Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Corona" ass d'Wuert vum Joer

Lëtzebuerger Sprooch

"Corona" ass d'Wuert vum Joer

"Corona" ass d'Wuert vum Joer 2020 zu Lëtzebuerg. Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch hat ufanks Dezember en Opruff gestart fir eng alleréischte Kéier e Wuert vum Joer zu Lëtzebuerg ze sichen. Knapp 500 Maile mat ronn 540 Propose goufen dunn tëschent dem 8. an dem 15. Dezember agereecht. Aus dëse Proposen huet e Jury, an deem ënner anerem de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, de Marc Barthelemy, an d'Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, d'Myriam Welschbillig, souzen, Corona als Wuert vum Joer zeréckbehalen.

auto_stories

2 min

De Choix vum Jury, deen am Ganzen aus fënnef Membere bestanen huet, ass ee mat deem den Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, de Luc Marteling, aus direkt zwee Grënn gutt liewe kann:

"D'Resonanz op d'Sich no engem Wuert war ganz grouss. Ech war och iwwerrascht vun der Vilfalt vun de Proposen, natierlech mam Schwéierpunkt op der Pandemie an de Choix vum Jury entsprécht, mengen ech, der Tatsaach, datt "Corona" d'Wuert vum Joer ass. Ganz flott fannen ech awer och d'Begrëffer, déi op d'Plazen zwee bis fënnef komm sinn, well een do lëtzebuergesch, franséisch an englesch Wierder fënnt, wat eisem Sproochgebrauch entsprécht."

Op den Éiereplazen hu sech d'Wierder #bleiftdoheem, Heibleifskärchen, Lockdown respektiv déi franséisch Versioun Confinement an d'Geste-barrièrë klasséiert.

"Corona" war omnipresent

Amplaz vu Corona hätt och de Begrëff Covid-19 kënnen d'Wuert vum Joer ginn, et gouf awer gutt Argumenter, d'Variant Corona zeréckzebehalen, Luc Marteling:

"D'Argumenter vun de Leit kennen ech net, mee si hu Corona vill méi dacks proposéiert wéi Covid-19. Dobäi kënnt, datt Corona e Wuert ass, wat een einfach weiderverwäerte kann, andeems ee Saachen drunhänkt. Et war einfach och vun haut op muer do an et gëtt vill konkret Argumenter fir dee Choix ze beleeën."

Esou omnipresent wéi d'Wuert Corona an dësem Joer war, esou pregnant ass awer och de Wiessel vu senger Bedeitung am Laf vun de leschte Méint. Wann ee fréier mat enger Corona, de Kranz ronderëm d'Sonn bei enger Sonnendäischtert, eng Hickecht vu Leit oder nach e Béier bezeechent huet, esou ass de Sënn vun der Krankheet an dësem Joer bei d'Wuert Corona dobäikomm, wat de Jury a senger Argumentatioun fir d'Wiel zum Wuert vum Joer och ënnerstrach huet.

Nom grousse Succès, deen d'Aktioun vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an dësem Joer hat, steet enger neier Sich no engem Wuert vum Joer 2021 näischt an de Féiss, seet dem Direkter vum ZLS Luc Marteling:

"Ech freeë mech schonn doropper an hunn d'Hoffnung, datt da méi Theemen a Fro kommen, datt d'Sich net grad esou monotheematesch gëtt, an datt mir d'nächst Joer net just iwwer de Virus an d'Pandemie géinge schwätzen."