Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Conspiratiovirus?

Prisma

Conspiratiovirus?

Stierft d'Mënschheet aus? Brécht eise wirtschaftleche System zesummen? Ass de Virus eng Biowaff vu China? Oder vun den Amerikaner? Sinn et d'Illuminati? Ass et eng Verschwörung? Verwirrung ass e gudden Nährbuedem fir Conspirationisten. Mee firwat? A wéi soll een domat ëmgoen? Den Thomas Koenig freet sech, firwat de Coronavirus a Conspiratiounen esou gutt beieneen passen.

auto_stories

6 min

De Philosoph Thomas Koenig. Foto: Archiv

Stellt Iech emol vir, Dir hutt esou Är Routine. Zum Beispill gitt Dir owes virum Schlofen nach eng op de Balcon fëmmen. An deem Moment entspaant Dir vläicht e bëssen an denkt net un d'Aktualitéit. An da fält Iech op, datt Dir den Trafic net héiert. Oder datt de Ballet vun de Fligeren, déi den Nuetshimmel normalerweis mat Radau fëllen, och verstommt ass. An da fält Iech an, datt muer keen normalen Dag wäert sinn, mee ee weideren Dag, deen och erëm ënner dem Zeeche vum der Pandemie steet.

Dat heescht, datt een zwar vläicht am Alldag nach seng Routine kann hunn. Mee dat heescht awer och, datt den Alldag grad alles anescht ass, wéi ebe Routine.

An egal wou Dir hikuckt, egal ob o der Tëlee, an de Medien am Allgemengen, oder am Internet, et gëtt quasi just nach iwwer d'Pandemie geschwat.

Vill Leit schwätze vill doriwwer. Vill Leit ginn hire Pefferkär dozou of. Si kritiséieren. Oder si wëssen et besser. Oder si stelle rhetoresch Froen. An d'Zuele klamme weider a weider. All Dag nei Fäll, an nei Doudeger.

Bref, op där enger Säit Kakophonie. Op där anerer näischt wierklech Beonrouegendes.

Conspirationitis

Et gëtt am Moment also gutt Grënn, fir beonrouegt ze sinn. Oder fir Angscht ze hunn. Dat ass normal.

De Mënsch huet Angscht virun deem, wat hien net kennt. An de Coronavirus stellt eis viru vill Froen. A viru vill Onsécherheeten. An dovu profitéieren dann d'Verschwörungstheoretiker. Oder verschidde Regierungen.

An elo grad gëtt et esou vill Méiglechkeeten, Verschwörungen ze gesinn. Zum Beispill gëtt et do Leit, déi mengen, de Virus wier eng Erfindung, fir eis hei am Westen all ëmzebréngen, fir datt mer duerno ersat kënne ginn duerch Net-Europäer. Wann et net d'Flüchtlinge sinn, dann ass et eben e Virus.

Et gëtt och een net ganz esou erfolleglose brittesche Conspirationist, dee säi Geld domat mécht, d'Leit iwwer d'Illuminati opzeklären. D'Illuminati - op alle Fall a senger Variant - sinn anthropomorph Echsen-Wiesen, déi d'Mënschheet als Véi halen. Eis Regierunge bestinn net aus Mënschen, mee angeblech aus deenen Echsen-Wiesen. A wa se Honger hunn, da passéiere Kricher. Oder eben eng kleng Pandemie. Dat ass dann de Pretext dee geholl gëtt, fir den Doud vun esou ville Mënschen ze erklären.

Anscheinend kann et awer och sinn, datt mer duerch Handy-Stralen de Virus kënne kréien. Oder de Virus soll a Wierklechkeet net vun engem Maart kommen, mee aus engem Labo zu Wuhan entflu sinn. Oder de Virus ass eng Biowaff, mat där d'Bevëlkerung kontrolléiert soll ginn. Oder et ass e Pretext, fir d'Leit ze zwéngen, geimpft ze ginn. Oder fir datt eis Demokratië kënnen an Diktature verwandelt ginn.

An esou weider, an esou fort. An dat do si lo just e puer Beispiller ënner villen.

Propaganda

Et gëtt awer och gutt Noriichten! Verschidde Regierunge profitéieren nämlech vun der Situatioun, fir hir Agenda am Internet duerchzesetzen.

Sou gëtt an den USA behaapt, de Virus wär eng chinesesch Biowaff. China dogéint ënnerstëtzt de Message, datt de Virus aus den USA kéim. Oder datt China fräiwëlleg a gratis dem Rescht vun der Welt géif hëllefen. Mir si jo anscheinend net fäeg, eis selwer ze hëllefen. Interessant sinn och déi Messagen, datt et innerhalb vun der EU absolut keng international Form vu Collaboratioun oder Solidaritéit soll ginn.

