Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Taylor Eigsti - Plot Armor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Bedeitung vum Hëllefsverb "wäert"

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

D'Bedeitung vum Hëllefsverb "wäert"

D'Linguistin Caroline Döhmer erzielt eppes iwwer een eenzegt Verb: "wäerten". Den Infinitiv "wäerten" ass schonn e Spezialfall, well dat Verb esou gesi guer keen Infinitiv huet.

auto_stories

4 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft fir den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Mer sinn nach am Mäerz, deen s de als Mount vum Verb deklaréiert hues an haut hues de just ee Verb matbruecht.

Caroline Döhmer: Genee, mee dat ass esou spannend, datt et fir eng ganz Episod duergeet.

Et ass d'Verb "wäerten".

Genee, an do fänkt et direkt schonn un: den Infinitiv "wäerten" ass schonn e Spezialfall, well dat Verb esou gesi guer keen Infinitiv huet. Mer gebrauchen et just als Hëllefsverb.

A wat ass do seng genee Funktioun?

Seng Funktioun ass temporal-modal. Dat erklären ech elo e bësse méi genee.

Jo, wannechgelift!

Fänke mer mol bei deem temporalen Aspekt un. Ech ka mat "wäert" Saachen ausdrécken, déi an der Zukunft leien:

Ech wäert mäin Text d'nächst Woch ofginn.
Mir wäerte muer um 10:00 zu Paräis ukommen.

Dat sinn alles Sätz, wou den "wäert" ausdréckt, datt eppes an der Zukunft geschitt. Et ass also eppes, wat sech op d'Zäit bezitt, dofir temporal.

Ech kann de Futur am Lëtzebuergeschen awer och einfach mam Present ausdrécken:

Ech gi mäin Text d'nächst Woch of.
Mir komme muer um 10:00 zu Paräis un.

Firwat ginn déi Sätz gutt? Well ech ëmmer en Element dran hunn, dat mir seet "hey, ech geschéien an der Zukunft".

Du mengs déi Hiweiser wéi "d'nächst Woch" oder "muer"?

Jo, ganz genee. Wann ech eng Zäitangab hunn an eppes sécher geschitt, da kann ech mäi faktesche Present huelen. Deen ass och gutt, fir eppes ze beschreiwen, wat an der Zukunft läit.

Gëtt et dann en Ënnerscheed, ob ech déi Sätz elo mat oder ouni "wäert" benotzen?

Dat ass eng gutt Fro an do komme mer scho bei dee modalen Aspekt vun dësem Hëllefsverb. "Wäert" kann nämlech och d'Astellung vum Spriecher mat ausdrécken. Also wéi sécher resp. onsécher en ass, datt eppes geschitt. Kucke mer mol déi zwee Sätz:

Ech gi mäin Text d'nächst Woch of. Punkt. Sou ass dat.
Ech wäert mäin Text d'nächst Woch ofginn. Wann alles gutt leeft. Ech wier frou, wann dat klappt. Dat sollt fonctionéieren.

Déi Nuance tëschent Present a "wäert" ass awer heiansdo ganz schwéier ze erkennen. Hei nach zwee Beispiller:

Deen Typ wäert sech ni änneren.
Deen Typ ännert sech ni.

Wéi staark ass fir dech de Bedeitungsënnerscheed tëschent dësen zwee Sätz?

Fir mech ass dee relativ kleng.

De Present seet: Dat ass esou. Dat ass Fakt.

D'wäert-Form seet: Dat misst klappen. Dat sollt fonctionéieren. A wat sinn dat hei fir Verben (sollt/misst)? Modalverben. Dofir huet de "wäert" och eng modal Funktioun.

Lo kann een awer och ganz philosophesch ginn an iwwerleeën, ob net all Moment aus der Zukunft onsécher ass. Also datt een ni sécher ka sinn, datt eppes wierklech geschitt. Mee déi Diskussioun musse mer op enger anerer Plaz weiderféieren.

Ech mengen, aus där Diskussioun komme mer net méi eraus.

Nee, komm mer maachen, wéi wann ech dat lo net ugeschwat hätt.

Wa mer lo de Futur am Lëtzebuergesche kucken, da géif ech soen, datt e meeschtens mam Present ausgedréckt gëtt. De "wäert" kann och eppes an der Zukunft ausdrécken, mee mat enger manner faktescher Ausso.

Hei geet et dann och ëm Warscheinlechkeeten, Hoffnungen, Ängschten asw. Eng Angscht wier: Et wäert em dach näischt geschitt sinn!

Moment, do hätt ech och e Saz: De Mount vum Verb wäert dach elo net schonn eriwwer sinn!

Ganz schéine Gebrauch vu "wäert" als Ausdrock vun Onsécherheet an Angscht! Jo, de Mäerz ass lo eriwwer, awer et ass net esou, wéi wa keng Verb-Episode méi géife kommen. Do sinn nach genuch Kuriositéiten ze fannen! Fir d'nächst Woch sichen ech mer awer eppes Onverbales eraus!


Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch ass och wärend dëse ganz speziellen Deeg fir Iech do a falls Dir selwer eng Fro zu der Lëtzebuerger Sprooch hutt, déi Dir nach ëmmer wollt gekläert kréien, da kënnt Dir der Linguistin Caroline Döhmer déi schreiwen, ënner der ganz einfacher Email-Adress: lod@lod.lu a vläicht verschafft si se dann an enger nächster Episod.