Radioen

On air

Al Schanken  |  Doyle Bramhall - I Can See Clearly Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Coronhaar-Kris

Prisma

Coronhaar-Kris

Bal zwee Méint huet et fir kleng Commercen an Handwierksbetriber geheescht, datt hir Diere mussen zoubleiwen. An och elo leeft et nach laang net fir jiddwereen esou, wéi virun der Corona-Kris. Lues a lues kënne Betriber ënner strenge Sécherheetsvirschrëften an Hygiènesmesuren erëm opmaachen. Wärend dem Confinement ass awer ëmmer nees an de Medien eng bestëmmten Déngschtleeschtung ervirgehuewe ginn, déi ville Leit, wuertwiertlech, Kappzerbrieches gemaach huet: nämlech déi vum Coiffer. Elo kann ee sech d'Fro stellen, firwat dat de Mënschen iwwerhaapt esou wichteg ze si schéngt. Eng kleng philosophesch Reflexioun vun der Pascale Worré.

auto_stories

5 min

De Confinement huet eis all a ganz villen Hisiichten ageschränkt, mir konnten a kënne villen Aktivitéiten net méi nogoen an och bestëmmten Déngschtleeschtunge waren oder si fir eis fir e gewëssenen Zäitraum net verfügbar.

Sou hu mer fir eis och selwer mat der Zäit erausfonnt, wat eis méi schwéier fält, wat manner a wat mer awer fir eis als wichteg definéiert hunn. De Confinement huet eis deemno op eng bestëmmte Manéier vill iwwer eis selwer verroden, wat eis vläicht nach net esou bewosst war an huet eis och e Spigel virun Ae gehalen.

Fir beim Spigel ze bleiwen, esou hu mer dann och musse feststellen, datt eis Hoer och a Krisenzäite weider wuessen, méi gro oder wäiss ginn, an d'Frisur einfach net méi setzt. Elo kann een natierlech zu Recht soen, datt dat jo grad an enger Gesondheetskris total onwichteg ass, datt ee soll frou sinn, wann een gesond a monter ass. An ausserdeem ass ee jo doheem, et gesäit jo da keen et.

An awer, all déi Woche war dat reegelméisseg e Sujet an de Medien, sou datt een doraus ka schléissen, datt et d'Leit jo dann trotzdeem iergendwéi beschäftegt huet am Alldag. Divers Beiträg a Commentairen am Radio hunn dat Theema opgegraff, Tutorials fir seng Hoer selwer an de Grëff ze kréie sinn op Sitte ronderëm gaangen. Och ass an de sougenannte Livetickeren an Artikelen ëmmer erëm de Coiffer extra ernimmt ginn oder et ass fett gedréckt gewiescht an enger Meldung. An esouguer Politiker hu sech iwwer hir Hoer, déi net méi ze bändege sinn, geäussert.

Firwat sinn eis d'Hoer esou wichteg?

Elo kann ee sech d'Fro stellen, firwat dat ville Leit iwwerhaapt wichteg ze si schéngt, wéi hir Hoer sinn. Ech stellen dozou elo mol e puer Froen an de Raum a probéieren eng Äntwert drop ze sichen.

Kann et sinn, datt eis Hoer, respektiv eis Frisur, eng Aart Spigel vun eiser Perséinlechkeet ass? Dat heescht, wëlle mir eisem Ëmfeld an eise Matmënschen domat eppes iwwer eis selwer, eis Stëmmung oder eis Liewensastellung matdeelen? A firwat fillt ee sech iergendwéi onwuel, wann een net mat sengen Hoer zefridden ass, oder d'Frisur komplett verhonzt gouf?

Do kann een emol fir d'éischt soen, datt mir jo u sech scho mat enger bestëmmter Veranlagung op d'Welt kommen. Ob mir mat brongen oder blonden, gekrauselten, glaten, décken oder dënnen Hoer gebuer ginn, läit net an eiser Hand. An och als Kand krute mir vun eisen Elteren eng Frisur verpasst, mat där mir eis haut wuel éischter net méi op d'Strooss géifen trauen.

Mee vun engem bestëmmten Alter un hu mir ëmmer méi selwer iwwer eis Frisur, awer och allgemeng iwwer eise Look, bestëmmt. An och hu mir d'Méiglechkeet eis Hoerfaarf, d'Längt oder d'Frisur zu all Moment ze änneren oder no eisem Goût ze gestalten, eben dank dem Coiffer oder dem grousse Choix u Produiten, déi mir kënnen an Drogerien an am Supermarché kafen.

