch schéngt, verréit tatsächlech e wichtege Bestanddeel vun der sozialer a kultureller Geschicht vun Esch.
Zu Esch, wéi och enzwousch anescht, hunn d'populär Feierlechkeete relativ wéineg Opmierksamkeet kritt vu Fuerscher oder Autoritéiten, ausser wa se als Stéierunge vun der ëffentlecher Uerdnung ugesi goufen.
Si si seele mat den nobelen Objete vu Konscht oder Aarbecht assimiléiert ginn. Wann et Etüden iwwer "Danztempel" an aner Amusementer vun de Groussstied gëtt, da kommen d'Escher Dancingen éischter anekdotesch an der Literatur vir.
Op der Sich no Dokumentatiounen
Déi puer Bicher an Documentairen, déi de Lëtzebuerger Kontext dokumentéieren, konzentréiere sech allgemeng op d'Kënschtler, déi op der Bün waren, manner op "Amateuren", déi um Buedem gedanzt hunn - den exzellenten Entrée d'Artistes: Swing, Musetten a Fuesmusik (2007) vum Andy Bausch, zum Beispill, verfollegt d'berufflech Karriäre vun de Lëtzebuerger Jazzmuseker aus den 30er bis an d'1960er Joren, haaptsächlech duerch hir Engagementer op Radio Lëtzebuerg an an de Cabarete vun der Haaptstad.
Zwee wäertvoll Wierker tauchen an d'Escher Ambiance vun den 1950er a 60er Joren. De Baru erzielt an der BD "Quéquette Blues" (1984), eng verschneite Wanternuecht an der Mëtt vun de 1960er Joren, wou jonk loutrengesch Aarbechter iwwer d'Grenz an d'Otherstroos feiere kommen a versichen d'Meedercher ze erueweren.
Mir tauchen an d'Atmosphär vun den Dancingen, hir Keelespiller a lokal Orchesteren, hir Kläppereien an Aarbechtersolidaritéit. D'Kollektioun vu Fotoen an Texter "Mythos Esch. Fragmente 1950-62 (2004)" vum Ed Maroldt dokumentéiert d'Populärkultur vun Esch nom Krich.
D'Kapitele "Frontierland" a "Mär ginn op d'Grenz" handele vu lokale Jazzlegenden, Draguéieren am ëffentleche Raum, an Danze bei de mythesche Rossi, Hein, Bernardo oder och Dickrechs Théid.
Lokal an national Archiven enthalen e puer Schätz. Am Archiv vun der Stad Esch steet e Register vun den Demandë fir fräi Nuechten a vun all de Baler, déi an der Stad tëscht 1920 an 1937 organiséiert goufen, souwéi d'Kultur-, Sport- a Museksveräiner, déi d'Demande gemaach hunn, an natierlech, d'Plaze wou dës Baler stattfannen.
Hei kann een och d'Bréiwer vun 1944 bis 1965 mat Ufroe vun Associatioune consultéieren. Wat d'Archive vun der Press ugeet, kann een Ukënnegunge vu Baler bis an d'1970er Joer entdecken. Sou kann ee gesinn, wéi Plazen duerch d'Joerzéngte gaange sinn, heiansdo iwwer e puer Generatiounen an enger eenzeg Famill bliwwe sinn, an allgemeng méi bekannt waren ënner dem Numm vun hire Besëtzer wei ënner hirem Geschäftsnumm.
D'Gefiller vun de Leit goufen net dokumentéiert
Allerdéngs ass et schwéier aus den Archiven all déi sensoresch an affektiv Dimensioune vun dëse populäre Festlechkeeten erauszebréngen. Wéi hunn déi Jonk sech gefillt, wa se zesumme gedanzt hunn, an enger Zäit wou Meedercher a Jongen sech net an der Schoul konnte gesinn, well se nach net gemëscht waren, a si sech och op der Aarbecht kaum begéine konnten, well d'Fraen net op deene selwechte Plaze wéi Männer geschafft hunn?
Wéi hu sech Danzmuseker gefillt, wa se bis an d'Mëtt an der Nuecht a volle Säll gespillt hunn? Muss een et "selwer erlieft hunn [...] well een et net erkläre kann", wéi eng Bekannte vu menger Bomi mir gesot huet?
Fuerscher, déi sech fir individuell a kollektiv Erënnerung interesséieren, hu gewisen, datt si duerch Symboler, Monumenter an Erfarungen erhale muss ginn, dacks op deene Plaze selwer vun der Erënnerung, déi een erhale wëllt.