Soit, dat heescht, et gëtt op där enger Säit Leit, déi hir Storye verkafen, aus wéi engem Grond och ëmmer, zum Beispill, fir Geld ze maachen. Op där anerer Säit gëtt et Regierungen, déi vum allgemenge Chaos profitéiere fir hir Agenda duerchzesetzen. Propper Propaganda eben. Et ass scho bal berouegend ze gesinn, datt esouguer wärend enger Pandemie Desinformatioun a Verwirrung weiderhi verspreet ginn.

Mee firwat kafen d'Leit dee Blödsinn iwwerhaapt of?

Big Brother is Helping ... or Misleading You

De Mënsch ass e Wiesen, dat net gutt mat Angscht ëmgeet. An och net onbedéngt ëmmer mat No-Denken. Kognitiv elaboréiert Gedanke sinn ustrengend, a vläicht och net jiddwerengem zougänglech.

An dee Moment, wou mer d'Gefill hunn, datt iergendeen do ass, deen d'Situatioun ënner Kontroll huet, kann dat berouegend sinn.

Wann zum Beispill de Virus eng Biowaff wier, da géif dat mir jo erlaben, dovun auszegoen, datt e Plang hanner der Pandemie stécht. Wann de Virus en Instrument vun hypotheteschen Illuminati wier, soit, dat ass jo dann och ok, well dann ass jo alles ënner Kontroll. Vläicht net fir mech, a sécher net fir déi Infizéiert. Mee wien dat gleeft, deen huet dann eng Erklärung fir säi Weltbild.

Datt déi Erklärung absolut lächerlech ass, an engem Fakten-Check vun, soe mer, e puer Sekonnen, net géif Stand halen, ass egal. Haaptsaach eng Erklärung.

Wei de Cäsar scho sot, d'Leit gleewen eben dat, wat si gleewe wëllen.

D'Alternativ ass net wierklech flott. Wann d'Pandemie e Phenomeen ass, dee keen ënner Kontroll huet, wat géif eis dat weisen? Datt mer keng Kontroll hunn. Datt e Mënscheliewen, trotz allem Fortschrëtt, séier och fort ka sinn. Datt mer keng Kontroll iwwer eist Liewen hunn. Datt déi Leit, déi mer gär hunn, all Moment stierwe kënnen. Kuerz, et hält eis e Spigel dohin. An an deem Spigel gesi mer déi ganz Vergänglechkeet an Absurditéit vun deem Liewen, dat mer féieren.

Mir liewen an enger Gesellschaft, an där mer eis géint all Blödsinn verséchere kënne loossen. An där ee laang soll liewen. An där ee keng domm Risike soll agoen. An där ee sech a Sécherheet ka fillen. An dat kann zum Gefill féieren, datt een a Sécherheet ass.

An et ass net flott, wann een eis Sécherheeten a Fro stellt.

Léisungen?

Gutt, wat maache mer dann elo domat? Et gëtt villes, wat onsécher ass. All Dag kommen néi Fakten zum Virus derbäi. An d'Léisung läit och net just doran, informéiert ze sinn.

Mee wa mer veronséchert sinn, wéi solle mer domat ëmgoen? Et gëtt verschidde Méiglechkeeten. Dat éischt ass wuel, sech selwer anzegestoen, datt een Angscht huet.

Da kéint een zum Beispill bei d'Stoiker kucke goen. Mir hu vläicht keng Kontroll iwwer d'Pandemie. Ok. Mee mir hunn eng Kontroll iwwer eis Gedanken an zu engem gewëssen Deel och iwwer eis Gefiller. Dann ass d'Fro, wat maachen ech, fir net dorun ze denken? An do ass d'Äntwert einfach. Sech just bewosst informéieren, keng Commentairen online liesen, a sech op Saache konzentréieren, déi ee glécklech maachen. An anere Wierder, sech net onnëtze Reizer aussetzen.

D'Saach eben mat Philosophie huelen. Dat heescht net just, datt Dir Iech e Philosophie-Buch sollt undoen, mee éischter, datt Dir sollt philosophéieren. Schwätzt mat de Leit. Oder maacht et esou, wéi den Gilles Retter am Prisma vun der leschter Woch: Iwwerleet, wat mer maachen kënnen, fir no der Kris d'Situatioun ze verbesseren. Oder fir d'Zukunft ze gestalten. Lo ass et jo am Fong eng gutt Geleeënheet dofir.

Well och, wa mer d'Pandemie net ewech zaubere kënnen, heescht dat net, datt mer guer näischt maache kënnen.