De kollektiven Aspekt

Éier ech elo op de reng individuellen Aspekt vum Ausdrock vun der Perséinlechkeet aginn, kucke mer eis fir d'éischt nach dee méi kollektiven Aspekt un, obwuel béides natierlech enk zesummenhänkt. Gemengt ass hei, datt ee sech opgrond vu sengem Look, dat heescht der Frisur, awer och dem Kleedungsstil, mat enger bestëmmter sozialer, kultureller oder politescher Gruppéierung identifizéiert an dës Liewensphilosophie, Liewensastellung oder e Protest géint eppes op déi Manéier zum Ausdrock bréngt. Hei kann ee ganz vill Beispiller nennen: D'Punk-Beweegung mat de faarwegen Irokesefrisuren, d'Hippie mat de laangen Hoer a mam Flower Power Look oder déi extrem riets Zeen mat de Glatzen.

Natierlech sinn esou Kategoriséierungen heikel, well doduerch och geschlechterspezifesch Klischeeën a Virurteeler entstoe kënnen. Ass e Mann mat laangen Hoer automatesch en Hippie? Oder een, dee sech säi Kapp kal raséiert en Neonazi? A mussen e Mann kuerz Hoer, eng Fra laang Hoer hu fir männlech respektiv weiblech ze sinn? Oder ass eng wëll Hoermähn e Symbol fir Männlechkeet? Dat alles ass sécherlech net de Fall. An trotzdeem. De Mënsch orientéiert sech am Alldag staark um opteschen Erscheinungsbild vu senge Matmënschen, an dëst bestëmmt och mat, wie mir sympathesch oder interessant fannen a wie mir éischter meiden. Oder wien eis interessant fënnt oder e grousse Bou ronderëm eis mécht.

Den Afloss vun der Frisur

Mee erëm zeréck zu der eenzeler Persoun a senger Frisur. A wéi wäit huet d'Frisur en Afloss op eist alldeeglecht Wuelbefannen? Ganz banal kann ee mol scho soen, datt et och eng Saach vun Hygiène ass, woubäi et jo awer en Ënnerscheed gëtt tëschent ongefleegt oder net propper sinn an emol e sougenannten "Bad Hair Day", respektiv am Confinement e puer "Bad Hair Weeks" ze hunn. Interessant ass, datt et iwwerhaapt eng extra Bezeechnung gëtt fir esou en Dag.

Mee et geet awer iwwer de rengen hygieneschen Aspekt eraus. Well esouguer wann een eleng ass an net virun d'Dier geet, schéngt et awer eng Partie Leit ze stéieren, wann hir Hoer hinnen net gefalen. Sief et well se engem op emol ze laang sinn, gro ginn oder souguer, wa se net hir gewinnte Mise en plie eemol d'Woch gemaach kréien. Mee firwat net einfach eis Hoer wuesse loossen, se gro oder wäiss gi loossen? Et wier jo awer natierlech, oder net? Firwat brauche mer e propperen Hoerschnëtt oder wëlle mer per Force eis gro Hoer oder eis Naturfaarf verstoppen? Oder ëmgedréit, firwat net einfach eis Hoer ewech raséieren? Géife mer dann net och op eng bestëmmte Manéier eist richtegt, plakegt Gesiicht weisen?

Hei kéint een elo eventuell soen, datt mir eis hanner enger Frisur respektiv engem Image verstoppen. Mer wëllen e bestëmmtent Bild no baussen ofginn, eppes Bestëmmtes fir eis Matmënsche verkierperen. Allerdéngs kéint een och do elo grad de Contraire soen. Vläicht wëlle mer jo awer grad duerch eis Frisur eis Individualitéit betounen. An dat mat allem, wat dozou gehéiert, wéi eise momentane Stëmmungen, Usiichten, perséinlech Entwécklungen oder Erliefnesser. Esou datt d'Frisur e Stéck dozou bäidréit, sech selwer ze sinn a sech esou no baussen auszedrécken.

Mee soit, wat och ëmmer elo zoutrëfft, de grousse Moment ass endlech komm: mir däerfen erëm bei de Coiffer goen. A wie weess, vläicht huet deen een oder aneren jo op dem Wee ganz nei Säiten u sech entdeckt, déi sech dann elo iwwer déi nei Frisur och bemierkbar maachen. Also Kapp héich!