D'Historikerin Alison Landsberg argumentéiert, datt d'kierperlech an emotional Erfarung op der Plaz selwer (in situ) souguer d'Entstoe vu "Erënnerungen" iwwer Tatsaachen erlaabt, déi ee selwer net erlieft huet. Si nennt dëst "prosthetesch Erënnerung", déi sech "grefféiert" wéi eng Prothees.
Eng Erënnerungstour duerch Esch
In situ Erliefnis, op d'Plaz goen: Op engem kalen awer sonnegen Dag am Februar hunn ech den éischten "Dancing Erënnerungen Tour" geleet, eng Pilgerrees an de Quartier vun de Dancinge vu fréier. Virum Escher Theater, op der Brill Plaz, hunn ech ugefaange mat engem Gedicht vum Guy Van Hulle, "Esch/frontière" (1973), dat d'rue d'Audun beschreift: d'Saloon-Atmosphär, d'Meedercher a Mini-Jupe, de Geroch vu verwielegte Blummen an, wei Dir schonns geaant hutt, Fritten.
Ech hunn déi meescht vun de Participanten um "Pilgerrees" kannt, bal all Lëtzebuerger vun italienescher Ofstamung. Si hate schonn Interessi u menger Fuerschung ausgedréckt an ech hat e puer vun hinnen interviewt. Dorënner war e Gemengebeamten an DJ, Jong vum Museker Edy Honken, bekannt fir d'Aféierung vun der hawaiianesch Gittar zu Lëtzebuerg.
Hien huet mech vun Ufank un op menger Fuerschung begleet. Et war och eng fréier Revue-Dänzerin dobäi, déi ausgebilt gouf an der Escher Danzschoul Germaine Damar, benannt no der bekannter Lëtzebuerger Dänzerin a Schauspillerin, a gefouert vun hirer Schwëster.
Schlussendlech war et een Oldtimer-Begeeschterten, deem säi Papp a säi Monni am Escher Jazzclub gespillt hunn, an dee selwer Museker ginn ass an 33 Joer laang en Orchester dirigéiert huet. Hien organiséiert all Joer zu Lasauvage eng Renconter, wou d'Leit sech an der Moud vun den 1950er Joren undinn a wou nëmmen al Autoen am Duerf erlaabt sinn.
De "Viola", de leschten Dancing op der Grenz
D'Duechter vun de Besëtzer vum leschten Dancing op der Grenz, de Viola, ass och mat eis komm. Si gouf mir vun engem Mann virgestallt, dee selwer am Viola opgewuess ass, iwwer dem Danzsall war nämlech eng Aarbechterpensioun. Säi Papp, e Schräiner am Dag, war Garçon am Viola an der Nuecht.
Vill Dancinge ware gläichzäiteg Caféen, Wiertschaften, an heiansdo, zousätzlech, Aarbechterpensiounen. De Viola gouf am Joer 1924 als Café vun engem Nuddelsfabrik-Aarbechter, Ubaldo Viola, aus der Géigend vu Perugia an Italien, opgemaach.
1953 gouf de Café vu senger Duechter Orlanda Vanoli-Viola als Dancing offiziell "nei opgemaach". Nom Benito Gallo, Auteur vum Buch "Centenario gli italiani zu Lussemburgo 1892-1992" (1992), war de Viola berüümt fir seng Balen, huet bis zu drësseg Aarbechter an zéng Zëmmeren uewen ënnerbruecht, a bis zu dräihonnert Iessen den Dag zerwéiert.
Geréiert vun der Famill Vanoli-Viola bis Enn vun den 1980er Jore gouf et um Enn un de Besëtzer vun der aktueller Brasserie des Terres Rouges verkaaft. Um Enn vun der "Pilgerrees" hu mir do zesummen e Patt gedronk, an d'Fotoen an aner Familljenarchive gekuckt, déi vun Verschiddene matbruecht goufen.
De Räichtum an d'Komplexitéit dokumentéieren
De Fuerschungsprojet Dancing Esch, deen am Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) vun der Uni Lëtzebuerg gemaach gëtt, probéiert tëscht Archivfuerschung an Histoire orale,de ganze Räichtum an d'Komplexitéit vun dës populäre Festlechkeeten ze dokumentéieren.
Et geet drëm d'Geschicht vun der Sozialitéit an der Fräizäit, vun de Gebräich an der Intimitéit, an och déi vum Kierper an de Sënner ze entdecken, an enger Grenzstad, déi geschafe gouf duerch d'Stolindustrie an d'Migratioun.
An där Zäit war Esch wéi aner Stied am Gaange sech vun engem grousse Krich ze erhuelen an huet Sonndeger d'Joie de Vivre déi an der Nokrichszäit erëm entdeckt gouf an der Amüsiermeile vun der rue d'Audun genoss.